Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Séance spéciale: Ida

$
0
0

Polen, 1962, d'Schwëster Anna steet kuerz virdrun, hir éiweg Profess ofzeleeën. Hir Supérieure beweegt si dozou, dat spartanescht Klouschter, an deem si wunnt, säit si als Kand hei opgeholl gouf, fir e puer Deeg ze verloossen. D'Schwëster Anne fënnt eng onbekannten Tatta erëm, eng fréier stalinistesch Procureure, déi hir hir jiddesch Originen verréit...

Bei Geleeënheet vun den “Journées des Médias 2015” vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, invitéiert de Service Communication et Presse vun der Kierch en Dënschden, den 10. November, um 19 Auer op eng Spezialvirféierung vum exzeptionelle Film «Ida» am Ciné Utopia um Lampertsbierg. Ida ass e Film vum Pawel Pawlikowski (Polen 2013, 82 Minutten), dee mir Iech a franséischer Versioun weisen.

Polen, 1962, d'Schwëster Anna steet kuerz virdrun, hir éiweg Profess ofzeleeën. Hir Supérieure beweegt si dozou, dat spartanescht Klouschter, an deem si wunnt, säit si als Kand hei opgeholl gouf, fir e puer Deeg ze verloossen. D'Schwëster Anne fënnt eng onbekannten Tatta erëm, eng fréier stalinistesch Procureure, déi hir hir jiddesch Originen verréit. Déi zwee maachen sech uechter d'Land op d'Sich, fir ze verstoen, wat aus hiren Elteren während der Nazi-Okkupatioun ginn ass.

Als spirituellen a perséinleche Wee ugeluecht, ënnersträicht de Film, mat vill Geschéck, d'Wichtegkeet seng Wuerzelen erëmzefannen, och wann et wéi deet.

De Film krut ë.a. den Oscar fir de beschten auslännesche Film, 5 Präisser beim europäesche Filmpräis an de Signis-Präis als beschten europäesche Film 2014.

Nom Film invitéiere mir Iech op e Frëndschaftspatt.

Reservéiert Är Ticketen direkt beim Kino Utopia: Tel. 224611. Präis: Tarif Utopia.

Den Trailer vum Film:

Méi Infoen zum Film op: http://www.ida-movie.com


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images

Trending Articles