Nom Rapport „Faits & Chiffres 2013“ huet d'Äerzdiözes elo en neie Flyer erausgi mat den Eckzuelen zur Diözes op de leschten Dezember 2013. An de Rubriken „Vie de l'Eglise“, „Autres chiffres clés 2013“, „Organisation territoriale“, „Bénévolat“, „Personnel“, „Enseignement religieux“ a „Finances“ goufen d'Kärzuele fir dat vergaangent Joer kuerz an iwwersichtlech zesummegedroen. Och wann Zuelen eleng net alles soen, kritt een hei op ee Bléck en Abléck an d'Schaffe vun der Kierch, hire Collaborateuren an dausende Bénévolen. Den Détail mat allen Zuelen, Linken zu den eenzelne Schlësselwierder an den Dépliant als PDF fannt Dir en annexe.
↧
D'Kärzuele vun der Kierch op ee Bléck
↧