Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

«Herr, lehre uns beten…»

$
0
0

D'Thema vun der Pilgerfahrt op Banneux bei d'Muttergottes vun deenen Aarmen dëst Joer ass en Zitat aus dem Ufank vum 11. Kapitel vum Lukasevangelium. Do ass et d'Erfahrung vum Jesus sengem Gebiet a vun der Verbonnenheet mat Gott, sengem Papp, déi hien do gelieft huet, an och d'Beispill vum Deefer Johannes a senge Jünger, déi bei engem vum Jesus senge Jünger de Wonsch opkomme léisst, vun hirem «Här» an d'Gebiet agefouert ze ginn. Et ass eng wichteg Fro an de Jesus ass dee richtegen, fir se ze beäntwerten, well hien Gott a säin Wëllen kennt an erfëllt.

«Herr, lehre uns beten, wie schon Johannes seine Jünger beten gelehrt hat.»

D'Thema vun der Pilgerfahrt op Banneux bei d'Muttergottes vun deenen Aarmen dëst Joer ass en Zitat aus dem Ufank vum 11. Kapitel vum Lukasevangelium. Do ass et d'Erfahrung vum Jesus sengem Gebiet a vun der Verbonnenheet mat Gott, sengem Papp, déi hien do gelieft huet, an och d'Beispill vum Deefer Johannes a senge Jünger, déi bei engem vum Jesus senge Jünger de Wonsch opkomme léisst, vun hirem «Här» an d'Gebiet agefouert ze ginn. Et ass eng wichteg Fro an de Jesus ass dee richtegen, fir se ze beäntwerten, well hien Gott a säin Wëllen kennt an erfëllt.

D'Gebiet ass e ganz wesentlecht a grondlegend Thema fir eise chrëschtleche Glawen. Et jo hei ëm äis echt a richteg Bezéiung zu Gott (Papp, Jesus an Hellege Geescht), zu eisem Nächsten an zu äis selwer. Dobäi spillen déi theologal Tugenden Glawen, Hoffnung a Léift, déi net eis Leeschtung sinn, mee déi wichtegst Fruucht vun eisem Gebiet, eng grouss Roll. Schliesslech huet eist Gebiet oder d'Tatsach, datt mir net, oberflächlech oder falsch bieden, en Afloss op eist Denken, Fillen an Handelen. Richtegt a gutt Gebiet féiert äis zur Asiicht an d'Léift, d'Guttheet an d'Baarmhäerzegkeet vum Härgott an an eis Schwaachheet a Sënd, déi mir him kënnen uvertrauen an domat zum Fortschrëtt vun echter Erkenntnis vu Gott a vu sengem Wëllen an zu engem besseren a fruchtbaren Handelen, datt dem Härgott an eiser Würd als Kanner vum Härgott entsprecht (Béides bedingt sech géigensäiteg. (Vgl. Kol 1) Net Bieden oberflächlech oder falsch Bieden féiert äis vu Gott ewech an zu falschen a schlechten Handelen ënnert eneen. Mir liewen an der Liggen, der Illusioun, an der Sënd, a mir uerdeelen falsch, mëschtens ouni äis ders bewosst ze sinn an der Wonsch ze hunn, äis ze besseren. (vgl. 1 Joh 1) Mir sinn dann net nëmmen an der Welt, mee vun der Welt a mir uerdeelen wéi d'Welt an haassen d'Wourecht an dat Gutt, well se äis Schlechtegkeet a Falschheet opdeckt, fir man Evangelist Johannes ze schwätzen. Et gëtt e Fortschrëtt an eisem Bieden zu enger stänneger ënnerer Haltung an zu engem méi einfachen, kuerzen a wesentleche Gebiet.

De Jesus äntwert op dem Jünger seng Fro mat engem Gebiet, dat mir all gutt an auswendeg kennen: dem VATER UNSER. Mir kennen et besser an der e bësschen méi laanger Fassung aus Mt 6, wou de Jesus seng Jünger et vu sech aus an enger Kateches iwwert d'Gebiet an der Biergpriedegt léiert.

Ass domat alles iwwert dat chrëschtlecht Gebiet gesot an d'Fro beäntwert?

Sécher ass de VATER UNSER oder «das Gebet des Herrn», wéi et och nach genannt gëtt, e ganz schéint, déift a wichtegt Gebiet. Et ass an d'Feier vun der Helleger Mass, vun der Daf, der Krankensalbung, d'Begriefnisliturgie an d'Laudes an d'Vesper, d'Stonnegebiet vun der Kierch an an de Rousekranz agaangen a mir bieden et nach bei villen anere Geleeënheeten, wou mir als Chrëschten zesumme sinn. Et ass d'Zesummefaassung vum Jesus senger Léier a senger Haltung vis-à-vis vu Gott an de Mënschen an äis selwer. Mir hunn äis vläicht esou dru gewinnt, datt mir äis senger Gréisst a Bedeitung net méi ganz bewosst sinn an net ëmmer drun denken, wat mir eigentlech do bieden, wat fir Konsequenzen dat fir eisen Ëmgang mat Gott a mat eneen huet oder misst hunn. Aner Reliounen stoussen sech drunn, wéi vertraut mir äis hei u Gott als EISE PAPP wenden. Datt dat net selbstverständlech ass, geet aus den Aféierungen an de VATER UNSER aus dem Massbuch ervir: «dem Wort unseres Herrn und Erlösers gehorsam, und getreu seiner göttlichen Weisung wagen wir zu sprechen» oder «wir haben den Geist empfangen, der uns zu Kindern Gottes macht. Darum wagen wir zu sprechen».

Et lount sech also, méi déif iwwert d'Wierder vum VATER UNSER an hir Bedeitung fir eist Liewen nozedenken. Dozou gëtt et och e schéint klengt Buch vun engem orthodoxe Pater, dee sech «un moine de l'Eglise d'orient» nennt, mat dem programmateschen Titel: NOTRE PÈRE, Introduction à la foi et à la vie chrétienne. (Foi Vivante)

Mee d'Léier vum Neien Testament a vun der Traditioun vun der Kierch iwwert Gebiet ass nach vill méi räich. Wa mir verschidden Aussoe vun der Bibel mat eneen vergläichen, stellen sech eng ganz Rei vu Froen: Op der enger Säit heescht et, mir solle beim Biede net vill Wierder maachen. (Mt 6,7) Eist Gebiet soll kuerz sinn. (Regel vum hl. Benedikt) Da liese mir, datt mir sollen Ausdauer beim Bieden hunn an net noloossen, jo, mir sollen esou guer stänneg bieden. (Lk 18,1 ; 1 Thess 5,17) Wéi ass dat ze verstoen? Ass dat kee Widdersproch? Wat heescht iwwerhaapt bieden? Ass ëmmer datselwecht gemengt? Wat ass dat Wichtegst dobäi? An Joh 4,23f liese mir, datt déi echt Veréierer de Papp am Geescht an an der Wourecht ubieden, well Gott Geescht ass. Wat heescht dat? Mir mierke schonn, datt et ëm vill méi geet, wéi just e Gebiet opsoen. Et geet ëm eng ënner Haltung, déi Gott, säi Wuert, säi Geescht an eisem Häerz wierke léisst. De Jesus huet äis gesot, datt eist Gebiet erhéiert gëtt, (Mt, 7,7; Lk 11,9) wa mir a sengem Numm bieden (Joh 16,23ff). Maache mir net oft d'Erfahrung, datt eist Gebiet net erhéiert oder net esou erhéiert gëtt, wéi mir äis dat erwaart haten? Ginn et och Gebieder, déi mir besser net solle maachen? De Paulus schreift a Réim 8,26, datt mir net wëssen, woufir mir op déi richteg Manéier solle bieden. Mir brauche dozou den Hl. Geescht, deen sech eiser Schwaachheet unhëllt. Wat ass e gutt Gebiet? E Beispill, wéi mir net biede sollen, fanne mir beim Lukas 18,9-14. An 1 Kor 14,13 schwëtzt hien vun Gebiet am Geescht a vum Gebiet mam Verstand wat méi nëtzlech ass. Wierksam ass d'Fürbittgebiet vum Gerechten fir d'Sënner an déi Krank (Jak 5,16) an d'Gebiet a gudder Absiicht, während d'Gebiet a schlechter Absiicht net erhéiert gëtt (Jak 4,3) Wichteg ass also och eis Virbereedung, Sammlung, eis Authentizitéit, eise Glawen, eist Vertrauen ouni Zweifel (Jak 1,5).

D'Buch vun de Psalmen, déi jo e groussen Deel vum Stonnegebiet ausmaachen an och an der Mass virkommen, ass, wéi d'Kierchepappe soen, och eng richteg Gebietsschoul, wou all mënschlech Gefiller, Suergen, Néit, Freed, Hoffnung an Dankbarkeet virkommen a vill vun hinnen gi jo och dem Jesus a verschiddene Situatioune vu sengem Liewen an de Mond geluecht.

Mir kënnen äis och d'Gebieder vum Jesus, vu Maria, vum Paulus an anere Persounen an der Bibel méi genau ukucken. Et gëtt also hei munches ze verdéiwen a besser ze verstoen an dat huet wichteg Konsequenze fir eise Glawen an eist Liewen.

1. Gebiet als Grondhaltung vun eiser stänneger ënnerer Offenheet fir Gott a Siich no Gemeinschaft mat him duerch d'Rengegung vun eisem Häerz vu Bosheet a Falschheet zu enger echter Gottes- a Nächsteléift

Opschlossräich ass d'Kritik, déi de Prophéit Jesaja (29,13) am Numm vu Gott u sengem Vollek übt, an déi de Jesus am Sträitgespréich mat de Pharisäer a Schrëftgeléierten a Mk 7,6 opgräift, fir op déi richteg Haltung vis-à-vis vum Härgott sengem Gebot a Wuert (Gottes- a Nächsteléift) opmierksam ze maachen, déi duerch hir reng mënschlech Virschrëfte verrode gëtt: «Dëst Vollek éiert mech mat senge Lëpsen, mee hirt Häerz a wäit ewech vu mir. Et ass sënnlos, wéi si mech veréieren.»

Positiv formuléiert ass d'Ziel vum Gebiet echt Gottes- a Nächsteléift an engem chrëschtleche Liewen, dat den hl. Pétrus a sengem éischte Bréif esou beschreift: «der Wahrheit gehorsam habt ihr eure Seelen rein gemacht zu einer ungeheuchelten Nächstenliebe, liebt einander innig aus reinem Herzen.» (1 Petr 1,22)

a. Vill Wierder sinn iwwerflësseg a sënnlos. Si verroden eisen Egoïsmus a Mangel u Glawen a Vertrauen. Demut an Schlichtheet éiert den Härgott a gefällt him

Et ass sënnlos, vill Wierder ze maachen, ze plapperen oder schéin Formuléierungen ze sichen. Domat si mir an der Gefor äis selwer wichteg ze maachen, äis an eis Suergen a Wënsch an de Mëttelpunkt ze stellen, besonnech, wa mir et nach no bausse weisen. Mir verfalen da gär an d'Gebiet vum Pharisäer an an eng Schäinfrömmegkeet, ouni d'Kraaft vun enger echter Frömmegkeet ze erfueren (2 Tim 3,5). Eise Geescht verzettelt sech an ass net méi gesammelt. Et weist e Mangel vun Demut, Respekt a Vertrauen a Gott, deen alles weess an deem senger Gnod dee gréissten Deel bei eisem Gebiet an Handelen zoukënnt. Simplicité!

Denke mir un dem Jesus seng Wierder: Selig die arm sind im Geist (Mt 5,3); Selig, die ein reines Herz haben (Mt 5,8); Nicht die, die zu mir «Herr, Herr» sagen kommen in das Himmelreich sondern die, die den Willen meines Vaters im Himmel erfüllen (Mt 7,21); Ich preise dich Vater, … weil du all das den Klugen und Weisen verborgen, den Unmündigen aber offenbart hast (Mt 11,25) oder: wenn ihr nicht umkehrt und wie die Kinder werdet, könnt ihr nicht in das Himmelreich kommen (Mt 18,3).

D'Wüstenväter hunn oft déiselwecht Wierder, déi si meeschtens aus der Hl. Schrëft hirhaten, an déi hinne Kraaft ginn hunn, meditativ widderholl, nom Beispill vum Jesus zu Getsemani. De Jean Climaque gëtt hir Mentalitéit, déi géint d'Siich no villen a schéine Wierder ass, am 7. Jhrd gutt erëm:

«Ne fais pas le savant dans les mots de ta prière, car ce sont souvent des balbutiements d'enfant, simples et sans ornements, qui ont honoré leur Père, celui qui est dans les cieux. N'entreprends pas de dire beaucoup de paroles, de peur que l'esprit ne se disperse en recherche de mots. Une seule parole du publicain lui a rendu Dieu propice; une seule parole de foi a sauvé le larron. L'abondance des paroles a souvent illusionné et dispersé l'esprit. Une unique parole au contraire comme naturellement recueille l'esprit. Si une parole de prière t'apporte douceur ou componction, restes-y.»

