Luet Iech gratis d'Äpp vun der Kierch erof.
Dir fannt an der Äpp vun der Kierch: D'Texter vum Dag a verschidde Sproochen;
Den Agenda vum Bistum oder vun Ärem Porverband;
Gottesdéngschter - siichtbar no Porverband, Uertschaft oder Geolocalisatioun;
Nei Säiten um Web vum Bistum oder vun Ärem Porverband;
De liturgesche Kalenner vun elo bis an d'Joer 2035;
Den elektroneschen Annuaire vum Bistum;
Gebieder a verschidde Sproochen.
Den Interface ass op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch, Portugisesch an – elo nei – och op Englesch.