Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

17. Sonndeg C

$
0
0

1 De Jesus war anzwousch amgaang ze bieden, a wéi hien dermat fäerdeg war, sot ee vun senge Jünger zu him: “Här, léier äis bieden, esou wéi och de Johannes seng Jünger biede geléiert huet!”

2 Du sot hien zu hinnen: "Wann dir biet, da sot: Papp, däin Numm sief gehellegt;däi Räich soll kommen;

3 gëff äis Dag fir Dag dat Brout, dat mir brauchen;

4 looss äis eis Sënnen no, well och mir selwer loosse jidderengem dat no, wat hien äis schëlleg ass; a féier äis net a Versuchung! “5 An hie sot zu hinnen:”Huelt emol un, ee vun iech hätt e Frënd an hie géif matzen an der Nuecht bei dee goen an zu him soen: 'Frënd, léin mir dräi Brout,

6 well ee vu menge Frënn ass vun enger Rees bei mech komm, an ech hunn näischt, wat ech him virsetze kéint!',

7 an deejéinege géif da vu bannen äntweren: 'Plo mech net! D'Dier ass schonn zougespaart, a meng Kanner an ech, mir leien am Bett. Ech kann net opstoen, fir dir eppes ze ginn.' –

8 Ech soen iech: Wann deejéinegen och net opsteet, fir him eppes ze ginn, well et säi Frënd ass, dann hieft hien sech awer wéinst deem aneren senger Onverschimtheet a gëtt him esou vill, wéi hie brauch.

9 Duerfir soen ech iech: Frot, da gëtt iech ginn; sicht, da fannt dir; klappt, da gëtt iech opgemaach!

10 Well wie freet, dee kritt, a wie sicht, dee fënnt, a wie klappt, dee kritt opgemaach.

11 Wie vun iech géif als Papp, dee vun sengem Jong e Fësch gefrot krit, him amplaz vum Fësch eng Schlaang ginn?

12 A wie géif him, wann hien en Ee gefrot krit, e Skorpioun ginn?

13 Wann also dir, déi dir béis sidd, amstand sidd, äre Kanner gutt Saachen ze ginn, wéivill méi gëtt de Papp am Himmel deenen hellege Geescht, déi hien drëm froen!"

KONTEXT

De Lk verzielt vun deem, wat de Jesus gemeet a gesot huet – an huet dobäi, vläicht méi wéi déi aner Evangelisten, d'Léier, déi seng Chrëschten dorausser zéie sollen, am A. Esou weist hien wourop et Dag fir Dag ukënnt (cf. 9, 23 ; 11, 3 ; 17, 4) : d'éischt emol fir d'Kéier ze kréien (cf. 5, 32 ; 13, 1ff ; 15, 4ff), op de Glawen, d.h. d'Vertrauen, dat néideg ass (1, 20.45 ; 7, 50 ; 8, 12f ; 17, 5f ; 18, 8 ; 22, 32 ; 24, 25) an dat sech am Bekennen ausdréckt (12, 2ff ; 21, 12ff), am Gebied (11, 1-13 ; 18, 1ff ; 21, 36 ; 22, 40.46) an an der Näächsteléift (6, 27ff).

Wat d'Gebied ubelaangt, esou ass de Jesus d'Virbild (cf. TEXT, V. 1) ; de Lk regruppéiert, tselwescht wéi de Mt et gemeet huet (Mt 6, 5-15) verschidde Léieren iwwert d'Gebied : d'éischt gëtt hien e Modell fir all Gebied (Vv. 2-4) an e Gläichnes, dat betount, wéi wichteg et ass sech drunzehalen (Vv. 5-10) a Vertrauen ze hunn an de Papp (Vv. 11-13). – Et ass och interessant de ‘Vater Unser' vum Mt ze vergläiche mat deem, deen de Lk äis iwwerliwwert huet (a mat deem, wéi mer en haut bieden); dem Lk seng Versioun ass méi kuerz, deemno huet si méi grouss Chancen déi méi ursprünglech ze sinn, wéi dem Mt seng.

