
Op Invitatioun vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an an Zesummenaarbecht mam Service de la Pastorale ass dëst Joer fir déi zweete Kéier eng Marche fir d'Evangeliséierung e Sonnden, den 8. November, ënnert dem Motto “Zesummen um Wee bei d'Graf vum Hl. Willibrord”. Rendez-vous ass sonndes mëttes um 12 Auer am Fräihof zu Steenem, vun do aus geet et op Iechternach an d'Basilika.
Ensemble en route vers le tombeau de St. Willibrord: Marche pour l'évangélisation le 8 novembre
Op Invitatioun vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich an an Zesummenaarbecht mam Service de la Pastorale ass dëst Joer fir déi zweete Kéier eng Marche fir d'Evangeliséierung e Sonnden, den 8. November, ënnert dem Motto “Zesummen um Wee bei d'Graf vum Hl. Willibrord”. Rendez-vous ass sonndes mëttes um 12 Auer am Fräihof zu Steenem, vun do aus geet et op Iechternach an d'Basilika.
De Programm
12.00 Auer: Rendez-vous am Fräihof zu Steenem (wgl. Pic-nic matbréngen)
14.00 Auer: Kierch vu Steenem - Wuert vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich
14.30 Auer: Fousswee laanscht d'Sauer op Iechternach … Statio … Kräizkapell … Basilika (+/- 6 km)
17.00 - 18.00 Auer: Gebiet virum Sakrament an der Basilika vun Iechternach
18.30 Auer: Mass fir d'Uleies vun der Evangeliséierung
Fir Informatiounen: Service de la Pastorale, Tel. 462023-43
Em Umeldung gëtt gebieden: pastoralecathol.lu