Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Pilgeren – Gleewen um Weg

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: Radio DNR

1. „Ich bin dann mal weg.“ A sengem Erliefnisbericht iwwert de Jakobswee schreift den Entertainer Hape Kerkeling: Et geet ee mat de Féiss an et pilgert ee mam Häerz. D'Zil vun der Pilgerfahrt ass net nëmmen eng äusserlech Plaz, et ass villméi déi déif geeschtlech Erfarung, bei Gott wëllkomm ze sinn. Schwätze mer also iwer d'Pilgeren.

Pilgeren heescht sichen, Pilgeren ass eng Sichbeweegung, an deër de Mënsch net ëm sech selwer kreest a seng eege Wënsch, Pläng an Hoffnungen ging bestätege wëllen. Am Pilgere weisen ech mir an deenen aneren, datt ech mech net ofspeise loosse mat deem, wat d'Welt agreabel mécht oder wat si soss un Annehmlechkeeten ze bidden huet.

Firwat pilgeren? Well mer dobäi erfueren, wat an eisem Liewen nach alles méiglech ass. Pilgere lieft aus deem, wat den hl. Augustinus seet: „Du hues äis, Gott, op dech hi geschafen, an eist Häerz ass onrouheg, bis et seng Rou fënnt an dir.“ De Mënsch ass onrouheg, well en nach net do ass, wou en higehéiert: bei Gott. Wien sech op säi Wee geruff weess, wie Vertrauen an d'Zil huet, deem seng Onrou ass net fäerterech, mä voller Erwaardung. Pilgeren ass Heemwéi a Fernwéi zugläich. De Pilger wëllt zou sech kommen an zugläich net bei sech stoe bleiwen. Hie sicht dat Anert, a sécher och deen Aneren. Ofstand gewanne vum Alldag a senge Flichten, vun der Famill an hiren Erwaardungen, vun Zwäng a Virstellungen a leschtech vu sech selwer: „friem goen“ am gudde Sënn – nëmmen esou kann ee méi ginn, wéi dat, wat een aus sech eraus ass.

Pilgeren ass reliéis ënnerweesinn, als e Symbol vum Mënschsinn, dat no vir lieft, an d'Zukunft eran. Net op der Plaz trëppelen, mä weidergoen! Pilgeren als Géigepol zu Behaglechkeet, zum Sechariichten. Mer sëtze net mat de Schlappen doheem, mä mer doen d'Wanderschong un a ginn eraus – och aus äis selwer eraus. Pilgeren ass wéi de Glawe näischt, dat ech besëtzen, mä e Wee, deen ech ginn. „Wir sind nur Gast auf Erden... und sehnen uns nach der himmlischen Heimat“ (vgl. 2 Kor 5,1-9).

2. Pilgeren huet ze di mam Verlaangere vun eiser Séil. „Am Anfang steht die Sehnsucht“, schreift d'Nelly Sachs. Am Mënsch lieft d'Sehnsucht, déi hien erausdreift aus dem Engerlee vum Alldag an aus der Engt vun der gewinnter Ëmgebung. Ëmmer lackelt dat Anert, dat Friemt. Mä all Neies, dat en ënnerwee gesäit an erlieft, kann hien ni ganz erfëllen. Seng Sehnsucht ass méi grouss.

An der Déift vu sengem Häerz sicht hien, ouni Rou, dee ganz Aneren. Säi ganzt Liewen ass e Wee, e Pilgerwee bei Gott. Pilgeren ass enstane fir t'éischt bei den orientalesche Mönchen, fir sech lasszeléise vun der vergänglecher Welt, fir sech eropzeschwéngen zur éiweger Wourecht, zur himmlescher Heemecht. Pilgeren ass de Géigendeel vu „Gefor lafen“. Peregrinatio ass, dat Anert sichen, fir sech vun de Bindungen un dës Welt lasszeléisen a fräi ze ginn fir dat himmlescht Jerusalem.

3. Pilgeren ass net ondecidéiert do stoen a stoe bleiwen, mä eng Richtung aschloen; heescht eng Richtung hunn an op en Zil zougoen. Well wat hëlleft lafen, wann ech net um richtege Wee sinn?

De Kleist sot: „Ich komm, weiss nit, von wo? Ich bin, ich weiss nit, was? Ich fahre, ich weiss nit, wohin? Mich wundert, dass ich fröhlich bin.“ Wou komme mer hir, wur gi mer hin, wat solle mer man? Wat ass de Mënsch? Wat ass de Sënn vum Liewen? Dës Froe sinn esou al wéi äis mënschlecht Denken iwwerliwwert ass. De Mënsch ass deen, dee schlechthin offen ass, dat net festgeluechtend Wiesen. Mir fannen Äntwerten, well mer äis orientéiere mussen. Souwuel d'Fragestellung wéi déi gesichten Äntwert op d'Sënnfro kënnt am Pilgeren zum Ausdrock. An t'stellt sech eraus: Christus ass dobäi selwer de Wee: „Ich bin der Weg, die Wahrheit und das Leben.“ Hien, de Wee, op dee mer goe mussen.

4. „Du führst mich hinaus ins Weite und schenkst meinen Schritten weiten Raum.“ Dat ass mam Pilgere gemengt. Et ass en häerzhafte Sprong an e weiden Horizont. Dozou eng Geschicht vum griichesche Schrëftsteller Katzanzakis: T'ass d'Geschicht vun engem Fësch. Matten an engem Schwaarm schwëmmt en am Mier, mee ganz plëtzlech mécht en en héije Sprong aus dem Mier, fir Loft ze schnapen. Dëst Geschëpf – esou de Katzanzakis – konnt d'Sklavennatur vum Fësch net méi erdroen. Hie sehnt sech derno, säi Schicksal ze iwwerwannen, fräi ze otmen, e Vuggel ze ginn. Fir Sekonnen nëmmen, esou wéi de Fësch et eben aushale konnt, ouni Waasser ze liewen, mä dat ass durgaangen. Dësen éischter kuerzen Abléck war fir hien d'Éiwegkeet. E klenge, couragéierte Fësch. E léisst sech net vun der Iwwermuecht vum Waasser beandrocken, e wëllt net gleewen an hinhuelen, dass d'Waasser seng eenzeg a lescht Wierklechkeet soll sinn. An esou hëllt en all seng Kraaft zesummen a spréngt iwwer d'Waasseruewerfläch eraus. Elo erkennt en: Et gëtt iwwer de vertrauten, alldeegeche Lieweselementer nach eng méi eng grouss a weit Dimensioun, vun deër hie bal net ze dreeme gewot hat. Wier e net gesprongen, en hätt ni dësen Ablack vu weidem Horizont an Éiwegkeet erfuer. – Esou Geschichte spriechen äis Mënschen un. Wie méich net och gär e Sprong, eraus aus dem gewéinlechen a banalen Alldag, eraus aus all deem, wat äis deeglech bestëmmt a beherrscht, eraus aus der Engt an Otemlosegkeet, eraus aus dem Trott an der Routine? Gëtt net an der Geschicht vum Fësch, dee spréngt, eng Sehnsucht beschriwwen, déi an all Mënsch lieweg ass? En déift Verlaangeren no Fräiheet, no Gléck oder no dësem blëtzartegen Abléck, deen d'Éiwegkeet ass?

5. Och d'Hebräer am AT waren als Pilger ënnerwee. Mat dem Staf an der Hand sinn se dem Wee nogaangen, deen d'Wollek an der Wüst virgezeechend huet. Esou haten si eng Orientéirungshëllef.

Pilgeren ass virugoen, ass lassmarschéieren op en Zil – eben net en tränéieren op engem Lafband oder Crosswalker; an och net wéi den Hamster am Lafrad, dat dréit an dréit an awer net vum Fleck kënnt. Mer dréien net am Krees, d'Liewen huet en Zil. „Wouhi gi mer?“, freet den Dichter Novalis. A seng Äntwert: „Immer nach Hause. Heem.“

Dat bedeit Pilgeren, wéi et an der Hl. Schrëft steet: „Wir haben hier keine bleibende Stadt, sondern die zukünftige suchen wir.“ (Hebr 13,14) Esou ahnt de Pilger eppes vun den Hebräer, déi duerch d'Schilfmier gaange sinn: fir t'éischt opbriechen an da virun engem Mier vun Ongewëssheet stoen; aus dem dach bequemen Ägypten ware si fortgelaf. Et war de Wee aus dem Gewinnten eraus trotz Hindernisser – dat ka sech och am Alldag ofspillen. Pilgeren ass dat Gewinntend duerchbriechen an nodenken, fir sech nei ze positionnéieren an d'Liewen nei auszeriichten.

6. Esou ass d'Vollek Gottes ënnerwee, deem mer all ugehéieren an deem Gott zënter senger Offenbarung am brennenden Dornbusch säi Geleed zougesot huet. Vum Wüstewee vum Vollek Israel bis an déi heiteg Zäit ass hien e stännechen a verlässleche Begleeder a Partner, deem d'Weeër vun de Mënschen net egal sinn an deen iwwerall, wou Mënschen ënnerwee sinn, derbäi ass, och wann d'Liewesweeër an d'Däischtert féieren. Gott war fir onendlech vill Generatiounen déi „fest Buerg“, déi se ugestrieft hunn, en Hort vun Zuflucht an eng sécher Plaz. De Rainer Maria Rilke nennt hien den „uralen Tuerm (uralter Turm)“, e Symbol fir onverbréchlech Präsenz an Dauer.

7. Beim Goen ass d'Gepäck entscheedend. Och beim Pilgeren ass entscheedend, wat ee mathëllt. Dacks ass et net dat äussert Gepäck, dat dréckt. Wat d'Séil belaascht, weit vill méi schwéier: vrongléckt Begéignunge mat anere Mënschen, enttäuschten Hoffnungen, geplatzen Dreem a gescheitert Pläng; d'Wonnen, déi d'Liewen engem geschloen huet. Esou munchereen dréit schwéier u sech selwer oder un der Laascht, déi anerer him opgelueden hunn. A vill sinn der ënnerwee, déi an hirem Reesgepäck aner Mënsche matgeholl hunn, deene se versprach hunn, un si ze denken, fir si ze goen, fir si ze bieden.

Pilgere kann ustrengend sinn. Dat kann um Wee leien, deen emol riicht emol kromm oder och stäil si kann a beschwéierlech. Oft läit et awer méi un deem, wat een ze droen huet. Eng kleng Geschicht och dozou: E Jong dréit säi klenge Brudder um Réck a begéint ënnerwee engem Friemen. Dee seet zu him: „Du dréis awer eng schwéier Laascht.“ Do äntwert de Jong: „Ech droe mäi Brudder.“ Grad op eisem ale Pilgerwee an d'Kathedral kënne mer nëmmen erahnen, wéi Honnertdausenden dëse Wee scho gaange sinn a watfir Uleies an Néit dobäi matgedroe goufen. A plëtzlech gesäit een sech erageholl an dës grouss Gemeinschaft, an deër een mat senge Blessuren a Laaschten, den eegenen an deenen aneren, gutt opgeholl ass a wou ee matgedroe gëtt.

Wie mat béide Been um Buedem stoe bleift, dee kënnt net virun. Bleif net stoen! Komm! An du wäerts erkennen, dass de begleed gëss an encadréiert bass vun der Guttheet a Mënschefrëndlechkeet vun eisem Herrgott.

8. Léif Pilgerinnen a Pilger! Mer sinn duerch d'Kathedralsdier erakomm. Déi oppen Dier léisst äis ukommen, se léisst äis awer och d'Kierch neess durno verloossen an heemgoen. Dohireesen an zréckreesen, béides gehéiert zur Wallfahrt, béid net ouni Zoumuddung a vläicht net ouni Abenteuer. Kaum ee wäert soen, e wier duerch d'Pilgeren e ganz anere ginn. An dach gëtt ënnerwee säin Horizont méi grouss. Och wann ee scho laang neess doheem ass, d'Pilgerschaft ass nach net zu Enn. Pilgeren ass ënnerwee sinn – stänneg –, sichen als Gronderfarung vun eisem Liewen. Et dauert, bis mer eemol endgülteg ukommen an all d'Verspriechen ageléist ginn.

Maria, bei dech komme mer an dëse véierzeng Deeg gepilgert. „Wie unsre Väter flehten, zu dir o Trösterin. Mit gläubgem Herzen treten, auch wir heut zu dir hin. Wir knien leidbeladen, wir flehn mit Herz und Hand. Maria, voll der Gnaden, schirm uns und schirm das Land. Maria, voll der Gnaden, schirm uns und schirm das Land.“ Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411