Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Teresa Sanchez: Nada te turbe

$
0
0

Lesung aus dem Brief des Apostels Paulus an die Römer (Röm 8, 22-27)

D'Priedegt lauschteren


Download
Quell: wort.lu

Brüder und Schwestern!

Wir wissen, dass die gesamte Schöpfung bis zum heutigen Tag seufzt
und in Geburtswehen liegt.
Aber auch wir, obwohl wir als Erstlingsgabe den Geist haben,
seufzen in unserem Herzen
und warten darauf, dass wir mit der Erlösung unseres Leibes
als Söhne und Töchter offenbar werden.

Denn wir sind gerettet, doch in der Hoffnung.
Hoffnung aber, die man schon erfüllt sieht, ist keine Hoffnung.
Wie kann man auf etwas hoffen, das man sieht?
Hoffen wir aber auf das, was wir nicht sehen,
dann harren wir aus in Geduld.

So nimmt sich auch der Geist unserer Schwachheit an.
Denn wir wissen nicht, worum wir in rechter Weise beten sollen;
der Geist selber tritt jedoch für uns ein mit Seufzen, das wir nicht in Worte fassen können.
Und Gott, der die Herzen erforscht, weiß, was die Absicht des Geistes ist:
Er tritt so, wie Gott es will, für die Heiligen ein.

4. Oktavpriedegt

Här Äerzbëschof,
léif Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger,

Fester soll ee feieren, wéi se falen. Dat gëllt besonnesch och fir Gebuertsdeeg a Jubiläen, ëm sou méi, wann et sech ëm ronn Gebuertsdeeg handelt. A sou feiert Spuenien, jo déi ganz Weltkierch dëst Joer de 500. Gebuertsdag vun der Teresa Sánchez de Ahumada y Cepeda, besser bekannt ënnert hirem Klouschternumm Teresa von Jesus oder Teresa vun Avila. Den 28.3.1515 kënnt si zu Avila op d'Welt an trëtt am Alter vun 20 Joer an d'Karmelitinneklouschter vun hirer Heemechtstad an. Si lieft do an engem „Mega-Klouschter“ mat bis zu 190 Schwësteren. Si huet vill gesondheetlech Problemer a fält esouguer während 3 Deeg an e koma-ähnlechen Zoustand, sou datt schonn hiert Begriefnes virbereet gëtt. Awer méi nach ass an hir eng ënner Onrou an eng Onzefriddenheet: d'gemeinschaftlecht an hir perséinlecht Liewe sinn hir net genuch op Gott an d'Gebiet ausgeriicht, mä si weess net sou richteg wéi a wat se soll änneren.

Am Alter vu 39 Joer, no 19 Joer Klouschterliewen, huet si dunn virun enger Statu vum leidende Christus eng ganz déif ënner Erfahrung, déi se doranner bestäerkt, Christus méi enk nozefollegen. Si schreift: “Es geschah..., dass ich plötzlich die Gegenwart Gottes spürte, und dass ich in keiner Weise daran zweifeln konnte, dass er in mir war, oder dass ich ganz in Ihm aufgegangen war” (Das Buch meines Lebens, 10, 1). Et ass eng zweet Berufung a vun deem Moment un lieft d'Teresa en anert Liewen. Si sicht nach méi bewosst, dat innert Gebiet als Frëndschaft mat Gott ze liewen: Meine Liebe und mein Vertrauen zum Herrn begannen sehr zu wachsen, als er sich mir zu erkennen gab als jemand, der jederzeit zu sprechen ist. Ich sah, dass Gott auch wahrhaft Mensch ist und sich über unsere Schwächen nicht entsetzt, sondern unsere elende, der Erbsünde unterworfene Verfassung von innen her versteht. Darum war er ja zu unserer Erlösung in die Welt gekommen. Man kann mit ihm umgehen wie mit einem Freund, wie sehr er auch der Herr bleibt. (…) O du mein Herr und Gott! Wir stehen ja schon fassungslos vor deiner majestätischen Herrlichkeit, aber noch viel fassungsloser macht uns deine Demut, mein Herr, und die Liebe, mit der du jemandem wie mir begegnest. Man kann sich mit dir einfach über alles unterhalten (Vida 37,6). Jo léif Pilgerinnen a Pilger, dat ass eng Hoffnungsbotschaft vun der hl. Teresa un äis: Gott huet ëmmer eng oppen Dier fir äis! Mat him kënne mer schwätzen, wéi mat eiser beschter Frëndin, eisem beschte Frënd. Aus dëser déiwer Bezéiung mat Christus, wiisst dann der Teresia hiert konkret Engagement.

Hire Wonsch, der Kierch grad duerch hiert Gebiet ze déngen an enger Zäit wou duerch d'Reformatioun vill Mënschen sech vun der kathoulescher Kierch trennen an am entdeckten Amerika vill Vëlker nach ni mam chrëschtleche Glawen a Beréierung komm sinn, weist, datt si sech net mat der Roll vun enger „Zuschauerin“ wollt zefridde ginn. Trotz hirer schwächelnder Gesondheet an hirer Stellung als Fra – mir si wäit ewech vun engem Gedanke vu Gläichberechtegung – fänkt si voll Energie hire Projet vun der Reform vun de Karmelitinnen an der Neigrënnung vu Karmelkléischter un. Si schreift duerzou: „ich entschied das ganz Wenige, das an mir lag, zu tun, und das ist, die evangelischen Räte mit aller Vollkommenheit, zu der ich fähig wäre, zu befolgen, und dafür zu sorgen, dass die paar Schwestern, die hier sind, das Gleiche täten“(Weg 1,2). Hir Matschwësteren an den nei gegrënnte Kléischter freet se keng Zäit ze verschwenden „damit wir nicht mit Gott über Geschäfte von wenig Bedeutung verhandelten”, während „die Welt in Flammen steht" (Weg 1,5). Am ganze wäert si 17 Kléischter grënnen an erreechen, datt de Poopst déi méi streng Uerdensregel unerkennt. Si, an den hellege Johannes vum Kräiz, deen sech em d'Reform vun de männleche Karmelite beméit, sinn dobäi awer och äusseren, wéi interne Verfolgungen ausgesat. Während 5 Joer däerf d'Teresa net no bausse wierken. An de Johannes gëtt souguer vu senge Matbridder an de Prisong gespaart. Si léisst sech awer net ënnerkréien a schreift souguer un de spuenesche Kinnek Philipp II. Mat Schäerft a Witz argumentéiert si do z.B. géint ee vun hire Géigner: „Es heisst dieser Mann sei Generalvikar geworden, und er muss sich dafür auch wirklich eignen, denn er versteht es wie kein zweiter, Märtyrer zu schaffen...“ Eréischt dräi Joer virun hirem Doud, de 4. Oktober 1582, ginn déi 2 Uerden definitiv getrennt, sou datt och déi reforméiert sech elo an aller Fräiheet entfale kënnen.

Léif Schwësteren a Bridder,

wat seet dës Fra äis haut 500 Joer no hirer Gebuert? Poopst Franziskus huet bei Geleeënheet vum Jubiläum un de Bëschof vun Avila geschriwwen: “So wie damals eröffnet die Heilige uns auch heute neue Horizonte und lädt uns zu dem großen Unternehmen ein, die Welt mit den Augen Christi zu sehen und zu suchen, was er sucht und zu lieben, was er liebt.”

Sou wéi d‘Teresa deemools an der Ëmbrochzäit vun der Koloniséierung vun Amerika a vun der Reformatioun gelieft huet, sou liewe mir och haut an enger Ëmbrochzäit vun der Globaliséierung an der Säkulariséierung. Mir sollen doranner nei Horizonter erkennen an äis net nëmme bekloen iwwert déi sougenannte „béis Welt“, mä villméi déi konkret Realitéit mat den Ae vu Christus kucken an se sou gären hunn, wéi Jesus se gären huet. Si drängt äis, aktiv ze ginn an dofir ass et ni ze spéit. Mat 39 Joer fänkt si un, hire Reformplang virzebereeden a si schafft dorunner bis de letzten Otemzuch. Och mir kennen zu all Zäitpunkt eppes um gewinnten Train Train änneren, äis zu Christus bekéieren an de Mënschen an der Kierch eis Léift an eist Engagement schenken.

Vuestra soy, para Vos nací. ¿Qué mandáis hacer de mí?
Dein bin ich, Dir geboren. Was wünschst du Herr von mir?

sou freet d'Teresa als begaabte Schrëftstellerin an engem vun hire Gedichter. Och mir si fir den Härgott op dës Welt komm, gehéieren him. Hie rechent mat äis! A mer däerfe froen: Wat wëlls du Här vu mir, elo hei, do wou ech sinn a liewen? Jiddwer eenzelne vun äis kann en Ënnerscheed maachen! Stellt iech vir d'Teresa wier an hirem lauen Train Train bliwwen… Wéivill Karmelen, Oase vu Gebiet, giffen der Kierch feelen.. Mir hätte wahrscheinlech keen Theresia vu Lisieux a keen Edith Stein… A wat kann der Welt an der Kierch feelen, wann ech menger déiwer Sehnsucht net nolauschteren, wann ech net op Gottes Rufen lauschteren, wann ech meng Talenter net fruchtbar maachen?

Léif Schwësteren a Bridder: Gott ass deen éischten, deen hofft! Hien setzt seng Hoffnung an äis, a jidderee vun äis. De Charles Péguy schreift duerzou: „Il faut faire espérance à Dieu, il nous a bien fait espérance à nous. (…) Dieu nous a fait espérance. Il a commencé. Dieu a placé son espérance, sa pauvre espérance en chacun de nous, dans le plus infime des pécheurs.“ An nodeem den Auteur d'Gleichnis vum gudden Hiert noerzielt huet, deen 99 Schof stoe léisst fir no deem engen, dat verluer gaang ass, ze sichen, kënnt hien zur Conclusioun, datt dat Schof, e Bild fir äis, fir eis Séil, Gott zum ziddere bruecht huet:

„Elle a fait trembler le coeur de Dieu
Du tremblement même de l'espérance.
Elle a introduit au coeur même de Dieu la théologale Espérance.“

Gott hofft op de Mënsch! Gott huet seng Hoffnung op d'Teresa gesat, an si huet hien net enttäuscht. Gott setzt seng Hoffnung op dech an op mech! Wéi ass deng Äntwert?

Bei all hirer Aktivitéit huet d'Teresa och alt emol gefaart. Dozou schreift si: „Richtet die Augen auf den Gekreuzigten und alles wird euch leicht werden. Wenn ich seine Liebe, die er zu mir hatte, betrachtete, fasste ich wieder Mut, denn das Vertrauen auf seine Barmherzigkeit habe ich nie verloren, das auf mich aber oft.“ (Vida 9,7).

Si ass Gefor gelaf d'Hoffnung ze verléieren. Grad an deene Situatiounen huet hir dat Gebiet gehollef, dat weltberühmt ginn ass. Nada te turbe… Si gëtt et äis haut als Hoffnungsbotschaft mat op de Wee. Si seet et äis an eis perséinlech Suergen an an d'Schwieregkeete vun eiser Kierch:

Nichts soll dich verwirren
Nichts soll dich beirren
Alles vergeht.

Gott wird sich stets gleichen
Geduld kann erreichen,
was nicht verweht.

Wer Gott kann erwählen,
nichts wird solchem fehlen:
Gott nur besteht.

Solo Dios basta!
Gott nur besteht oder Gott allein genügt!

Helleg Maria, eis Tréischterin, dech veréieren d'Karmeliten als Blumm vum Karmelbierg. Mat alle Schwësteren a Bridder vun der helleger Teresa biede mer zu dir:

Blume auf Karmels Höh'n,
Weinstock, an Blüten reich,
Zierde des Himmels;
Mutter und Jungfrau gleich,
du einzig Hehre.
Du gute Mutter,
du nur vom Geist erkannt:
uns Karmeliten
reich deine Hand,
o Stern des Meeres.
Zuflucht im Erdenstreit,
Festung im Sturmgebraus,
hilf uns im Kampfe.
Breite den Mantel aus
und wehr dem Feinde.
In aller Trübsal
schenke uns Trost und Rat;
führe die Deinen
auf sich‘rem Pfad,
o kluge Jungfrau.

Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411