23 De Jesus sot zu senge Jünger: "Wann ee mech gär huet, hält hien sech u mäi Wuert. Dann huet mäi Papp hie gär, a mir komme bei hien an huelen eis Wunnecht bei him.
24 Wie mech net gär huet, deen hält sech och net u meng Wierder. Dat Wuert, dat dir héiert, ass awer net mäin eegent Wuert, ma dem Papp säint, dee mech geschéckt huet.
25 Dëst hunn ech iech elo gesot, wou ech nach bei iech sinn.
26 De Bäistand awer, den hellege Geescht, deen de Papp a mengem Numm schéckt, dee léiert iech alles, an hien erënnert iech un alles, wat ech iech gesot hunn.
27 Fridden hannerloossen ech iech, mäi Fridde ginn ech iech. Net wéi d'Welt e gëtt, ginn ech iech en. Äert Häerz soll net onroueg sinn, an et soll net fäerten!
28 Dir hutt héieren, datt ech iech gesot hunn: Ech gi fort, ma ech kommen zréck bei iech. Wann dir mech gär hätt, da géift dir iech freeën, datt ech bei de Papp ginn, well de Papp ass méi grouss ewéi ech.
29 Ech hunn iech et elo gesot, éier et geschitt, fir datt dir deen Ament, wou et geschitt, gleeft."
KONTEXT
Am allgeménge ginn d'Kapitelen 13-17 vum Joh als e Ganzt ugesinn ; se sinn ewéi verschiddefuerweg Krellen, déi uneneegereit sinn : de Jesus schwätzt mat senge Jünger, an duerch si mat all de Jünger, déi nokommen, vun der Zäit, vu wou un hie « verherrlecht » ass, d.h. och vun eiser Zäit ; hie mécht hei quasi säin Testament a seet senge Leit mat Nodrock wat säi leschte Wëllen ass, eng litteraresch Gattung, wéi se méi dacks an der Bibel virkënnt (cf. Gen 49 ; Dtn33, 1ff ; Apg 20, 17ff) ; op déi Manéier erkläert de Jesus beim Joh de Sënn vu sengem Doud.
Déi dräi lescht Sonndeger (5., 6., 7. Sonndeg vun der Ouschterzäit) viru Päischten steet an der Liturgie (Joren A, B an C) dem Jesus säi Fortgoen am Mëttelpunkt (net méi seng Operstéiung). – Joh 14, 23-29 soll da wahrscheinlech och duerch de Gedanke vum Jesus sengem Fortgoen un d'Evangelium vum leschte Sonndeg (Joh 13, 31-35) uknëppen. Hei kléngt awer och schonn un, datt hien erëm kënnt.
TEXT
De Jesus sot zu senge Jünger (V. 23a):
Eigentlech äntwert de Jesus dem Judas (net dem Judas Iskarioth, cf. V. 22) op seng Fro ; hei am liturgeschen Text äntwert hien awer de Jünger all ; dorunner gesäit een, wéi d'Evangelium vun dësem Sonndeg aus sengem Kontext erausgeschnidden ass.
« Wann ee mech gär huet, hält hien sech ... (Vv. 23-24) :
D'Vv. 23f gehéieren dem Sënn no eigentlech nach bei d'Vv. vu virdru wou Rieds ass vum Jesus, dee fortgeet. – De Joh beschreiwt hei, wat eng chrëschtlech Gemeinschaft vun der net-chrëschtlecher Gemeinschaft (= der Welt/Kosmos, cf. V. 27) ënnerscheed ; esou geet de Frommen hir Hoffnung aus dem Alen Testament an Erfëllung (1Kin 8, 27 ; Ez 37, 26f ; Zach 2, 14, Zitater, déi fromme Judde grad wéi dem Joh senge Chrëschte wahrscheinlech bekannt waren ; hannert dëser Uspillung verstoppt sech gären dem Joh seng Rechtfertegung vum chrëschtleche Glaw géint d''Judden', cf. de leschte Sonndeg d'Situatioun vum Joh senger Gemeinschaft ; cf. am N.T. och 2Kor 6, 16 ; Eph 3, 17 ; Apk 3, 20). – De Joh seet awer net, wat do geschitt, wou een de Jesus net gär huet ! – Mer si matsen an der johannäescher Abschiedsried : et geet drëms Courage an Hoffnung ze maachen (an net méi drëms eng hoart an explizit Kontrovers mat ‘de Judden' ze féieren) : Gott selwer kënnt bei d'Chrëschten a bleiwt bei hinnen (net : si gi bei hien !). – Dat Wuert, un dat deen sech hält, deen de Jesus gär huet an dem Jesus säint net ass, ma dem Papp säint, sinn (ë.a.) d'Geboter (cf. Vv. 15.21), déi de Jesus erkläert huet.
Dëst hunn ech iech gesot ... (V. 25) :
De V. 25 leed zu engem neien ‘Abschnitt' iwwer, tselwescht wéi och schonn a Joh 16, 1.4.33.
