
D'Sonndesmass gëtt den 9. August aus der Parkierch Mariä-Gebuert vu Béiwen/Atert iwwerdroen. An dëser Mass begleet de Béiwener Paschtouer, den Abbé Joël Santer, de Gleewegen op der Westenfelderuergel.
Méi iwwer de musikalesche Programm vun der Sonndesmass an de Replay fannt Dir hei.
D'Sonndesmass gëtt den 9. August aus der Parkierch Mariä-Gebuert vu Béiwen/Atert iwwerdroen. An dëser Mass begleet de Béiwener Paschtouer, den Abbé Joël Santer, de Gleewegen op der Westenfelderuergel.
D'Uergel ass d'Kinnigin vun den Instrumenter, an am klenge Lëtzebuerger Land ginn et vill schéin Uergelen. Sou steet och, zënter 1982, an däer restauréierter Parkierch Mariä-Gebuert, zu Béiwen un der Atert eng zweemanualeg Westenfelderuergel, déi vun hirer Intonatioun hier impressionnant ass, an den dräischëffege Kierchebau zum Schwéngen bréngt.
Iwwregens huet d'Uergelmanufaktur Georg Westenfelder am Parverband Helpert rezent fënnef Uergele gebaut: Brouch (1978), Béiwen/Atert (1982), Sëll (1983), Bëschdref (1990), Wobiergskapell zu Biissen (2010).
Däer häerlecher, mechanescher Uergel vu Béiwen un der Atert soll, an der Radiosmass vun dësem Sonndeg, eng gréisser Roll zoukommen. Derbäi kënnt och nach, dass dës Kéier net deen iwwer Béiwen eraus bekannte Béiwener Männerkouer d'Mass séngt, ënnerstëtzt vun hirer Organistin Christiane Parries-Schiltz an dem Nowuessorganist Daniel Muijzer, mä dass de Béiwener Paschtouer selwer, den Abbé Joël Santer, an dëser Mass d'Uergel zum klénge bréngt. Zesummen, mat de Gleewegen an der Kierch, wëll d'Uergel d'Luef Gottes mat senger Musek besangen. Hien hofft, mat sengem Uergelspillen, d'Häerzer vu ville Mënschen ze beweegen a si esou dem Härgott méi no ze bréngen.
Dat ass de Sënn vun der “Musica sacra”, däer sech de Geeschtlechen zanter senger Kannerzäit ganz verschriwwen huet. Wichteg ass et, dass eis Kierchenuergelen uechter d'Land hirem Opdrag gerecht ginn: “Laudate Dominum in organo”. An dës Radiosmass wëll dozou ee klenge Mosaiksteenche sinn.
Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.
De musikalische Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Allegro maestoso e vivace | Felix Mendelssohn Bartholdy |
---|---|---|
Kyrie | gëtt gebiet | |
Gloria | Gloria | LD 145 |
Zwëschengesank | Wachet auf, ruft uns die Stimme | J.S. Bach |
Halleluja | Halleluja | LD 197 |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Offertoire sur les Grands Jeux | François Couperin |
Sanctus | Saint! Saint! Saint le Seigneur | LD 243 |
Anamnese | gëtt gebiet | |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Ta paix | LD 607 |
Kommiounslidd | Adoremus Te | Anonyme |
Uergel: Sortie | Marche Pontificale | Nicolas Jacques Lemmens |
Organist: Abbé Joël Santer