Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Informatiounen zur Assisi Wallfahrt

$
0
0

Och dëse Summer mécht eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich sech mat Jonken op de Wee. Dës Kéier geet et op de Spuere vum Franz vun Assisi op Assisi an Italien.

Op de Spuere vum Franz vun Assisi

Pilgerfahrt fir Jonker vum 17. - 31. Juli 2015

Och dëse Summer mécht eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich sech mat Jonken op de Wee. Dës Kéier geet et op de Spuere vum Franz vun Assisi op Assisi an Italien.

Op de Spuere vum Franz vun Assisi: dat heescht sech op de Wee maachen, op ee Pilger­wee maa­chen. Dëst kann een op 2 Manéiere maachen: am Goen an am Vëlo­fueren.

Déi éischt Woch si mer opgedeelt an ee puer Gruppen, déi sech vu Norden a Süden op de Wee maachen, fir no enger Woch zesummen zu Assisi unze­kommen.

Zu Assisi ass dann Zäit, dat Erlieften ze ver­schaffen, an d'Déift ze goen an sech mat Assisi, mam Franziskus a sengem Message auser­naner ze setzen.

Op eiser Rees geet et drëms, fir sech op dat einfacht Liewen anze­loossen. Dobäi kann ee ganz direkt spieren, wat am eegene Liewe wierk­lech wichteg ass, wat een dréit a wat ee vläicht dovun of­lenkt. Wien sech dobäi op d'Sich mécht, kann ent­decken, wou Gott sech a sengem Liewe weise wëllt.

Programm:
De Programm vun der Rees ass of­wiesslungs­räich:

  • Déi éischt Woch si mer ënner­wee a Richtung Assisi. Um Wee gëtt et vill ze ent­decken. Interessant Uert­schaften, Plazen, op deenen de Franziskus passéiert ass. Beim Trëppelen ass Zäit fir d'Kollegen an d'Kolleginne besser kennen­ze­léieren, sech mat ver­schiddene Froen ze be­schäftegen.
  • Wat huet dat mat mengem Glawen ze dinn? An der per­séinlecher Re­lecture an an der regel­méisseger Feier vun der Mass versiche mir op de Ruff vu Gott ze lauschteren.
  • Tëschen­duerch gëtt et ëmmer nees Momenter, wou mir äis er­huelen an déi eng oder aner touristesch Attraktioun er­liewe wäerten.

Praktesch Informatiounen:
Alter: Dës Rees ass fir Jonker a jonk Er­wuessener vu 15 Joer un. Wie méi jonk ass an awer deel­huele wëllt, soll sech w.e.g. beim Uwe Franzen mellen.

Datum:
Départ ass de 17. Juli um 19 Auer um P&R Howald. Retour ass den 31. Juli géint 20 Auer.

Präis:
D'Participatioun un der Rees kascht 650 Euro. Déi tat­sächlech Käschte leien awer méi héich. Jiddereen dee kann, ass dofir häerzlech invitéiert nieft den 650 Euro och en Don un d'Fondation Sainte Irmine fir de Projet „Assisi 2015“ ze maachen. De Service de la Pastorale organiséiert bis de Summer eng Rei vun Aktivitéite fir Suen ze sammelen, z. B. e Spende­laf, eng Auto-Wäsch-Aktioun, de Ver­kaf vun Iessen a Ge­drénks virun engem Super­marché. Duerch säi per­séin­lechen Asaz huet hei jiddereen d'Ge­leeën­heet, fir esou en Deel zum Gesamt­präis vun der Rees bäi­ze­droen.

Preparatioun:
Wien un dëser Rees deelhuele wëllt, engagéiert sech och, fir un der Preparatioun deelzehuelen. Zur Preparatioun gehéieren:

  • Participatioun un der Schlussprëssessioun vun der Oktav, den 10. Mee 2015
  • e Weekend vu sonndes, de 24. Mai bis dënschdes, de 26. Mai 2015 (mat Participatioun un der Sprangprëssessioun)

Umeldung:
bis den 1. Mee 2015 mam Formulaire op der Récksäit vum Flyer an dem Iwwerweise vu 300 € op de Kont:
CCPLLULL IBAN LU49 1111 0036 5061 0000
De Rescht vum Betrag ass fir de 15. Juni 2015 ze bezuelen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles