Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Däi Liewe soll e Fest sinn – d'chrëschtlech Freed

$
0
0

D'Priedegt lauschteren

Download
Quell: Radio DNR

1. Dem Nietzsche seng Fuerderung un d'Chrëschten, se misste méi frou drakucken („Sie müssten fröhlicher aussehen die Christen“) gëlt och haut. Eise Generalvikar huet mer verzielt, wéi impressionnéiert hie war op enger Assemblée vu Lëtzebuerger Moslemen, iwwert deenen hire positiven, konstruktive Geescht, hire freedegen Engagement an déi frou Opbrochstëmmung, déi do ënnert deene Leit geherrscht huet.

Wéi ass et bei äis? Jo, léif Matchrëschten, et gëtt och eng chrëschtlech Freed. Gemengt ass eng echt Freed, keng Scheinfreed. Dem Jesus säi Grondgefill war d'Freed um Liewen, eng Freed, déi vu Gott hirkënnt. Dat ass de Kär vu senger Botschaft: „Damit meine Freude in euch ist und damit eure Freude vollkommen sei.“ (Joh 15,11)

2. Wéi a wouriwwer solle mer äis freeën? Firwat sech net emol einfach um Liewen freeën? Mer hu nëmmen dës Lieweszäit, an déi ass kostbar. Mer participéieren um Räichtum vum Dosinn. „Carpe diem“, seet den Horaz, „pléck den Dag, huel e bei den Hoer, ier e vergeet“. De Benedikt XVI. ergänzt: Dat ass de chrëschtleche Sënn vum „carpe diem“, „cueille l'aujourd'hui où Dieu t'appelle pour te donner son salut“. Jo, notz d'Geleeënheet, soulaang Zäit ass. „Verweile doch, du bist so schön“, seet de Goethe zum Abléck fir e festzehalen, fir an dëser Endlechkeet Éiwegkeet ze erhaschen. Mäi Gott, wat ass d'Liewen dach schéin! Freed ass Ausdrock vu Liewegkeet. T'muss net ëmmer eng iwwerscheimend Freed sinn. T'kann och dat stëllt Gefill vu Stëmmegkeet sinn, sech wuelfillen.

Wa mer d'Welt als Frënd betruechten a frëndlech mat hir ëmginn, da wäert si och frëndlech mat äis sinn. Si gëtt en Deel vun äis, eng ënnerlech Eenheet entsteet, Freed unenaner.

Freed kënnt duerch Schenken, awer och duerch Opmierksamkeet fir sech selwer. Wie schlecht mat sech selwer ëmgeet, huet keng Freed um Liewen. Jo, léif Leit, huele mer äis un, wéi mer sinn. Wien sech ënner Vollkommenheetsdrock stellt, wäert ni zefridde ginn. Perfektiounsstress ass de Feind vun all Freed. Wann ech gleewen, dass ech ugeholl sinn, dass Gott mech gär huet ganz esou wéi ech sinn, da brauch ech net krampfhaft no Selbstfindung ze sichen, fir mech selwer unhuelen ze kënnen. Free dech iwwert dech selwer! Du hues e Recht op dech selwer. Lief selwer däi Liewen aplaz gelieft ze ginn! Bejo dech mat deene Lieweskräften, déi Gott der geschenkt huet. Da bass de wéi e Bam, dee geplanzt ass laascht e Floss a Friichten dréit zur richteger Zäit. Mam Ps. 139 kënne mer soen: „Ich danke dir, dass du mich so wunderbar gestaltet hast.“ D'Freed u mir selwer ass d'Freed u mir a menger Eemolegkeet. Déi Freed kann ech léieren. Dat erlaabt mer, de Sprong an d'Liewen ze woen. Mech selwer unhuelen a mech mat menger Liewesgeschicht versöhnen. Eng Konsequenz heivun: Sech bewosst Zäit huele fir eppes, dat Freed mécht. T'muss ee gutt mat sech selwer sinn, net an éiwegem Hader a Widersträit. Dann däerfs de der och emol zougestoen, dass de eppes falsch méchs, dass de Proje'en an de Sand setz, e falsche Wee aschléiss. Du daarfs dir selwer wuelwëllend begéinen, och wann s de Réckfäll erleids.

Liewesfreed besteet doran, d'Liewen esou unzehuelen, wéi et ass, och a senger Begrenztheet. Do gehéiert och eng Portioun Humouer derzou: „Life is too important to be taken seriously“, esou den Oscar Wilde. Ech schmunzelen iwwert déi kleng Onvollkommenheete vum Liewen aus enger gewësser Distanz eraus. An enger „table ronde“ gouf d'Fro opgeworf „Que reste-t-il du propre de l'homme?“ An d'Äntwert: „Peut-être le rire.“„Fröhlich sein und die Spatzen pfeifen lassen“, seet den Don Bosco. Dat ass chrëschtlech Geloossenheet: Ech akzeptéieren, dass d'Welt – ech inklusiv – endlech a begrenzt ass.

Kucke mer emol eist eegend Liewen ënnert dem Aspekt Freed: déi Erliefnësser a Begéignungen, Grondstëmmungen an och kleng Freeden, déi äis zudéifst frou gemat hunn, aplaz ëmmer nëmmen eise krank maachenden Erfarunge nozesoueren. Jo schreiwe mer eis Freedebiografie, wéi d'Psychologin Verena Kast recommandéiert. A Momenter vu Freed ware mer zudéifst averstan mat äis an eisem Liewen. Vun esou Momenter geet eng Invitatioun aus, och haut Jo ze soen zu eisem Liewen an eiser Liewegkeet. Vun der Emotioun vun der Freed geet eng heelend Wierkung aus. Op der Spuer vun dëser Loscht a Liewegkeet kann ech Gott a mengem Liewen entdecken.

3. Jo, et gëtt och déi reliéis begrënnte Freed. „Glaube ist... Freude im Hl. Geist. Er ist die fröhlichste und heiterste Sache der Welt. Er ist völlig unvereinbar mit Griesgrämigkeit, Missmut und Hartherzigkeit.“ Dat mengt den englesche Priedeger John Wesley. Esou wéi mer äis no enger ustrengender Wanderung freeën op frëscht Waasser, esou wéi de Reen d'Natur belieft an aus Wüste Gäert mécht – esou wëllt de Glawen äis Freed schenken op eisem dacks schwéiere Lieweswee; esou wëllt de Glaf eis munchmol dréchen an dier Lieweslandschaft un d'Bléie kréien an eis Granzeskeet an eise Mëssmut verdreiwen. „Croire pour mieux vivre“, heescht eng franséisch Publikatioun. De Journalist Matthias Matussek schreift: „Es gibt eine sprungbereite Feindseligkeit dem Katholizismus gegenüber... Er wird als großangelegte Spielverderberei in der Feier des Lebens betrachtet, wo er doch eine der fröhlichsten, der kunstsinnigsten und sinnenfreudigsten Religionen ist, die es gibt.“

Glawen huet mat Liewesloscht ze dinn. Loscht um Liewen ass eppes aneres wéi dat, wat d'Spaassgesellschaft ustrieft. T'ass eppes aneres wéi iwwerflächleche Fun. T'ass d'Konscht, ganz am jetzegen Abléck ze liewen, mat alle Sënner ze liewen, dat positiv wouerzehuelen, wat grad ass. T'Konscht präsent ze sinn, mat Uechtsamkeet, zum aneren awer och Lassloosse vun deene villen ënnere Stëmmen, déi stännech eppes gär vu mer hätten oder mech hin an hir dreiwen. „Geh vor mir her und sei ganz!“, steet an der Genesis (17,1). Ganz sinn, Jo zum Liewe soen, d'Liewen esou ëmäerbelen, sech op d'Abenteuer vum Liewen aloossen.

Léif allegur! Mir all spieren eng déif Sehnsucht an äis. Leschtlech verweist déi Sehnsucht äis op Gott. A Gott si mer wierklech gebuergen a gedroen an ugeholl. „Entdecke die leise Freude!“, esou de Wunibald Müller. Glawe vermëttelt d'Frëndschaft vu Gott an domat eng grouss Quell vu Lieweskraaft, well seng Freed a Wäertschätzung a mir lieft. Ech si mer gewëss, dass hie mech kennt, uecht, schätzt an ënnerstëtzt. Dat ass Gnod. An nach méi: T'ass wéi an der Frëndschaft tëschend Mënschen. Wëssen dass et ee gëtt, dee sech vun Häerzen un engem freet, dat ass ee vun de schéinste Grënn fir ze liewen. Frëndschaft a Liewessënn ginn Hand an Hand. E Liewen aus dem Glawe bedeit also, d'Freed ze genéissen, déi Gott u mir huet. Ech hu Raum a Gott fonnt an duefir aneres verlooss: de Stolz, den Egoismus, d'stännech Suerg. T'geet also drëm, wivill Raum ech Gott ginn a wéiwäit ech mech do engagéieren. Dass hie selwer dee Raum vum Liewe schaft, dat ass Gnod a verdanke mer senger Kraaft, déi sech iwwert eis Leeschtungen, eist Kënnen an Netkënnen, eist Scheiteren a Versoen ewechsetzt.

4. D'Freed um Matmënsch dann! Aus der Erfarung wësse mer, watfir eng Freed et ass, fir anerer eppes ze maachen. Den Henri Nouwen schreift: „Ist das nicht ein wunderbares Geheimnis? Unsere größte Erfüllung besteht darin, uns selbst an andere zu verschenken.“ E glécklecht Liewen ass e Liewe fir anerer. Fann an denge Bezéiungen, och deër mat Gott, Gebuergenheet, Zougehéiregkeet an Erfëllung!

5. Looss Trauer zou! Se wäert ophéieren, se wäert sech transforméieren, se wäert dech an eng nei Liewesfreed eraféieren. Trau dem Wuert aus der Hl. Schrëft (Offbg 21,4): „Er wird alle Tränen von ihren Augen abwischen. Der Tod wird nicht mehr sein, keine Trauer, keine Klage, keine Mühsal. Denn was früher war, ist vergangen.“

Well alles huet jo seng Zäit, seet d'Buch Kohelet: Zäit fir ze liewen, Zäit fir ze stierwen, Zäit fir ze kräischen an Zäit fir ze laachen, Zäit fir ze traueren an Zäit fir sech ze freeën. Ech däerf d'Zäit vun der Trauer net iwwersprangen, ech muss se aushalen. Mä ech däerf hoffen, datt se sech verwandelt, datt sech d'Kloen an Danze verwandelt, wéi de Ps. 30,12 seet: „Du hast meine Klage in Tanzen verwandelt, du hast mir das Trauergewand ausgezogen und mich mit Freude gegürtet.“ Da gëtt aus der Trauregkeet Loscht um Liewen. Huelen ech och meng Liewesgeschicht un, mat hiren Héichten an Déiften, och deene schmäerzlechen Erfarungen a Lacunen. Im Nachhinein kann ech och dofir dankbar sinn a frou, dass ech all dat duerchgestanen hunn, dass ech sinn, wéi ech sinn. „Non, je ne regrette rien“, séngt d'Edith Piaf.

6. Wou de Jesus wierkt, do ass keng gedréckte Stëmmung, keng Selbstentwertung a keng Selbstbeschëllegung, mä do ginn nei Liewesméiglechkeeten ugebueden, do bestëmme Fräiheet a Freed eist Liewen. Den hl. Athanasius huet emol gesot, dass den Operstanenen en endlost Fest an äis feiert. Eist Liewen ass et wäert, gefeiert ze ginn, well Christus selwer äis a senger Operstehung opgeriicht an eng onantastbar Dignitéit geschenkt huet.

Léiwe Brudder, léif Schwëster! Du bass beschenkt! Alles gëtt anescht a mengem Liewen, wann ech dru gleewen, dass Gott et zäertlech beréiert, dass seng Léift an all Beräicher vu mengem Alldag eraliicht, dass hien an all Säitestroosse vu menger Séil erakënnt, fir se mat sengem Liicht hellzeman. Léiwe Brudder, léif Schwëster! Däi Liewe soll e Fest sinn!

7. Maria! Däi Lidd, dat vun dir iwwerliwwert ass, ass e Lidd vu Freed. „Magnificat anima mea Dominum. Meine Seele preist die Größe des Herrn, und mein Geist jubelt über Gott meinen Retter!“ Schenk äis, Maria, deng Freed. A looss äis deelhuelen un denger iwwerschweimender Freed iwwer d'Operstehung vun dengem Jong, deem neit Liewe geschenkt ginn ass, fir dass et op äis iwwergeet. Free dech, Maria. Free dech mat äis! Regina caeli, laetare. Alleluja!


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411