20 De Jesus huet an den Himmel opgekuckt an huet gebiet:
"Hellege Papp, ech froen net fir si hei eleng,
ma och fir déijéineg, déi duerch hiert Wuert u mech gleewen:
21 datt si alleguer eent sinn,
esou wéi s du, Papp, a mir an ech an dir;
datt och si an äis sinn,
fir datt d'Welt gleeft, datt s du mech geschéckt hues.
22 Déi Herrlechkeet, déi s du mir ginn hues,
hunn ech hinne ginn,
fir datt si eent sinn, esou wéi mir eent sinn,
23 ech an hinnen an du a mir;
fir datt si vollkommen eent sinn,
fir datt d'Welt erkennt, datt s du mech geschéckt hues
an datt s du si gär hues, esou wéi s du mech gär hues.
24 Papp, ech wëll, datt do, wou ech sinn,
och déijéineg, déi s du mir ginn hues, bei mir sinn,
fir datt si meng Herrlechkeet gesinn,
déi ech vun dir kritt hunn,
well s du mech scho gär has, nach éier d'Welt geschafe gouf.
25 Gerechte Papp, d'Welt huet dech net erkannt,
ma ech hunn dech erkannt,
an si hunn erkannt, datt s du mech geschéckt hues.
26 Ech hunn hinnen däin Numm bekannt gemaach,
an ech maachen e weiderhi bekannt,
fir datt déi Léift, déi s du fir mech hues, an hinnen ass,
a fir datt och ech an hinne sinn."