De Bäistand awer, den hellege Geescht ... (V. 26) :
De Bäistand (=Paraklet/hellege Geescht) gëtt op Ufro vum Jesus duerch Gott oder vun him selwer senge Leit geschéckt (cf. Joh 14, 13f.16.26 ; 15, 16.26 ; 16, 23-26). – D'Jünger, déi de Jesus zu senge Liewzäite gesinn an héieren hunn, erënneren sech (no Ouschteren) un dat, wat hie gemeet a gesot huet ; dat geet awer nëmme mat Hëllef vum Bäistand ; dës Hëllef weist hinnen de Wee fir méi en déift Versteesdemech vun deem, wat geschitt ass ze kréien (cf. 2, 22 ; 12, 16), resp. hie weist hinnen d'Erklärungsméiglechkeeten, d'Äntwerten op d'Fro nom Sënn vum Jesus sengem Liewen a Stierwen duerch de Verwäis op d'Schrëft, eist Aalt Testament (cf. 15, 26 ; 16, 13-15). An engems ass hien de Garant, datt si net ier ginn – an ouni hie geet et net. De Bäistand kënnt an d'Plaz vum Jesus, hëlleft der Gemeinschaft ze bestoen, iwwerdeems hien si un de Jesus bënnt (doduerch datt hien si un säi Wuert erënnert an hinnen dru festhalen hëlleft, cf. 1Joh 2, 1). – D'Synoptiker kennen e Bäistand an dëser Form net, wuël war awer a verschidde Kreeser vum Juddentum esou ee Bäistand oder een, dee fir d'Mënsche bei Gott geschwat huet, bekannt.
Fridden hannerloossen ech iech, mäi Fridden ... (V. 27) :
Dëse Fridden erënnert un de Grouss vun deem Operstanen (Joh 20, 19. 21 ; cf. och 16, 33) ; dëse Fridden ass en Deel vum Jesus sengem Testament, vun deem, wat seng Leit vun him ierwen. Dëse Fridden/Shalom = méi wéi kee Sträit, mee eng Harmonie tëscht Gott, de Mënschen ënnert eneen an der Natur ; e gehéiert zu de Gowe vun dem messianeschen Zäitalter, dofir sollen d'Chrëschten net onroueg sinn an net fäerten (V. 1 ; cf. Jes 9, 5f ; Mi 5, 4 ; besonnesch och de Lk insistéiert op dëse Fridden, cf. Lk 1, 79 ; 2, 14ff ; 7, 50 ; 8, 48 ; 10, 5f ; 11, 21 ; 19, 38.42 ; 24, 36). An der chrëschtlecher Gemeinschaft gëtt hien an der géigesäiteger Léift am Gedenken un de Jesus gelieft, ass dofir net esou, wéi d'Welt e gëtt. An der joh Logik provozéieren de Glawen un deen Operstanenen an d'Léift an der Gemeinschaft der Welt hiren Haass (d'Welt = dem Joh säi Begrëff fir dat, wat negativ ass an de Mënschen als en Deel vun der Welt, déi d'Däischtert léiwer hat an dofir de Jesus net ugeholl huet); provozéiert eng chrëschtlech Gemeinschaft net dësen Haass, dann ass se verweltlecht ; si huet de Shalom verluer – an eng Grenz veleeft tëscht deenen, déi de Jesus gär hunn (also sech un säi Wuert halen, cf. V. 23) an deenen aneren, eng Grenz, déi net nëmmen d'Gemeinschaft vun der Welt trennt, mee och d'Leit innerhalb vun der Gemeinschaft.
Dir hutt héieren, datt ech iech gesot hunn, ... (Vv. 28f) :
Eng leschte Kéier résuméiert de Jesus seng Ried : an de Vv. 4-14 huet hie geschwat vun der Verbonnenheet mat him am Glawe, déi bleiwt ; an de Vv. 15-24 vun der Verbonnenheet mat him an der Léift, déi bleiwt ; dëse Fuedem gräift de Joh elo erëm op a féiert e weider : wann si elo scho verstoe géifen, da géifen si sech iwwert dem Jesus säi Fortgoe freeën ; dës Freed gëtt och a Joh 16, 20-22 ; 20, 20 ernimmt a beschriwwen. – De Jesus geet fort duerch den Doud um Kräiz, bei de Papp, dee méi grouss ass wéi hien, d.h. de Papp, deem hie vertraut an trei bleiwt. – De Joh weist de Jesus als deen, dee wees, wuër säi Wee hiféiert (cf. duerch déi ganz Passioun erduerch d'Ev. vu Karfreideg) ; hie hat seng Leit prévenéiert ; esou konnten seng Wierder zu engem ‘Zeeche' ginn, duerch dat si zum Glawe gefouert (kënne ) ginn – woubäi ‘Glaw ?, ‘gleewen' am biblesche Sënn ‘vertrauen op/Vertrauen hunn an' bedeit.