Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Sonndesmass gëtt aus der Porkierch vu Kéinzig iwwerdroen

$
0
0


D'Sonndesmass gëtt de 26. Oktober aus der Porkierch vu Kéinzig iwwerdroen.

Wann de Gesank zu Kéinzig och schonns eng laang Traditioun huet, da krut en dach eréischt den 2. Dezember 1966 mat der Grënnung vun der Chorale Sainte-Cécile, deemools e Männerchouer, en offizielle Kader. De Chouer gouf ënnert dem deemolege Paschtouer an och éischte President Henri Treff gegrënnt.

Am Joer 1980, ënnert der Féierung vum Dirigent André Delvaux, gouf aus dem Männerchouer e gemëschte Chouer. Déi 15 Sänger kruten Ënnerstëtzung vun 20 Dammen. Haut zielt de Veräin 17 aktiv Sänger.

No der Demissioun vun hirem laangjäregen Dirigent André Delvaux (vun 1980 bis 1983 a vun 1989 bis 2010) huet hiren Organist Laurent Peters déi Aufgab och nach iwwerholl.

Niewent de kierchleche Feiere ginn och weltlech Concerte gesongen. Esou zum Beispill e Sonndeg, den 23. November um 17 Auer, zesumme mat der Harmonie Clemency am Kéinziger Festsall fir d'Cäciliefeier.

President ass de Marc Wolff, Caissière d'Vera Haas-Gelejinsky a Sekretär de Claude Wolff.

Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréePrélude en Fa MajeurJ.-S. Bach
Agangslidd Cantate DominoAbbé Belliard
Kyrie Messe Chin ChayanJean-Marie Kolly
Gloria Messe Chin ChayanJean-Marie Kolly
AllelujaAlleluia RoundWilliam Boyce
Credo gëtt gebiet
Gowelidd Let us break breadNegro Spiritual
Sanctus Messe Chin ChayanJean-Marie Kolly
Anamnese Christ est venuWackenheim
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Messe Chin ChayanJean-Marie Kolly
KommiounsliddTrumpet Concerto en Mi b Maj., 2. SatzJ. Haydn
SchlussliddDie Himmel rühmenL. v. Beethoven
Uergel: SortieMarche solennelleF. Mendelssohn-Bartholdy

Chouer: Chorale Sainte-Cécile Clemency
Dirigent: Laurent Peters
Organist: Jean-Claude Thilges


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles