Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

„La grâce d'une cathédrale“

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: Radio DNR

1. „La grâce d'une cathédrale“ esou heescht d'Haaptpublikatioun zum 850. Jubilé vun Notre-Dame vu Paräis. „La grâce d'une cathédrale“, do denke mir un eis Bëschofskierch, zu deër mir all eng emotional Bezéiung hunn, egal ob mir heibanne sinn oder äis se elo gedanklech virstellen.

„La grâce d'une cathédrale.“ Si wëlle mer erziele loossen, äis vun der Begéignung mat hir beréiere loossen. Eng Kierch opsichen heescht, grad elo Zäit hunn, elo mer eppes vun hir soe loossen, elo fir eppes op- an zougänglech sinn, dat méi grouss ass wéi ech selwer.

Wat wier Lëtzebuerg ouni d'Kathedral, dat meeschtbesichte Monument an der Stad, obwuel si net einfach e Sight-Seeing-Objet ass, en Highligt am touristeschen Entertainment-Programm. Wéi nichtssagend wier d'Silhouette vun eiser Stad, wann net déi dräi Klackentierm wéi dräi Schwuerfanger giwwen an den Himmel ragen an äis deeglech un dee Schwuer erënneren, dee Lëtzebuerg 1666 a 1678 un d'Adress vu senger Patréinesch gemat huet. Esou wéi si Privatheiser a Regierungssëtz iwwerragt, esou ass domat eng bewosst Wäertung ginn: d'Bauhären hunn domat däitlech gemat, wat dat Wichtegst, wien dee Wichtegsten ass. Kierchtierm si wéi Funktierm a Sendemasten aus fréieren Zäiten: Si setzen äis a Bezéiung mat deem do uewen. D'Kierch steet op hirem Grondsteen – dee vun der Kathedal ass genee viru 400 Joer geluecht ginn. Dat erënnert u Christus, d'Fundament: Op hien ass d'Kierch gebaut. Hie gëtt der Kierch, wou mir all als liewech Steng agebaut sinn, Festegkeet an Halt. Wa mer op hien eist Liewen bauen, huet et Bestand.

2. Komme mer zum Säiteportal an d'Kathedral eran, da musse mer e puer Treppléker eropgoen. Si hiewe mech eraus aus dem Gewéinlechen, ech begi mech op en anere Niveau. Si betrëdde ka beschwéierlech ginn. Wat näischt kascht, dat ass och näischt. Oder d'Trapen erofklammen, an d'Krypta, bedeit erofklammen an dat Grondleegend, bei d'Fëllementer, dat Verbuergent opsichen, mer dat Kryptescht erschléissen. Esou wéi ech mer de Glawen ëmmer neess erschléisse muss an invitéiert sinn, an déi onergrëndlech Déiften vu Gott anzegoen – de Mënsch wëllt jo zu de Geheimnisser vu Liewen an Existenz virdréngen. Trape weise mech hin op di verschidde Liewesstufen, duerch déi ech mäin Zil muss erreechen, oft ouni Gelänner, ouni Versécherungsgarantie, mat Risiko a Stuerzgefor – mä ouni dat geet et net. Stufen iwwerwannen ass net nëmmen en Héichtenënnerschid bewältegen, mä och en déifinnere Virgang.

D'Portal, dat aalt an dat neit, ass bevëlkert, mat Zenen a Personnagen aus dem Alen an Neien Testament, vu Prophéite bis hin zu den Hellege vun der chrëschtlecher Zäit: Ignatius, Franz Xaver, den hl. Niklos, Péiter a Paul. Si maachen däitlech, dass deen, deen antrëtt, opgeholl gëtt an déi erlauchte Gemeinschaft, an d'“Communio sanctorum“ („Wer glaubt, ist nicht allein“, sot de Benedikt XVI.). Mer ginn erageholl an d'Geschicht vu Gott mam Mënsch, déi vun enger Allianz, engem Bond a Frëndschaft besiggelt ass. Eng Dier trennt bausse vu bannen. Eng Dier mécht fierwëzeg, wat sech do derhannert verstoppt. Kiercheportaler waren zënter jehir eng Invitatioun, et bannenan mam Gottesraum ze probéieren a sech iwwerraschen ze loossen. Dohir d'Triichterform vu ville Kathedralsportaler, si wëllen äis quasi erasaugen. Bei all Dier geschitt eppes mat äis. De Jesus bezeechend sech selwer als d'Dier. Hie léisst äis eran an de Raum vum Liewen, dem éiwege Liewen, versprécht hien esougur. Eng Dier an d'Fräiheet an an d'Gléck.

Eis Kathedral begréisst äis, vu baussen a vu bannen, als Glaweszeien a Glaweszeechnes vun deenen, déi si opgeriicht oder duerch hiert Dosinn zu engem Gebiet aus Steen gemat hunn. Säit Urzäiten gebrauche Mënschen als Material Steen. Steen ass Éiwegkeet, Steen ass zäitlos, Steen ass quasi onzerstéierbar. Déi al Gottesmetapher kléngt un: „Gott ass mäi Fiels“, oder „Christus, den Ecksteen, deen alles zesummenhällt“.

3. De Buedem vun der Kierch betrëdden ech. Eis Aufgab ass et, d'Äerd, dëst irdescht Liewen, ze bestoen, en tragfähege Buedem ënnert de Féiss ze hunn – soss kënne mer eise Wee net goen. An der Bibel gëtt méifach dem Mënsch gesot, e stéing op hellegem Buedem.

An all Sakralraum wunnt eppes Geheimnisvolles, Grousses, d'Majestéit vu Gott, „mysterium tremendum et fascinans“, esou de Rudolph Otto; eng helleg Stëmmung. Gebied ass eventuell net vill méi, an nimols manner, wéi mech innerlech an äusserlech an den hellege Raum stellen.

Kierchereim hunn e Geroch, séiss vum Weihrauch, vu Mënsche gefëllt. Wann et rouheg ass, da sinn si wéi eng Oas, déi äis ophëllt. Wa mer eng Kierch betrieden, betrëdde mer e Raum, dee vun engem anere bewunnt ass, mer si Gaascht. Dat grousst Haus mengt dee gréisseren Haushär.

Eng Kathedral muss en héicht Gebei sinn, an deem vill Plaz ass, wou net de Plafong engem op de Kapp fällt. Gott ass e weiden Horizont. D'Kierch däerf keen Haus sinn, an deem een agëengt ass oder wou een sech ducke muss. Villméi lued d'Kierch an, éischterlech oprecht ze goen an aus gleewegem Gottvertrauen eraus eis Ängschten ze iwwerwannen. „Locus iste“ heescht eng stolz Kompositioun vum Anton Bruckner.

4. „La grâce d'une cathédrale!“ Eis Nationalkierch, mat hire gotesche Béi a Verwëllef, déi eise Bléck no uewen zéien, no bei Gott. Deng Heemecht ass am Himmel, esou flüsteren si äis zou a wëllen de Betrachter do uewe verankeren. „Sursum corda – erhebet die Herzen“, dat kierzt vun alle Gebieder. Mer kommen äis vir wéi ënnert engem Daach, deen äis schützt: „Seht, das Zelt Gottes unter den Menschen!“ Esou hunn dës Elementer net nëmmen eng technesch Fonktioun, si sinn och Glaweszeechen. Seilen a Stäileren, Pilier'en vermëttele Festegkeet an Trei, déi dréit. An si si wéi de gleewege Mënsch: fest steet en op der Äerd, couragéiert streckt en sech a strieft en no uewen. Selwer eng Seil sinn, léif alleguer, agespant an Ënnen an Uewen: Ënnen, dat et ze bestoe gëlt, an Uewen, dat erreecht gi soll.

Esou wéi dat deeglecht Liewe seng Geographie kennt, esou brauch och dat Geeschtlecht seng Nischen a Kummeren: Chouerraum fir den Altoer an d'liturgesch Handlung, Haaptschëff fir déi versammelt „ekklesia“, d'chrëschtlech Gemeinschaft, Säitekapelle fir d'privat Gebied, fir Daf a Bouss. D'Krypta ass déi Gebiedsplaz, dee Meditatiounsraum, wou et ëm dat Innert geet, ëm dat, wat alles dréit. Déi verschidde Reim a Wénkelen a Plazen, méi hannen oder méi no vir an zur Säit luede mech an, meng eege Standpunkter ëmmer neess ze hannerfroen a mech nei vis-à-vis vum Liewen a sengen Ufuerderungen ze positionnéieren. Ech däerf mech net an e Wénkel verkräichen.

„La grâce d'une cathédrale!“ Déi al Jesuitekierch, an deër bis haut de Geescht vum hl. Ignatius a senge Compagnon'en vun der Gesellschaft Jesu otemt an d'Erneierung nom Konzil (deemols vun Trient) och äis als konstant Aufgab an Challenge fir d'Zukunft „ad maiorem Dei gloriam – zur gréisseren Eier a Verherrlechung vu Gott“ virun Ae féiert. Eisen Doum mat senge Barocktableauen, déi un d'Liewesfreed erënneren, déi mam kathoulesche Chrëschtentum inhärent verbonnen ass an äis op de Goût vum Liewe brénge wëllen, deen a senger Loscht an Exubérance, awer och a senger Dramatik an Trajik e faarwejen Ofklatsch vun der Realitéit an all hire Schattierungen ass. „Wourecht ass nëmmen a Biller méiglech.“ D'Bild enthüllt eppes vum Geheimnis, wat derhannert läit, ouni et zu Enn ze definéieren. All Bild beinhalt och dat Verbuergent: Gott ass deen, dee sech offenbart a verhüllt, „revelatus et absconditus“. Si dauche mech an an déi chrëschtlech Weltdeitung, an e Glawesgefüge, an e Sënngebilde. Vun de Biller loossen ech mech ukucken, well si sinn Zeeche vun deem Liewen, dat derhannert steet.

5. Besonnesch ee Bild... Eise Votivaltoer, deen der Oktav hiert Gepräge gëtt an d'Blécker vum Pilger op sech zitt, soubal wéi en an d'Kierch erakënnt; deen der Patréinesch vu Stad a Land dee feierleche Kader gëtt, an deem mir si uruffen a veréieren, a wou mer ëm hiert Gebiet an hiren Trouscht froen.

Jo, wat wier eis Kathedral ouni Maria! Si ass un éischter Stell „Heimstätte Unsere Lieben Frau“, wéi de Michael Faltz a sengem Klassiker titelt. Maria ass äis hei – an hirem Bild – esou no, esou bekannt, esou familiär. Wann si net hei stéing, da giff d'Kathedral äis eidel virkommen – mä si ass hei, duefir ass dës Kierch „pleine de grâce“; si gëtt hir déi ganz ureegen “grâce“–„la grâce d'une cathédrale“.

Maria, zënter den onrouhegen Zäite vun der Franséischer Revolutioun ass däi Gnodebild hei opgestallt – t'sinn dat méi wéi 200 Joer. Zwee Jorhonenrte laang emfängs du deeglech an dëser Kierch, der Eglise Notre-Dame, wéi de Bëschof Laurent si 1844 ëmgedeeft huet, Pilger an all Mënschen an hire villfältege Néit a Suergen. An dengem wonnerschéine Bild, duerch dat's du äis ukucks, äis uspréchs, fanne mir eng Ikon vun denger Persoun an hirem tatkräftegen Intervenéiere bei Gott, bei dengem Jong Jesus Christus, zu eise Gonschten.

Maria, an allem, wat äis beschäftegt a bedréckt – perséinlech, familiär, gesellschaftlech, kierchlech – looss äis net eleng, mä stéi äis bäi.

Ô Marie, Mère de Dieu, Consolatrice des Affligés.
Je te remercie de toutes les grâces et consolations
que tu ne cesses de demander à ton Fils
et de prodiquer à tous ceux qui t'implorent.
Je te prie:
Sois proche d'eux,
sois proche aussi de moi,
surtout dans les situations de peine, d'angoisse et de tentation.
Conduis-moi vers ton Fils
et je te promets d'être proche de toi,
fidéle à toi.
Amen.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411