Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Sonndesmass gëtt aus der Dekanatskierch vu Käerch iwwerdroen

$
0
0

D'Chorale Sainte Cécile Käerch séngt d'Sonndesmass um Fest vun der Helleger Famill

Virlag vum Fändel vun der Chorale, gemoolt vum Paschtouer Francis Felten

Am Joer 1949 gouf den heitege Gesank an d'Liewe geruff a krut seng éischt Statuten. Et war e Männergesank a gouf als kierchlechen a weltleche Gesank gefouert. Am Joer 1968 koum eng nei Etapp am Käercher Gesank, an zwar ass dunn eng Chorale mixte entstanen. Säit 2008 huet de Käercher Gesank eng ganz enk a frëndschaftlech Zesummenaarbecht mat der Chorale Ell-Ruedt-Lannen.

Den éischten Dirigent war de Schoulmeeschter Emile Erpelding, gefollegt vun de Schoulmeeschteren Nicolay, Muller a Schonckert. 1971 gouf den Dirigentestaf vum François Glesener iwwerholl, deen onse Gesank bis haut nach wonnerbar leet.

Den éischte President war de François Jung an dat bis 1958. Duerno gouf den Eugène Frising zum President gewielt an huet vun 1964 bis 1971 och dirigéiert. 1977, no der Demissioun vum Eugène Frising, huet de Lucien Kremer als President d'Geschécker vum Veräin an d'Hand geholl. 1993 gouf onsen heitege President Fernand Lux gewielt.

Als Organisten hu gewierkt de Jean-Pierre Grethen, den Emile Thillges an de Vic Leclerc, deen dëst Joer säi 84-järege Jubiläum gefeiert huet.

D'Chorale Sainte Cécile Käerch, Giewel, Gëtzen a Wandhaff zielt haut 30 Memberen. Mir sangen d'Massen all Sonndeg, op de Fest- a Feierdeeg, op Hochzäiten a Begriefnisser. Och bei weltleche Geleeënheeten triede mer regelméisseg op a pake bei Parfester a soss Fester eng Hand mat un. Fir eis Patréinesch, d'helleg Cäecilia, ze feieren, gëtt e Familljendag ofgehalen. Eemol am Joer gëtt en Ausfluch organiséiert, an dertëschent treffe mer äis all Dënschden am Festsall zu Gëtzen bei eise Prouwen. Wann Dir Freed um Sangen hutt, da sidd Dir häerzlech wëllkomm.

Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréeChantons je vous prieJean-François Dandrieu
Agangslidd Gott wëllt haut an eis gebuer ginnGauntlett, Leyder
Kyrie Seigneur, prends pitiéMadeleine Dubé
Gloria Gloire à DieuMadeleine Dubé
Zwëschegesank D'Muttergottes knéit am StallWeisgerber, Gonner
nom Evangelium Gloria in excelsisarr. Peter Reulein
Credo gëtt gebiet
Gowelidd De Stär vu BethlehemHairstone, Arnoldy
Sanctus Saint est le SeigneurMadeleine Dubé
Anamnèse Nous attendons ta venue dans la gloireJacques Berthier
Doxologie Par lui, avec lui et en luiJacques Berthier
Vater unser gëtt gebiet
Agnus Dei Agneau de DieuMadeleine Dubé
KommiounsliddBerceuseLouis Vierne
SchlussliddD'Helleg NuechtAdams, arr. Jos Kinzé
Uergel: SortieOù s'en vont ces gais bergersClaude Balestre

Chouer: Chorale Sainte Cécile Käerch
Dirigent: François Glesener
Organist: Francis Lucas


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images

Trending Articles