
D'Sonndesmass gëtt de 24. Mee aus der Kierch vun Dikrich iwwerdroen. D'Chorale Sainte Cécile séngt ënnert der Leedung vum Raymond Majerus, de Maurice Clement spillt d'Uergel. Méi iwwer de musikalesche Programm vun der Sonndesmass an de Replay fannt Dir hei.
D'Chorale Ste Cécile vun Dikrich gouf 1891 gegrënnt a kann dofir d'nächst Jar hiren 125. Gebuertsdag feieren. D'Chorale besteet nach ëmmer als Männerchouer an ass domat ee vun deene raren déi nach am Land bestinn. Wéi 1991 d'Feierlichkeete vum 100. Gebuertsdag eriwer waren, huet de Raymond Majerus d'Direktioun vu sengem Brudder Jean-Paul iwwerholl a leet vun do un de Chouer mat vill Asaz a Kompetenz.
Mat méi wéi 150 Optrëtt pro Jar ass et e ganz engagéierte Veräin (Sonndes- a Feierdagsmassen, Prouwen, Hochzäits- a Begriefnismassen). Niewent de sëlliche reliéisen Asäz gëtt awer och de weltliche Gesank net vernoléissigt, sief et eleng oder mat anere Chéier zesummen. Ënnert sech fleegen déi ongeféier 20 Sänger eng gutt Entente, den Équipegeest an d'Freed um Sangen.
Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Prélude improvisé | |
---|---|---|
Agangslidd | Komm Schöpfer Geist | LD 470 |
Kyrie | Missa in Honorem Sancti Servatii | Th. Bartholomeus |
Gloria | Ordinarium – Lux et Origo | LD 338 |
Zwëschegesank | Sende aus deinen Geist Alleluia – Ce jour que fit le Seigneur Veni Sancte Spiritus | LD 156 J. Kinzé LD 475 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Komm Heilger Geist | D. Bortniansky |
Sanctus | Ordinarium – Lux et Origo | LD 339 |
Anamnèse | gëtt gebiet | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Missa in Honorem Sancti Servatii | Th. Bartholomeus |
Kommiounslidd | Vienne la colombe | J.-Cl. Gianadda, arr. P. Nimax |
Schlusslidd | Envoie tes messagers | LD 309 |
Uergel: Sortie | Postlude improvisé |
Chouer: Chorale Sainte Cécile Diekirch
Dirigent: Raymond Majerus
Organist: Maurice Clement