Och dëse Summer mécht eisen Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich sech mat Jonken op de Wee. Dës Kéier geet et op de Spuere vum Franz vun Assisi op Assisi an Italien. Op de Spuere vum Franz vun Assisi: dat heescht sech op de Wee maachen, op ee Pilgerwee maachen. Dëst kann een op 2 Manéiere maachen: am Goen an am Vëlofueren.
Déi éischt Woch si mer opgedeelt an ee puer Gruppen, déi sech vun Norden a Süden op de Wee maachen, fir no enger Woch zesummen zu Assisi unzekommen. Zu Assisi ass dann Zäit, dat Erlieften ze verschaffen, an d'Déift ze goen an sech mat Assisi, mam Franziskus a sengem Message ausernaner ze setzen.
Op eiser Rees geet et drëms, fir sech op dat einfacht Liewen anzeloossen. Dobäi kann ee ganz direkt spieren, wat am eegene Liewe wierklech wichteg ass, wat een dréit a wat ee vläicht dovun oflenkt. Wien sech dobäi op d'Sich mécht, kann entdecken, wou Gott sech a sengem Liewe weise wëllt.