
Am Summer 2016 invitéiert de Popst François Jonker aus der ganzer Welt op d'„Journée Mondiale de la Jeunesse“ (JMJ) zu Krakau (Polen). D'Participatioun un der JMJ ass fir vill Jonker e feste Rendez-vous ginn, an och 2016 wäerte sech nees Jonker aus Lëtzebuerg wäerte sech nees op de Wee maachen, fir un dësem grousse Rassemblement deelzehuelen.
Den Thema vun der JMJ ass „Selig die Barmherzigen; denn sie werden Erbarmen finden“ (Mt 5,7). Fir d'Responsabel, déi déi Jonk begleeden, an hirer Aufgab ze ënnerstëtzen, organiséiert d'Euregio eng Virberedungskonferenz fir d'JMJ. Ënnert anerem geet et op der Konferenz ëmt eng theologesch Approche un den Thema vun der Barmhäerzegkeet. An Atelierën ginn awer och praktesch Impulser ugebueden, wéi een sech mat Jonken op d'JMJ préparéiere kann.
D'Virberedungskonferenz fënnt vum Freiden, 6. bis e Sonnden, 8. Februar am Centre Jean XXIII an der Stat statt. Invitéiert sinn all Responsabel, déi Jonker op d'JMJ begleeden.
Weider Informatiounen ginn et um Umellungsziedel.