Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Sonndesmass gëtt aus der Hellig-Kräiz-Kierch va Stackem iwwerdroen

$
0
0

D'Radiosmass gëtt de 14. September aus der Hellig-Kräiz-Kiirirch va Stackem/Klierf am schéinen Éisléck iwwerdroen.

Op dësem Sonndig gëtt enger aler Traditioun no zu Stackem eng kleng Kirmes gefeiert, an déi ass mat enger aussergewéinlicher Zeremonie no der Mass verbonnen, nämlich enger Hingerstee zugonste van der Stackemer Kiirirch. Des apaart Stee ass eenzigartig am Land an dofir ass jiddereen häerzlich ageladen, mol eng Kéier op dëser spektakulärer Stee derbäi ze senn. Mee et wiir och flott, wann eis kleng, heemlich Kiirich dee Moien gutt gefëllt wiir mat Mënschen, déi gären enger Sonndesmass bäiwanen.

Et gëtt ee flotte Programm zesammegestallt. D'Mass gëtt gesanglich encadréiert vam Stackemer Chouer mat der Verstäerkung van de Kollegen aus dem vereenigte Chouer Béigen-Lëllgen-Stackem, musikalisch gëtt déi Mass vam Organist Luc Reff begleet. D'Direktioun hat dest Joer den Dirigent Tony Schaack iwwerholt an de Stackemer Organist Pierre Boever duäref mol eng Kéier am Chouer mat sangen.

Van dëser Plaz aus geet ewer och ee grousse Merci an den Här Paschtouer Michel Bock, deen ëmmer dofiir suärigt, datt zu Stackem all sonndes moies ëm 09 Auer eng Mass gefeiert ka ginn, grad sou wéi an den anneren Diärfer aus senger Porgemeinschaft, sief dat samsdes owes oder sonndes moies.

Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréeSonate in AW.A. Mozart
Agangslidd Erster Tiroler Bergmesse – Herr der WeltenJoachim Mayer
Kyrie Messe zu Ehren des hl. KreuzesPierre Boever
Gloria Tiroler Bergmesse – Preis und Ehre Gott dem HerrnJoachim Mayer
Zwischengesang Tiroler Bergmesse – Fest wie die Berge steht dein WortJoachim Mayer
Alleluja AllelujaJean-Paul Lecot
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Tiroler Bergmesse – Wir weihn der Erde GabenJoachim Mayer
Sanctus Tiroler Bergmesse - Heilig, HeiligJoachim Mayer
Anamnèse Laudate Dominum: Jesus ChristusNo. 270
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Tiroler Bergmesse – O Lamm GottesJoachim Mayer
KommiounsliddL'amour comme une flammeJo Akepsimas
SchlussliddLaudate Dominum: Heiliges KreuzNo. 446
Uergel: SortieRaeludium in EPachelbel

Chouer: Béigen, Lëllgen, Stackem
Dirigent: Tony Schaack
Organist: Luc Reff


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles