Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Abraham, Mann voller Hoffnung

$
0
0

Lesung aus dem Buch Genesis (Gen 12,1-9)

D'Priedegt lauschteren


Download
Quell: wort.lu

Der Herr sprach zu Abram:
Zieh weg aus deinem Land, von deiner Verwandtschaft
und aus deinem Vaterhaus in das Land, das ich dir zeigen werde.

Ich werde dich zu einem großen Volk machen,
dich segnen und deinen Namen groß machen.
Ein Segen sollst du sein.
Ich will segnen, die dich segnen;
wer dich verwünscht, den will ich verfluchen.
Durch dich sollen alle Geschlechter der Erde Segen erlangen.

Da zog Abram weg, wie der Herr ihm gesagt hatte,
und mit ihm ging auch Lot.
Abram war fünfundsiebzig Jahre alt, als er aus Haran fortzog.

Abram nahm seine Frau Sarai mit, seinen Neffen Lot und alle ihre Habe, die sie erworben hatten,
und die Knechte und Mägde, die sie in Haran gewonnen hatten.
Sie wanderten nach Kanaan aus und kamen dort an.
Abram zog durch das Land bis zur Stätte von Sichem, bis zur Orakeleiche.
Die Kanaaniter waren damals im Land.

Der Herr erschien Abram und sprach:
Deinen Nachkommen gebe ich dieses Land.
Dort baute er dem Herrn, der ihm erschienen war, einen Altar.
Von da brach er auf zum Bergland östlich von Bet-El und schlug sein Zelt so auf,
dass er Bet-El im Westen und Ai im Osten hatte.
Dort baute er dem Herrn einen Altar und rief den Namen des Herrn an.

Dann zog Abram immer weiter, dem Negeb zu.

2. Oktavpriedegt

Här Äerzbëschof,
léif Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger,

„…geh in das Land, das ich dir zeigen werde“, sou fänkt an der Persoun vum Abraham d'Geschicht vum Härgott mat dem gleewege Mënsch un. De Mënsch, a ganz besonnesch de gleewege Mënsch ass um Wee: um Wee duerch d'Liewen, um Wee letztendlech an déi éiweg Heemecht, aus deeër och all Liewen entspréngt: d'Häerz vum Härgott selwer. „Wohin gehen wir?“, sou freet den Novalis, Dichter aus der däitscher Romantik, an hie gëtt sech selwer d'Äntwert: „Immer nach Hause!“

Wann an dësen 2 Woche Pilger aus dem ganze Land - an doriwwer eraus – sech op de Wee hei an d'Kathedral maachen, da stelle si zeechenhaft, konzentréiert, duer wat wesentlech eist Mënschsinn, eist Chrëschtsinn an eist Kierchsinn ausmicht: um Wee sinn.

Sech op de Wee maachen – als Mënsch

Ech perséinlech hunn dat Bild vum Mënsch als „homo viator“, als Mënschen um Wee, als Pilger ganz gär. Et kënnt schonn an der aler Philosophie fir, ass awer virun allem méi no bei äis vum chrëschtlechen Existenzialist Gabriel Marcel geprägt ginn. De Mënsch ass ënnerwee duerch d'Liewen, hie kritt zwar e Startkapital mat senge Prägungen duerch Famill an Heemecht mat, mä seng Perséinlechkeet ass ni einfach ofgeschloss, hien entwéckelt sech weider. Dat ass grondgeluegt a senger mënschlecher Fräiheet: hie kann sech op de Kräizunge vu sengem Liewen entscheeden, wat fir e Wee hien aschléit. Hien huet d'Méiglechkeet, awer zugläich och den Optrag an d'Verflichtung säi Liewen ze gestalten. Et ass fir mech eng Tragik, datt op deeër enger Säit déi grouss Majoritéit vun de Mënschen nach ni sou fräi war, wéi elo (z.B. Berufswahl, Ehepartner, etc.) awer sou wéineg der wierklech vun der déiwer Fräiheet profitéieren. Wéivill Mënsche loossen sech liewen, amplaz selwer ze liewen?

Mir awer si vum Schëpfer invitéiert, äis op de Wee ze maachen: eist Liewen ze gestalten, eise Charakter ze formen, äis op nei Situatiounen an op aner Mënschen anzeloossen. Eist Pilgere wëll äis soen: Mënsch, verschlof däi Liewen net! Maach dech op de Wee!

Sech op de Wee maachen – als Chrëscht

An der Apostelgeschicht gëtt dem Jesus seng Léier, respektiv déi jonk Kierch e puermol als „de Wee“, bzw. „de neie Wee“ (Apg 9,2; 19,9;22,4; 24,14.22) an als „Weg des Herrn“ (Apg 18,24) bezeechent. Als Chrëschten ass dat eise Wee: de Wee, dee Jesus net nëmme virgezeechent huet, mä och gaangen ass. De Wee vun de Séilegpreisungen, de Wee, deen och emol duerch den däischteren Dall vum Zweiwel an der Glawensnuecht ka féieren, de Wee deen op den Thabor féiert, awer och a Gethsemani ukënnt, de Wee op Golgotha an de begléckende Wee zréck vum eidele Graf. All dës Weeër gehéieren och zu eisem Liewen als Chrëscht. De Glawen ass keng Versécherung, mä Verheissung; e gëtt Hoffnung, ass awer kee Berouegungsmëttel. Sou wéi d'Geschicht vum Paschtouer a vum Rabbi et seet: Während engem Bibelkongress hu sech e Geeschtlëschen an e Rabbi en Zëmmer gedeelt. De Geeschtlësche seet: „Däerf ech d'Luucht nach ulossen, well ech liesen owes am Bett ëmmer e Stéck aus der Bibel, fir kënnen anzeschlofen“. –„Komesch“, äntwert de Rabbi, „wann ech owes nach an der Bibel liesen, da kann ech net méi schlofen!“

D'Opfuerderung un den Abraham, d'Sécherheet vun der Heemecht ze verloossen an opzebriechen an an dat Land ze goen, dat Gott him weise wäert, d'Opfuerderung also d'Abenteuer vum Glawen a vum Vertrauen an den Härgott ze woen, gëllt fir all Chrëscht. Virun 23 Joer um Virowend vum Dag, wou ech am Séminaire ugefaangen hunn, huet mäin Heemechtspaschtouer gesot: Lo heescht et och fir dech: „Zieh weg aus deinem Land, von deiner Verwandtschaft und aus deinem Vaterhaus in das Land, das ich dir zeigen werde.“ Mech begleet dee Saz zënterhier, an ech hu schonn oft dru geduecht, wéi Recht den Här Braun hat. Nofolleg vu Christus, geet nëmmen am Goen, am Opbriechen, net am sech bequem Ariichten oder am krampfhafte Festhalen. Och hei geet et also drëm a Bewegung ze bleiwen: net ze mengen de Glawenswee, kinnt äis net méi iwwerraschen.

Um Enn vun all Mass, gi mer op de Glawenswee geschéckt: Ite missa est, Gehet hin in Frieden, Allez dans la paix du Christ… Eise Pèlerinage well äis soen: Chrëscht, pass op, datt däi Glawen net aschléift! Maach dech op de Wee, och ënnerlech! Fro ëmmer rëm no Gottes Wëllen an dengem Liewen!

Hoffen, heescht um Wee sinn

Léif Schwësteren a Bridder: Spes Nostra! Eis Hoffnung! sou ass d'Thema vun dëser Oktav. Ze hoffen ass näischt aneschters, wéi um Wee ze sinn. Déi klassesch Theologie gesäit an der Hoffnung den Ausdrock vun der Existenzsituatioun vum Mënsch als geschichtlecht Wiesen. An déi Situatioun ass grad dat Um-Wee-Sinn, de status viatoris. Ënnerweesi bedeit positiv, datt ech en Zil hunn, wou ech hi wëll an zougläich negativ, datt ech nach net op dësem Zil ukomm sinn. Den däitsche Philosoph Josef Pieper schreift duerzou: „Diesem existenziellen «Noch-Nicht», das mehr ist als Nein und zugleich weniger als Ja, entspricht als sinnvoll zugeordnete menschliche Haltung weder die beruhigte Sicherheit des Habens noch die Resignation; es entspricht ihr allein die Hoffnung. Man könnte fast sagen, es sei nicht nur gut für den Menschen zu hoffen, sondern sein Dasein selber habe die Struktur der Hoffnung“ (J. Pieper, Hoffnung II. Theologisch; in HTHG I 702f.). Dat dréckt och dat Wuertspill vum réimesche Jurist a Politiker Cicero aus: Dum spiro, spero! (ad Atticum 9,11). Soulaang wéi ech otmen, hoffen ech!

De Mënsch deen hofft bleift ëmmer jonk, well en ënnerwee ass. Wien awer d'Hoffnung opgëtt aus Vermessenheet, well e mengt e wier schonn um Zil ukomm, dee behëlt sech wéi e Kand a wien se opgëtt aus Verzweiwelung, well e mengt et giff keen Zil fir hie ginn, de behëlt sech wéi en ale Pätter. Deen, deen hoffend um Wee bleift, ass jonk!

Net eleng um Wee – Kierch

Léif Schwësteren a Bridder, mir sinn net eleng op dësem Wee. D'Kierch als Ganzt ass d'Vollek Gottes um Wee: Die Kirche “schreitet zwischen den Verfolgungen der Welt und den Tröstungen Gottes auf ihrem Pilgerweg dahin” (14) und verkündet das Kreuz und den Tod des Herrn, bis er wiederkommt (vgl. 1 Kor 11,26) sou léiert Lumen gentium mat Reckgrëff op den hl. Augustinus. Grad dës Weegemeinschaft am Glawen, gëtt an eiser Oktavzäit besonnesch däitlech: „so schreitet Christus durch die Zeit, in seiner Kirche Pilgerkleid…“ heescht et an engem schéine Kierchelidd.

Mir sinn net eleng um Wee, well Christus als gudden Hiert äis viraus geet, jo méi nach, well hie selwer de Wee, d'Wourecht an d'Liewen ass. A mat äis geet Maria, eis Tréischterin. Si gréissen d'Chrëschte säit dem 8.Joerhonnert als „maris stella“, als Meerstern (wéi och mir um Ufank vun dëser Andacht gesongen hunn). Dat ass dee Stär, dee bei der Schëfffahrt um Mier Orientéierung gëtt.

Helleg Maria, Gottesmamm, Tréischterin am Leed, sou wéi Poopst Benedikt XVI. um Enn vu senger grousser Enzyklika iwwert d'Hoffnung et gemaach huet, bieden och mir haut zu dir: Heilige Maria, Mutter Gottes, unsere Mutter, lehre uns mit dir glauben und hoffen und lieben. Zeige uns den Weg zum Reich deines Sohnes. Stern des Meeres, leuchte uns und führe uns auf unserem Weg!

Jo féier äis um Wee, an encouragéier äis, ëmmer nees nei opzebriechen, wéi den Abraham, deem Zil entgéint, dat Gott eis weise wäert. Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images

Trending Articles