Il faut la part de l'homme, mais il faut surtout la part de Dieu, à laquelle l'âme cherche à s'ouvrir par ses silences, ses regards, et la simplicité de ses formules. La vraie prière comportera donc peu de paroles, et elle sera surtout attente confiante et passivité. «Présente lui un cœur souple et malléable… et il fera de toi son chef d'œuvre»écrit S. Irénée de Lyon.

b. Authentizitéit, Iwwereneenstëmmung vu Wierder, Häerz a Liewen

Et kënnt drop un, datt mir «mam Häerz beim Härgott sinn» wéi mir am Dialog virun der Präfatioun an der Mass soen. Eist Gebiet muss echt an authentesch sinn. Eist Häerz, eis Wierder, an eist Liewen an Handelen mussen iwwereneen stëmmen. De Père Louis Leloir OSB schreift, datt fir d'Wüstenväter kee Gebiet valabel ass ouni un climat de vie chrétienne primordiale assurée. «Beaucoup d'hommes, en priant, ne prient pas, parce que leur cœur et leur vie ne sont pas harmonisés à leur prière. La prière doit, dès lors jaillir du cœur avant de sortir des lèvres, et elle demande une âme et un corps voués à Dieu et non au monde, ainsi que des œuvres conformes à la volonté de Dieu. Fort souvent, la prière ne comportera aucun mouvement des lèvres, alors qu'elle exige toujours pureté et ferveur du cœur. Elle exige aussi beaucoup d'ardeur, un feu de désir et d'espérance.»

c. Wichtegkeet vum regelmässegen Gebiet a Noutwendegkeet, Schwieregkeeten ze iwwerwannen an äis virzebereeden.

Dat heescht awer net, datt mir nëmmen da sollte biede, wa mir Loscht hunn oder wann spontan e Stoussgebiet aus eisem Häerz kënnt. Dat regelmässegt Gebiet ass wichteg. Et ass eng Freed, mee och e geeschtege Kampf, wou mir Schwieregkeeten a Widderstänn mussen iwwerwannen par l'humble persévérance et l'attente patiente de Dieu. Mir hunn oft keen spontanen Interessi pour les choses spirituelles an eis «maîtrise des distractions n'est nullement assurée». Dofir musse mir eist Häerz fir d'Begéinung mat Gott virbereeden. Dat heescht, eist Häerz vu schlechten a frieme Gedanke rengegen, äis der Gegenwart vu Gott bewosst ginn, him äis selwer an eist Liewen uvertrauen, wéi e Kand sengem Papp, dat weess, dat säi Papp et gär huet, weess, wat gutt fir et ass an och bereet ass, him dat am Iwwermooss ouni Verdingschter ze ginn, nach éier et hien freet (Mt 6,7f).

Et gëtt eng schéi Gebietseröffnung, an der all dat ausgedréckt gëtt: Herr, öffne meine Lippen, damit mein Mund dein Lob verkünde. Reinige auch mein Herz von allen unnützen, schlechten und fremden Gedanken, erleuchte meinen Verstand und entflamme mein Gemüt, damit ich mein Gebet würdig und aufmerksam spreche und Erhörung bei dir finden kann.

d. Weeër, Haltungen, Tugenden, déi zum Gebiet féieren

Dat verlaangt een aarmt an deemütegt Häerz: Selig, die arm sind vor Gott (Mt 5,3) an och d'Gebiet vum Zöllner deen beim Härgott Gnod fënnt: Gott sei mir Sünder gnädig! (Lk 18,13) oder d'Gebiet vum reimiddegen Verbriecher um Kräiz: Jesus, denk an mich, wenn du in deiner Macht als König kommst (Lk 23,42). Dat wichtegst geschitt an der Verbuergenheet vum Häerz, an der bannechter Kummer. Les chemins qui mènent à la prière sont l'humilité, le renoncement, la charité. (P. Louis Leloir)

e. éischte Versuch vun enger Definitioun vum Gebiet op deem Hannergrond

Bieden heescht also fir d'éischt an am déifsten am Verbuergenen, am Ënneren eng déif Verbonnenheet mat Gott opbauen a liewen, bewosst an enger Haltung vu Respekt an Dankbarkeet viru Gott liewen, dee mech gär huet an deem ech mech verdanken an seng absolut Prioritéit iwwer mäi Liewen unerkennen. An da probéieren ech him am Hl. Geescht, deen äis liewen deet a mat Gott verbënnt, mat mengem Häerz, mat menge Wierder, mat mengem Liewen ze äntwerten.

Dat ass dat stännegt Gebiet, deen onënnerbrachenen Dialog mat Gott, dee Jesus den Evangelien no mat sengem an eisem Papp gefleegt huet. Dësen Dialog huet dann och en Afloss op eist Denken an Handelen an och op eist bewosst Gebiet zu bestëmmten Zäiten, no deem mir mat der Zäit ëmmer méi e grouss Bedürfnis hunn.

f. D'Gebiet ass méi grouss a wäit wéi mir mengen. Et bestëmmt eist ganz Liewen an Schaffen.

Hei gëtt äis bewosst, datt d'Gebiet eppes méi Grousses a Wäites ass, wéi déi Momenter, wou mir bewosst e Gebiet soen. Et ëmfaasst och Momenter vu Stëllt a Staunen, an der Natur, bei der Musik, bei der Konscht, Anbetung, Guddes mat Léift maachen. Il faut chercher par toute son âme et toute sa vie un Dieu omniprésent. Dat erënnert äis un dat éischt Gebot: Gott mat eisem ganze Wiesen an all eise Gedanken a Kräfte gär hunn, alles zu senger Eier maachen. Esou gëtt d'Gebiet e Bäitrag zum Heel vun der Welt. Et verännert meng Existenz a mäin Häerz, mécht et méi op, méi wäit, méi verständnisvoll a matfillend, an et ass keng fromm Illusioun.

Celui qui rencontre vraiment Dieu dans sa prière le trouvera partout dans sa vie. La révision de vie a pour but de chercher dans ma vie à rendre l'amour de Dieu efficace et constructeur. Celui qui se livre à cet effort fait de toute sa vie une prière. L'Esprit Saint est la présence purifiante et illuminatrice. Il ne s'agit pas de moins prier, mais de prier vraiment, de toujours prier. Cela n'est pas possible sans un appel permanent à la grâce de Dieu dans les temps forts de la prière. Les hérésies de la prière et de l'action se répondent: le quiétisme et l'activisme.

Lauschtere mir nach emol de Père Louis Leloir, de Spezialist vun de Wüstenväter: «La prière est le miroir du moine, de son être profond, de sa vie, de son travail, ou son épouse, avec laquelle il doit faire un seul être, vis-à-vis de laquelle il ne peut se permettre aucune infidélité. S'il travaille, mais ne prie pas, son travail a déjà perdu, ou perdra bientôt l'empreinte adoratrice nécessaire pour qu'il soit un travail d'Eglise, monastique et spirituellement constructif; du moine qui ne prie pas, ou qui prie mal, il n'y a pas à attendre de service vraiment valable pour le royaume de Dieu.»

2. Prier, c'est d'abord l'action de Dieu et de son Esprit en nous

Aus all deem geet ervir, datt bieden liewensnoutwendeg ass ewéi otmen, op et äis liicht fällt oder op et äis eppes kascht an äis näischt seet. «Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot» seet de Jesus.

Mir hu schonn gesinn, datt Bieden vill méi ass wéi e fest formuléiert Gebiet opsoen, fräi mat Gott schwätzen oder Fürbitte maachen. Eng perséinlech Bezéiung mat Gott, déi him a mir würdeg ass, ka sech net dorop beschränken. Et ass keng Aktioun déi ech eleng maachen, wéi e Bréif schreiwen oder eng Konferenz halen.

D'Gebiet ass fir d'éischt an am Déifsten dem Härgott säin Handelen an mir an u mir, fir dat ech mech opmaachen an dat ech geschéie loossen. «Siehe du wirst von Gott empfangen», seet den Äerzengel Gabriel zu Maria a si äntwert: «Mir geschehe nach deinem Wort. (Lk 1,31 an 38)»

Dans la prière, le Saint Esprit, insensiblement, sans que je m'en aperçoive, me change, éclaire mon intelligence, incline mon cœur, pour que je comprenne et goûte les choses de Dieu, les réalités évangéliques: voir, sentir, juger, aimer toutes choses comme Jésus les voit, les sent, les juge, les aime. Denke mir un déi geheimnisvoll Aussoe vum Paulus an Réim 8,26: der Geist nimmt sich unserer Schwachheit an, denn wir wissen nicht, wie wir in rechter Weise beten sollen.

Peu à peu, le Christ me détache des choses basses et égoïstes. Il me fait sortir de moi-même et il m'attache à lui, à son évangile. Il fait naître en moi l'agapé, rendant ma volonté moins lâche, moins raide… Cette action de Dieu en moi, c'est essentiellement la prière. Souvent on ne sent pas cette influence divine pendant que l'on prie; mais celui qui a l'habitude de prier constate ces effets de l'Esprit du Christ dans sa vie quotidienne: dans les difficultés, les tentations, les moments importants…

Prier, c'est essentiellement me disposer, me rendre disponible à Dieu (Rede Herr, dein Diener hört)

a) faire un effort pour me recueillir, me sortir de mes occupations habituelles
b) m'offrir au Christ complètement: Me voici Seigneur, agissez en moi
c) réfléchir en présence du Christ, lui parler de moi, de mes désirs profonds, de mes difficultés, de mon avenir, lui parler de lui, de son amour pour les hommes, pour son Eglise, pour moi, de sa puissance, de sa miséricorde, de sa gloire.

Tout cela constitue ma collaboration à son action en moi. C'est nécessaire pour que le Seigneur travaille en moi. Mais ce n'est pas l'essentiel. L'essentiel, c'est lui qui l'assure et ça m'échappe complètement. Je peux me sentir vide, distrait, n'avoir aucun goût, j'ai fait ce que j'ai pu mais le Seigneur a agi. Prier peut être une épreuve pour ma foi (les 2 Thérèses): je suis dans la nuit, je me crois seul, je me débats avec l'invisible… Dans ma nuit, il me transforme. Il semble dormir, il est là.

3. Gebiet an Erhéierung (Ausdauer, Prüfung, Rengegung vun den Uleies)

Wat gëtt äis an den Evangelien vum Jesus versprach?

Lk 11,13: Wenn nun schon ihr, die ihr böse seid, euren Kindern gebt, was gut ist, wieviel mehr wird der Vater im Himmel denen, die ihn bitten, den Heiligen Geist geben. (// Mt 7,11: Gutes geben)

Joh 14,12-14: Amen, Amen, ich sage euch, wer an mich glaubt, wird die Werke, die ich tue,
auch selbst tun, und er wird größere als diese tun, weil ich zum Vater gehe.
Um was ihr auch immer in meinem Namen bittet, werde ich tun,
damit der Vater im Sohn verherrlicht wird.
Wenn ihr mich um etwas in meinem Namen bittet, werde ich es tun.

Joh 15,7: Wenn ihr in mir bleibt, und wenn meine Worte in euch bleiben,
dann bittet um was ihr wollt : ihr werdet es erhalten.

(V. 8 Verherrlichung des Vaters durch reiches Frucht bringen und Jüngersein)

Joh 15,16b : (Wenn ihr einander liebt) wird euch der Vater das geben,
um was ihr ihn in meinem Namen bittet.

Joh 16,22-27: Jetzt seid ihr traurig, aber ich werde euch wieder sehen, dann wird euer Herz sich
freuen und euere Freude wird euch niemand nehmen.
An jenem Tag werdet ihr mich nichts mehr fragen.
Amen, Amen, ich sage euch, um was ihr den Vater in meinem Namen werdet,
das wird er euch geben.
Bis jetzt habt ihr noch nichts in meinen Namen erbeten.
Bittet, und ihr werdet empfangen, damit eure Freude vollkommen wird… (V. 25)
An jenem Tag werdet ihr in meinem Namen bitten,
und ich sage nicht, daß ich den Vater für euch bitten werde;
denn der Vater selbst liebt euch, weil ihr mich geliebt und weil ihr geglaubt habt,
dass ich von Gott gekommen bin

De Jesus versprecht äis also Guddes, den Hl. Geescht, Erhéierung vun allem, wourëms mir a sengem Numm bieden.

Wat ass wierklech gutt fir äis? Wësse mir dat ëmmer?

D'Ziel vun eisem Glawen a Liewen ass virun allem en neit, rengt Häerz, Befreiung vun der Sënd, dat éiwegt Liewen. Gesondheet oder Krankheet, Räichtum oder Armut si net erstriewenswäert u sech, mee nëtzlech, wa si deem Ziel dingen. Versuchungen a Prüfungen weisen eise Glawen an stäerken en. Mir kommen beim Vater Unser nach emol drop zeréck.
Am Jakobusbréif fanne mir wichteg Aussoen zum Gebiet an zu senger Erhéierung oder och net.

Jak 1,2: Seid voll Freude, meine Brüder, wenn ihr in vielfältige Versuchungen geratet, wissend, dass die Prüfung eures Glaubens Ausdauer bewirkt, die Ausdauer aber soll zu einem vollendeten Werk führen.

Jak 1,5f: Fehlt es einem von euch an Weisheit, dann soll er sie von Gott erbitten, der allen gern und ohne Vorwurf gibt. Wer bittet, soll aber voll Glauben und nicht zweifeln. Ein Mann mit zwei Seelen, der in allem unbeständig ist, bilde sich nicht ein, dass er vom Herrn etwas erhalten wird.

Jak 4,3.6: Ihr bittet und empfangt nichts, weil ihr in böser Absicht bittet, um es in eurer Leidenschaft zu verschwenden… Gott tritt den Stolzen entgegen, den Demütigen schenkt er seine Gnade. Reinigt die Hände, ihr Sünder, läutert die Herzen, ihr Menschen mit zwei Seelen. Dann wird der Herr euch erhöhen.

Bekennt einander eure Sünden und betet füreinander, damit ihr geheilt werdet. Viel vermag das inständige Gebet eines Gerechten.

Viraussetzungen fir d'Erhéierung ass Demut, Asiicht, e rengt Häerz a gutt Absichten

4. Feelforme vu Gebiet

Wéi déi aner héich Aktivitéiten vum Mënsch kann d'Gebiet och déforméiert ginn. Wat eng Saach méi nobel ass, wat hir Korruptioun méi schrecklech ass. Dat falsch verstanend Gebiet kann zu deene schlëmmsten Irtümer féieren.

A Lk 18,9-14 fanne mir e Beispill vun engem falsche Gebiet, dat net virum Härgott gerecht mécht a vun engem Gebiet, dat dem Härgott gefällt an erhéiert gëtt (gerecht mécht).

Et ass d'Gläichnis vum Pharisäer a vum Zöllner, datt de Jesus deenen erzielt, déi vu sech selwer denken, datt si gerecht sinn an déi déi aner veruechten.

Op deen éischte Bléck héiert dem Pharisäer säi Gebiet sech gutt un: hien seet Gott merci an zielt seng religéis Wierker op: zweemol an der Woch faaschten an d'Tempelsteier bezuelen (ween vun äis huet dat opzeweisen?).

Mee hien mécht dobäi 2 Feeler: Hien vergläicht sech mat aneren (Sënder) a stellt sech iwwer si.

Hien schéngt sech seng Verdëngschter selwer zouzeschreiwen.

Méi subtil ass dës Haltung, wa mir Gott an de reliéise Bereich vun eisem Liewen aspären. Ech bieden, ech erfëlle meng reliéis Flichten, also ka Gott mat mir zefridde sinn.

L'illusion de se sauver par une prière vide et des offrandes belles et régulières, mais inutiles nuisait plus au pharisien que son péché ne nuisait au publicain: celui-ci parlait à Dieu de sa vie, il y trouvait sa pauvreté et il repartait pardonné.

En anert Beispill vun enger falscher Bitte un de Jesus ass d'Fro vum Jakobus a vum Johannes fir lenks a riets vun him a senger Herrlechkeet ze sëtzen (Mk10,35). De Jesus ännert hir Fro an erhéiert se esou, datt et fir hire Glawen an hirt Heel gutt ass.

Aner Beispiller vu gutt gemengte Gebieder, déi een net soll maachen, fënnt een bei Maurice Bellet, Miniscule traité acide de spiritualité, 83s

5. Kuerze spirituelle Kommentar zum Vater Unser (introduction à la foi et à la vie chrétienne)

a. Papp

D'Evangelium erschléisst äis keen intellektuellen, philosopheschen oder héich theologeschen Zougang zu Gott. Seng Approche ass méi einfach, direkt an eise Bedürfnisser ugepasst. De Jesus seet äis, datt mir d'Kanner vun engem Papp sinn, deen äis gär huet. Gott ass eng Léift, déi sech matdeelt, generéis verschenkt. Gott ass Papp, well hien äis an engem stännegen Don d'Liewe schenkt. Dës Matdeelen vu Liewen a Léift ass am Liewe vum dräifaltege Gott grondgeluecht, un deem mir bei der Operstéiung därfen deelhuelen. Mir sinn op de Jesus, seng Wierder, säi Liewen ugewisen. Et kennt kee vun äis de Papp, nëmmen duerch de Jong an am Jong.

b. Eise Papp

Den Härgott huet nirwend mir och nach aner Kanner, déi meng Bridder a Schwësteren sinn. Mir sinn all eng grouss Famill. Dës Bridderlechkeet oder Geschwësterlechkeet tëschend alle Mënschen ass e Band, dat méi staark ass ewéi all Differenzen. Et misst all Trennungsmaueren nidderräissen an et dierft keen ausschléissen. Héi komme mir a Konflikt mat dem Geescht vun der Welt, deen net wellt, dat mir déi Friem, eng feindlech Natioun, e politesche Géigner, e Member vun enger anerer Rass oder sozialer Klass oder e Kriminellen als eise Brudder a Kand vun deemselwechte Papp ugesinn. Eigentlech kënne mir dës einfach awer bedeitungsvoll Wierder «eise Papp» nëmmen richteg an authentesch bieden, wa mir all Form vun Haass, Stolz, Gewalt, Onrecht, Ausbeutung an Ënnerdréckung aus eisem Häerz, aus eiser Séil verdriwwen hunn. Mir bieden dës Wierder an der Kierch a mat der Kierch. Mir giffen dës Wierder onwürdeg ausschwätzen a verspotten, wa mir Mënschen vun anere Kierchen oder Reliounen oder Ideologien giffen aus dem Gotteskannersinn an der Bridderlechkeet ausschléissen oder bekämpfen, wéi et leider an der Geschicht oft virkomm ass.

Dës Wierder sinn d'Wuerzel vum wichtegsten Doppelgebot vun der Gottes- a Nächsteléift. Ech muss se mat Léift zu Gott, zu alle Mënschen a mat Dankbarkeet fir de Jesus bieden.

c. am Himmel

Gott ass wäit iwwer äis, vill méi grouss ewéi mir, verschidden vun all deem, wat erschaf ass, insaississable, digne de respect. Mir stinn him vis-à-vis an der Haltung vun Demut an Ofhängegkeet.

Hien wëllt mat äis a Bezéiung trieden, deelt sech äis mat. Mir schenken äis him, fir gerengescht a verwandelt ze ginn. Eist Liewen kritt en Ziel, eng Hoffnung iwwer dës Welt eraus, dat net nëmmen eng Verlängerung oder Verbesserung vun dëser Welt ass. Am Himmel ass all Béises iwwerwonnen an nees guttgemaach.

d. Däi Numm sief gehellegt

Déi éischt Bitte ass selbstlos a si riicht sech direkt u Gott selwer. Hien eleng soll ugebiet a verherrlecht ginn. An eisem Gebiet geet et fir d'éischt ëm d'Ubiedung vum Härgott. Es ass eng Haltung vun déifem Respekt virun deem, deen helleg ass. Si schléisst all Fluch, all onnëtze oder falsche Gebrauch vum Härgott sengem Numm aus. Hien soll am Zentrum vun eisem alldeeglech Liewe stoen a seng Präsenz soll et bestëmmen. A mir sollen him och mat all eisen Handlungen am konkrete Liewen Eier maachen. Mir sollen net nëmmen eis Matmënschen net skandaliséieren, mee eist Liewen soll esou gerecht a vun der Nächsteléift bëstëmmmt sinn, datt esouguer déi Ongleeweg kënnen eng Verbindung tëschend eisem Liewen als Chrëschten an deem hellege Numm vum Härgott hirstellen.

e. Däi Räich soll kommen

Mir mussen äis dofir asetzen, datt dem Härgott säi Räich op eiser Welt ubrécht. D'Nosinn vum Härgott sengem Räich war e wichtegen Deel vum Jesus senger Botschaft. Säi Räich ass an dëser Welt awer net vun dëser Welt a kann net mat de Mëttelen vun dëser Welt erbäierzwongen ginn. Et ass net nëmmen am Gewëssen mee et huet Konsequenzen fir d'Gesellschaft a mir mussen äis géint Onrechtssystemer wieren. Dem Härgott seng Gnod hëlleft äis dobäi.

f. Däi Wëlle soll geschéien, wéi am Himmel sou op der Äerd.

Dem Härgott säi Wëllen fanne mir an de Geboter vum Evangelium, déi vun der Kierch bewahrt an ausgeluecht ginn. D'Beispill an d'Persoun vum Jesus si fir äis massgebend. Den Hellege Geescht weist jiddferengem seng spezifesch Berufung, säi Wee. Mir leeën mat Gehorsam an Demut eis Fräiheet ze handelen an dem Härgott seng Hänn a loossen äis vun him als gudden Hiert leeden a begleeden. De Wëlle vum Härgott begéint äis an den Evenementer vun eisem Liewen. Wa mir äis Méi ginn, dem Härgott säi Wëllen ze erfëllen, da wend sech alles zum Gudden. Et war dem Jesus säi Gebiet an der Versuchung viru sengem Doud. Hien huet säi Liewen an d'Hänn vu sengem Papp geluecht: Net mäi Wëlle, mee däi Wëlle soll geschéien! Eist ganzt Liewen ass engagéiert. Mee mir därfen bei eisen Entscheedungen och ëmmer op dem Härgott seng Gnod a seng Hëllef zielen, déi mat äis zesummewierkt.

D'Erfëllung vum Härgott sengem Wëllen op der Äerd ass d'Resultat an d'Verlängerung vun Jesus sengem Kommen als Mënsch op d'Welt. Mir sollen säi Wierk elo viruféieren. Mir mussen Gott gär hunn a richteg veréieren. Mir mussen äis Fähegkeeten asetzen. Mir mussen déi aner gär hunn, respektéieren, bei der Wourecht bleiwen, hinnen hëllefen, äis negativ Gefiller am Grëff hunn. De Wëlle vun Härgott muss an der Famill, am Bestiednis erfëllt ginn. Do soll de Glawen fir d'éischt virugi ginn. De Wëlle vun Härgott muss och an der Economie an der Politik erfëllt ginn a schliesslech och an der Kierch. Si därf net nëmmen eng Institutioun sinn mee eng geeschtlech Gréiss, déi deene Gleewegen, besonnech duerch d'Sakramenter Gnode vermëttelt.

Am Himmel gëtt dem Härgott säi Wëllen vollkommen an éiweg erfëllt. Et ass e Beispill fir d'Äerd. Do sinn d'Maria, déi Helleg an d'Engelen, déi fir äis antrieden an äis hëllefen. Et gëtt tëschend Himmel an Äerd eng stänneg Verbindung vu Gnod a Gebiet.

g. Gëff äis haut eist deeglecht Brout

Brout ass déi éischt Liewensnoutwendegkeet. Et bedeit eis Grondnahrung an all déi materiell Saachen, ouni déi mir net liewen kënnen. Si kommen äis net vu sech aus zou a sinn net nëmmen eiser Aarbecht an eisem Geschéck zouzeschreiwen. Si sinn e Geschenk vu Gott, dee fir äis suergt. Mir mussen Gott merci soen, wa mir si hunn an heen drëms bieden, wa si äis feelen. Mir därfen äis net zevill drëms suergen, seet de Jesus an der Biergpriedegt. Dat ass e Mangel u Gottvertrauen. Mir mussen äis awer och drun erënneren, datt eist Brout och dat vun eise Bridder a Schwësteren ass, an datt deen, deen eppes huet, mat deem deele muss, deen näischt huet. D'Broutdeelen huet an der Kierch net nëmmen en sakramentale Sënn. Schenken ass eng chrëschtlech Grondhaltung. Almose ginn dispenséiert äis net dovun, fir (méi) gerecht Strukturen anzetrieden.

Fir äis ass dem Härgott säi Wuert och liewenswichteg. Esou biede mir och: Schenk äis Liewen aus dengem Wuert. Dat Brout, dat mir froen ass schliesslech och dat liewegt Brout, dat vum Himmel erofkomm ass, d'Eucharistie. Mir huelen deel um Jesus sengem Affer. Mir ginn eent mat him an ënnert eneen a sollen gutt Friechte brengen. Dofir ass och d'Gebiet no der Kommioun ganz wichteg. Dëst Brout brauche mir all Dag, ëmmer. «Herr, gib uns immer dieses Brot!»

h. Verzei äis eis Schold

Gott ass baarmhäerzeg. Mee wann eis Bezéiung zum Härgott gestéiert ass, musse mir si erëm an d'Rei brengen. D'Sënd féiert äis vu Gott ewech oder trennt äis vun him. De Jesus huet äis aus der Kniechtschaft vun der Sënd befreit. Säin grausamen Doud um Kräiz soll Friichten vun der Emkéier brengen. Et gëtt keng méi en grouss Léift, wéi wann ee säi Liewen fir seng Frënn higëtt. Dem Jesus seng Passioun war leschtendlech eng Exigenz vun der Léift. Dës Erléisung a Jesus Christus gëtt aktualiséiert duerch d'Affer vun der Mass, d'Sakrament vun der Daf an d'Bousssakrament.

i. Wéi mir och deene verzeien, déi an eiser Schold sinn

Den Härgott stellt eng Parallel tëschend dem Pardon, dee mir vun him empfänken an deem, dee mir anere schenken hir. Mir froen den Härgott net, äis ze verzeien, well mir deenen anere verzeien an och net wéi mir deenen aneren verzeien. Il n'y a pas de commune mesure entre la générosité divine et nos propres pardons, toujours limités et imparfaits. Nous enlevons l'obstacle qui empêcherait l'action rédemptrice du Sauveur d'obtenir son efficacité sur nos âmes. Wann ech mengem Brudder net verzeien, dann huet de göttleche Pardon keng Wierkung. Verzeien heescht all Ierger a Batterkeet, déi ech duerch dat erliddend Onrecht empfannen, ofzeleeën. Et heescht op Rache verzichten. Et ass eng Haltung vu grenzenloser Léift vis-à-vis vun deem, deen am Feeler ass.

De Jesus huet staark op op dës Flicht insistéiert. Soss gëtt eist Affer net ugeholl. Mir mussen och am Häerz deene verzeien, déi äis net ëm Verzeiung froen. Mir hunn awer och d'Fliicht, déi Schwaach viru Gewalt an Iwwergrëffer ze schützen awer ouni Haass. Mir mussen och déi ëm Verzeiung froen, deene mir Onrecht gedoen hunn an, esou wäit et méiglech ass, d'Saach nees an d'Rei bréngen. Et geet hei ëm déi chrëschtlech Grondhaltung vun der Gewaltlosegkeet an der Feindesléift. Eist chrëschtlecht Verzeien huet seng Quell an kritt seng Kraaft aus der Haltung vun Jesus während senger Passioun.

j. Féier äis net a Versuchung

Wéi kann den Härgott, deen helleg a baarmhäerzeg ass, seng Kanner a Versuchung féieren?

Den Härgott stellt seng Dinger op d'Prouf. Hien léisst äis duerch Momenter vu Krise goen zu eisem gudden, fir datt eise Glawen an eis Kraaft méi grouss erauskommen. Mir kennen aus der Bibel d'Beispill vum Abraham a vum Job. Mir, déi mir keng Helleger a keng Riesen am Glawe sinn, bieden den Härgott deemüteg, eis Schwaachheet net op esou eng grouss Prouf ze stellen, mee mir akzeptéieren deemüteg, wa Gott eis rengege wëll.

Et gëtt donirwend déi gewéinlech an alldeeglech Ugrëffer vum Geescht vun der Welt. Den Härgott hëlleft äis, dogéint unzekämpfen an se meeschter ze ginn. Dat ass eng Folleg vun eiser Fräiheet, déi sech bewähre muss an déi eiser Trei zu Gott hire Wäert gëtt. Gott léisst net zou, datt mir iwwer eis Kräfte versiicht ginn. Mir mussen de Versuchungen aus de Féiss goen andeems mir äis ganz Opmierksamkeet op eiser Här Jesus konzentréieren. Hien huet fir äis mat der Versuchung widderstanen.

k. Maach äis fräi vum Béisen

Dat Gutt kann duerch Perversioun, Limitatioun oder Negatioun schlecht ginn. An all Béises gëtt et e Mangel, Disharmonie, Anarchie, Ugrëff op d'Perfektioun. Dat gëllt esou wuel vun der Krankheet ewéi vun der Sënd. Et gëtt e Prinzip vum Béisen, dat, wat d'Evangelium «Satan» oder «Fürst vun der Welt» nennt. Et ass dee Geescht, deen ëmmer an iwwerall «nee» zum Härgott seet, mee deen hien schliesslech Meeschter gëtt.

Mir froen, vun der Sënd, vum moralesch Schlechten befreit ze ginn, an eisem Liewen an am Moment vun eisem Doud. Et gëtt keng méi eng grouss Katastroph a kee méi e grousst Ongléck, wéi vum Härgott getrennt ze sinn. Den Härgott respektéiert eis Entscheedung, d'Heel unzehuelen oder ze refuséieren. D'Heel gëtt allen ugebueden, mee wéi deen eenzelne Mënsch sech entscheed, bleift e Geheimnis.

Mir bieden och vun de Konsequenzen vun der Sënd verschount ze bleiwen. D'Gebiet vum Mënsch an d'Agräifen vum Härgott linderen dat Béist.

Dëst Gebiet muss couragéiert a fest a voll Vertrauen gesot ginn. Mir kämpfen géint dat Béist un der Säit vu Christus, dee leid a gewënnt.

Mir bieden et och am Numm vun all deenen, déi ënnert dem Onrecht vun der Welt an der Sënd leiden an déi bewosst oder onbewosst wëlle befreit ginn. Deem, deen eppes matkritt huet vum Schmerz vun der Welt a vun de Schmerzen an der Verheissung vum Liewe vum Mënschejong, ka sech net mat engem privilegiéierten a liichte Liewen zefridde ginn. Hien siicht all Geleeënheeten, fir sech ze verschenken. Hien huet de Sënn vum mënschleche Liewen entdeckt: sech selwer verleegnen, mat Jesus op déi zougoen, déi dat Béist gegfaangen hält, déi ënner irgendenger Form leiden. Wann hien esou op d'Mënschen zougëtt, geet hien och bei eise Papp am Himmel.

5. Die helleg Mass - Eucharistie

Déi helleg Mass ass d'Quell an den Héichpunkt vun eisem chrëschtleche Glawen. Si geet op den Optrag vum Jesus zerëck an soll an der Gemeinschaft gefeiert ginn. Si setzt sech aus ganz ville verschiddene Forme vu Gebiet zesummen: liturgesche Grouss, Boussgebiet, Luefgebiet, Dagesgebiet, Psalm, Glawensbekenntnis, Fürbitten, Gowegebiet, Dankgebiet, Kanon, Vaterunser, Friddensgebiet, Schlussgebiet. Et ass schwéier a fir déi meescht vun äis eng Iwwerfuerderung bei all deene Gebieder opmierksam a konzentréiert dobäi ze sinn. Iwwer all dës Gebieder an hire Sënn ze schwätzen ass en eegenen Artikel wäert. De Kär ass d'Wandlung an déi Gebieder, déi sech direkt drun uschléissen. Hei biede mir datt mir eent gi mat Christus an datt Glawen, Hoffnung a Léift an eis wuessen a fir Fridden an Heel an der Welt.

Dat wichtegst dobäi kënnt nach emol schéin an engem Abschnitt vum Louis Leloir zum Ausdrock:

Tous les frères se préparaient soigneusement durant toute la semaine à la synaxe du Dimanche,
car elle en était vraiment le sommet.
Trois œuvres étaient considérées comme essentielles pour un moine:
1) participer avec crainte et respect aux saints mystères du corps et du sang du Christ, et les
recevoir en communion
2) ne pas s'isoler de la table des frères
3) laver les pieds de tous les frères qui viennent.

Tout est dominé par l'Eucharistie, mais accompagnée d'esprit communautaire et d'humilité. Elle est considérée par les solitaires comme une purification et un renouvellement du cœur, empoisonnés par les mauvais désirs et imaginations, reçus dans l'allégresse à la fontaine fraîche qui est le Christ.

6. Enracinement ecclésial (la prière apostolique et son efficacité) L. Leloir

Selon un premier courant, très fort chez les Pères du désert (Macaire), pour convertir le monde et alléger ses souffrances, le moine n'a qu'un devoir: celui de chercher à se convertir lui-même, sans se préoccuper de connaître la misère matérielle et spirituelle de ses frères les hommes; moins il y songera, plus sûrement il les aidera.

Le point de vue de Pachôme est différent. En prière à l'écart, pour que la volonté totale de Dieu lui fût enseignée, un ange de la part de Dieu lui dit: «La volonté de Dieu est que tu serves la race des hommes pour les réconcilier complètement avec lui.» Le moine doit être le réconciliateur du monde par sa prière, sa paix, et le témoignage rayonnant de son humble charité; la passion des âmes est essentielle à sa profession.

La prière des Pères du Désert, empreinte d'humilité et de charité, exprimée avec ardeur, obtenait des grâces étonnantes pour les vivants et pour les défunts. Peut-être une foi aussi ardente que celle de leurs Pères, et un souci aussi rigoureux de mettre leurs œuvres à la hauteur de leur prière pourraient-ils permettre aux moines d'aujourd'hui de ne pas moins obtenir par leurs prières que leurs grands devanciers.

7. Dem Jesus seng Gebieder am NT

- Lobpreis des Vater für die Offenbarung an die Unmündigen (Mt 11,25-27// Lk 10,21f)
- Gebet für die Kinder (Mk 10,13-16//)
- Dankgebet an den Vater, wegen Erhörung bei Wiederbelebung des Lazarus (Joh 11,41f)
- Gebet für Simon, dass sein Glaube nicht erlischt (Lk 22,31f)
- Gebet im Garten Getsemani (Mk 14,32-42//)
- nicht: Vater, rette mich aus dieser Stunde, sondern: Vater, verherrliche deinen Namen (Joh 12,27f)
- Joh 17,1-26: das letzte große Gebet Jesus an den Vater,
Bitte um Verherrlichung, Fürbitte für die Jünger
- Gebet am Kreuz: Lk 23,34 u. 46: Vertrauen und Vergebung

All dem Jesus seng Gebieder ënnerstäichen an illustréieren dat, wat mir iwwert d'Gebiet geschriwwen hunn: Verbonnenheet mam Papp a mat sengem Wëllen, Einfachheet, Deemut, Vertrauen, Gebiet ëm Glawen, Léift an Eenheet, éiwegt Liewen.

8. D'Gebiet vu Maria an eist Gebiet an hirer Schoul

D'Maria lieft ganz an der Oppenheet fir den Härgott an a senger Präsenz. Si ass ganz an der Gnod an huet e rengt Häerz. Dofir héiert si dem Härgott säi Ruff a léisst sech drop an, obwuel si erschreckt ass an nach net versteet, wéi dat alles goe soll. Si äntwert bescheiden, awer mat der Bereetschaft vun hirem ganze Wiesen dem Härgott, fir deen näischt onméiglech ass: Ich bin die Magd des Herrn; mir geschehe nach deinem Wort (Lk 1,38).

An hirem Luefgebiet op den Härgott (Lk 1,46-56) bei hirer Kusin Elisabet, déi si wéinst hirem Glawe glëcklech nennt, weist si hir Freed iwwer d'Gréisst vum Härgott a säi Wierken als Retter. Si schreift sech näischt zou mee alles dem Härgott an sengem Geescht, deen an hir wirkt. Dorunner erkenne mir nees hir Deemut an d'Rengheet vu hirem Häerz. Aus hirer Erfahrung mat Gott schäfft si och Glawen a Vertrauen fir dem Härgott säi baarmhäerzegt Wierken an anere Mënschen, déi den Härgott gär hunn. Si denkt virun allem un déi Kleng, déi Schwaach, déi Aarm an Ënnerdréckt.

Wann d'Hierden op Chrëschtdag bei d'Krëpp kommen an dat erzielen, wat hinnen iwwert de Jesus gesot ginn ass, bewahrt d'Maria dat an hirem Gediechtnis an denkt driwwer no. Si gëtt sech drun, dem Härgott säi Wëllen an Wierken an hirem Liewen an an der Welt ze verstoen.

Op der Hochzäit zu Kana (Joh 2,1-12) ass si opmierksam fir d'Nout vun de Brautleit, fillt mat hinnen, setzt sech beim Jesus fir si an. Si fillt mam Jesus a mat de Mënschen.

Ënnert dem Kräiz hëllt si d'Mammeroll fir äis all un (Joh 19,25-27).

Bei hiren Erscheinungen rifft si zur Ëmkéier an zum Gebiet fir d'Sënner an déi Krank op an trëtt fir Fridden a Gerechtegkeet an. Si vermëttelt deen Trouscht an déi Hoffnung, déi si selwer vum Härgott geschenkt kritt huet. Si weist a schenkt äis de Jesus an eist Ziel iwwer dës Welt mat hirem Leed eraus.

- D'Maria invitéiert äis zur Meditatioun a Kontemplatioun, datt mir déi déif Zesummenhäng an eisem Liewen am Liicht vu Gott, am Glawen, erkennen an unhuelen (révision de vie)
- D'Maria invitéiert äis zum Luef- an Dankgebiet fir äis Erléisung a Jesus Christus
- Si léiert äis d'Haltung vum Gotteskand, datt de Wëlle vum Papp erfëllt
- No hirem Beispill solle mir och fir aner Mënschen antrieden an hinnen hëllefen
- Si invitéiert äis och eis Sënnen anzegesinn, ze bereien an ze bekennen an an der Beicht eist Häerz erneieren ze loossen.
- Si stäerkt eis Hoffnung op dat éiwegt Liewen a Gemeinschaft mat Gott a sengen Hellegen

9. Zesummefaasung vum Gebietswee nom Evagre le Pontique an Irenäus Hausherr S.J.:

Voilà donc le chemin de l'oraison (pas affaire de force physique, mais de foi et de persévérance),
il va: des larmes de la pénitence, par la pratique de toutes les vertus, par le renoncement à tout, par l'abnégation totale de soi-même, par la douceur surtout et la charité fraternelle, à travers des purifications progressives d'âme et d'intelligence, dans l'abandon absolu à la volonté de Dieu toujours occupée à nous conduire au but, malgré les persécutions diaboliques à vaincre par la patience, évitant les illusions par l'humilité, à la paix et au repos ineffable de la contemplation de Dieu.

Nach e wichtegt a schéint Gebiet vun der hl. Mirjam vun Abellin

Herr Jesus, im Schweigen dieses anbrechenden Morgens,
komme ich zu dir und bitte dich
mit Demut und Vertrauen um deinen Frieden,
deine Weisheit und deine Kraft

Gib, dass ich heute die Welt betrachte
mit Augen, die voller Liebe sind,
lass mich begreifen, dass alle Herrlichkeit der Kirche
aus deinem Kreuz als Quelle entspringt.

Lass mich in meinem Nächsten den Menschen empfangen,
den du durch mich lieben willst und
gib mir die Bereitschaft ihm mit Hingabe zu dienen und
alles Gute, das du in ihn hineingelegt hast zu entfalten.

Meine Worte sollen Sanftmut ausstrahlen
und mein ganzes Verhalten soll Frieden stiften.
Nur jene Gedanken, die Segen bringen,
sollen in meinem Geiste haften bleiben.

Verschließe meine Ohren vor jedem übelwollenden Wort
und jeder böswilligen Kritik.
Meine Zunge möge nur dazu dienen das Gute hervorzuheben.
Vor allem bewirke oh Herr,
dass ich so voller Frohmut und Wohlwollen bin,
dass alle, die mir begegnen, deine Gegenwart und deine Liebe spüren.

Bekleide mich mit dem Glanz deiner Güte und deiner Schönheit,
damit ich dich im Verlauf dieses Tages offenbare.

Amen.

Hl. Mirjam von Abellin
Nonne, Mystikerin
* 5. Januar 1846 in Abellin bei Nazaret in Galiläa, Israel;
† 1878 in Bethlehem, Palästina

Quellen
- Au seuil de la prière, Prière et vie, L'action de Dieu en nous, copies, auteur?
- Maurice Bellet, Minuscule traité acide de spiritualité
- Jean Climaque, L'échelle Sainte
- Romano Guardini, Vorschule des Betens /Initiation à la prière
- Irénée Hausherr, Prière de Vie, Vie de Prière
- Jean Lafrance, Prie ton Père dans le Secret
- Dom Louis Leloir, La prière dans: Désert et Communion, Témoignage des Pères du Désert
- Un moine de l'Eglise d'orient, Notre Père
- Evagre le Pontique, La prière
- La prière du cœur, la prière théologale, L'ordre des Chartreux, textes spirituels
- Site du Carmel
- Xavier Léon-Dufour, La prière dans Vocabulaire de Théologie Biblique
- Guy Gilbert, Mes plus belles prières


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles