
Wéi den Här Äerzbëschof de Parverbandsréit Mëtt Juli zum Ofschloss vun hirem Mandat Merci gesot huet, dunn ass och ugekënnegt ginn, dass d'Diözes sech op de Wee mécht, fir d'Kierch zu Lëtzebuerg fit fir d'Zukunft ze maachen, dëst ënnert dem Motto “Fir eng missionaresch Kierch, no bei Gott an no bei de Mënsche vun eiser Zäit”.
Dat betrëfft d'pastoral Aarbecht awer och d'Struktur vun der Diözes. Dofir sinn all interesséiert Leit häerzlech invitéiert un engem Regionalforum deelzehuelen, wou virgestallt gëtt, wat a Saache Pastoral an de Paren an de nächste Joren op d'Kierch duerkënnt. Dat Ganzt geschitt am Kader vun engem ‘processus synodal', dat heescht an enger gemeinsamer Demarche vun Iwwerleeën an Austauschen.
De Regionalforum gëtt Äntwerten zu:
- Kateches an der Par (wéi organiséiere mir z.B. d'Glawensvermëttlung an der Par)
- Reorganisatioun vun de Paren
- Wat fir eng Hëllefe ginn et heifir?
Konkret gi folgend Saache virgestallt:
- d'Landkaart mat den Neie Paren + Dekanater
- wéi plange mir an den Neie Paren d'kierchlecht Liewen an den nächste 5 Joer (ronderëm Diakonie, Verkënnegung, Liturgie a Kommunio)?
- d'konkret Aufgabe vun de Paren an der Zäit vu Januar 2016 bis Juli 2017 an d'Hëllefen, déi ugebuede ginn.
D'Datumer vun de Regionalforen
26. Oktober: Miersch, Porkierch (fir d'Pastoralregioun Zentrum + Lëtzebuerg-Land)
27. Oktober: Houwald, Porkierch (fir d'Pastoralregioun Süd-Osten = Dekanat vu Bétebuerg)
28. Oktober: Gréiwemaacher, Altersheem (fir d'Pastoralregioun Osten)
3. November: Esch/Uelzecht, Maison des Oeuvres, rue de l'église (fir d'Pastoralregioun Süd-Westen)
5. November: Housen: Parc Hosingen – Centre Ecologique (Pastoralregioun Norden)
D'Versammlunge fänken um 20 Auer un. (D'Paschtéier an d'haaptamtlech MataarbechterInnen gesi sech schonn éischter.)