
D'Sonndesmass gëtt den 19. Abrëll aus der Kierch vu Betzder iwwerdroen. D'Chorale Ste Cécile séngt ënnert der Leedung vum Fernand Scheller. D'Uergel spillt de Paul Wio. Méi iwwer de musikalesche Programm vun der Sonndesmass an de Replay fannt Dir hei.
Zënter 1948 steet eise Männerchouer am Déngscht vun der Par Ruedt/Syr a schafft och mat am Parverband “Widdebierg” an am gréissere Kader vum Dekanat Gréiwemaacher. Do huet eis 20 Mann staark Équipe sech engagéiert, fir e groussen Deel vun deenen nei ageféierten Dekanatsmassen, déi jiddfer Sonndegowend ëm 19 Auer an der Rieder Kierch gefeiert ginn, gesanglech ze begleeden. Och an de Senioremassen, déi uechter d'Jar nomëttes ëm 15 Auer fir di eeler Leit gehale ginn, wierke mer aktiv mat. Fir d'Duerf an d'Gemeng si mer ëmmer um Dill, wa mer gebraucht ginn.
En Héichpunkt am gesellschaftleche Liewe vum Veräin wäert dëst Jar de Besuch vum Schwäizer “Chœur mixte d'Épendes” aus dem Kanton Waadt ginn. Mat hinnen zesumme sange mer de 14. Mee ëm 19.30 Auer e Concert am Kultursall “Syrkus” zu Ruedt. Fir den 29. November ass eise beléifte “Basar mat Hierschtkascht” programméiert, dee mer zesumme mat de Guiden a Scouten vu Ruedt organiséieren.
D'Gesangprouwe ginn all Donneschdeg vun 20 bis 22 Auer ënnert der Leedung vun eisem ganz engagéierten Dirigent Fernand Scheller gehalen.
Wie Loscht um Sangen huet, ka sech op dëser Kontaktadress mellen:
Roby Kimmel, Tel. 77 03 58 oder 621 16 79 47 oder rkimmelemail.lu.
Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Prélude en la mineur | J.S. Bach |
---|---|---|
Agangslidd | Froh die Stunde, froh der Tag | Lorenz Maierhofer |
Kyrie | Missa brevis in F | Norbert Feibel |
Gloria | Missa brevis in F | Norbert Feibel |
Zwëschegesank | La joie du Seigneur – Halleluja-Kanon | L. Deiss, frei nach Händel |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Chantons la victoire | N.M.C.1997 |
Sanctus | Missa brevis in F | Norbert Feibel |
Anamnèse | gëtt gebiet | |
Vater unser | Notre Père | |
Agnus Dei | Missa brevis in F | Norbert Feibel |
Kommiounslidd | Pone luctum, sume vestem | Joseph Mohr |
Schlusslidd | Ouvrons grandes nos portes | G. Lefèbvre |
Uergel: Sortie | Prélude en fa majeur | J.S. Bach |
Chouer: Chorale Ste Cécile Roodt/Syr
Dirigent: Fernand Scheller
Organist: Paul Wio