TEXT

De Jesus war anzwousch amgaang ze bieden, ... (V. 1) :

De Lk weist dacks de Jesus, wéi hie biet (cf. 3, 21 ; 5, 16 ; 6, 12 ; 9, 18.28f ; 10, 21 ; 22, 32.40ff ; 23, 34.46). Dat soll de Chrëschten e Virbild sinn. – A Lk 5, 33 mécht de Lk schonn eng Allusioun un dat Gebied, dat de Johannes den Deefer seng Jünger geléiert huet. – Et gëtt ugeholl, datt de Jesus op Aramäesch gebiet huet, an net an der ‘helleger' Sprooch Hebräesch ; deemno hätt hien d'Gebied aus dem Tempel, aus dem Kult eraus geholl an den Alldag vun de Leit.

Du sot hien zu hinnen : « Wann dir biet ... (V. 2) :

Dat Gebied, dat d'Jünger hei geléiert ginn (woubäi si jo awer gefrot hate ‘biede' geléiert ze ginn !), de ‘Vater Unser' huet Wuerzelen am juddesche Gebied (cf. de Kaddish) grad wéi awer och Elementer dra sinn, déi charakteristesch si fir dem Jesus seng Léier. Wat typesch ass fir de Jesus : all Schnörkelen, grouss, bombastesch Adjektiver falen ewech ; do derbäi kënnt d'Gebied fir Brout a fir d'Noloosse vun de Sënnen (am Kaddish ass dat résuméiert ënnert dem Gebied fir Shalom). All Kéiers, wann de Jesus d'Leit eppes iwwert d'Gebied léiert, esou geet et ëmt e Bittgebied. – Fir d'éischt geet et ëmt Gott, dann eréischt ëmt eis Mënschen (Vv. 3-4). – Zu Ugangs vum Jesus senge Gebieder steet gären d'Uried ‘Papp' (cf. 22, 42 ; 23, 34.46). – Dem Herrgott säin Numm sief gehellegt = (a bibleschem a juddeschem Sproochgebrauch) 1. den Herrgott hellegt säin Numm, andeems hien agräift an d'Geschicht a weist wien a wéi hien ass (cf. z. B. Ez 36, 19-24). Woubäi dat all Dag geschitt, awer dat lescht Agräifen ‘um Enn vun der Zäit' aussteet. Mat engem alen Ausdrock kéint ee bal soen ‘Gott, huel du dach entlech d'Gitt an d'Hand'. An 2. hellegt de Mënsch dem Herrgott säin Numm, wann hien sech un d'Geboter hält ; d.h. net, datt doduerch dem Herrgott seng Hellegkeet méi grouss géif ginn, mee, d.h. datt esou duerch deenen ‘gerechte' Mënschen hiirt Liewen, déi aner erkenne kënne wéi a wie Gott ass. – Dem Herrgott säi Räich soll kommen = eigentlech dat selwescht wéi datt dem Herrgott säin Numm gehellegt sief.

... gëff äis Dag fir Dag dat Brout, dat ... (V. 3) :

Vun Ufank u sinn d'Jünger/d'Chrëschten en ‘äis', d.h. e Plural ; Chrëscht ass een net eléng. – Hei gëtt de Jünger Vertrauen/Glawen ofverlaangt, well si all Dag op en Neits drop vertrauen, datt si dat Brout kréien, dat si brauchen ; hei steet am Hannergrond vläicht d'Erënnerung un d'Manna an der Wüüst (cf. Ex 16).

... looss äis eis Sënnen no, well ... (V. 4) :

Hei stinn op dier enger Säit ‘Sënnen' an op dier anerer d'Noloosse, vun deem, wat een äis schëlleg ass : de Mënsch ass drop ugewisen, datt Gott him seng Sënnen noléisst, well de Mënsch jo selwer net capabel ass, dat ze maachen. Als Zeeche vu sengem gudde Wëll (net fir sech d'Noloosse vun de Sënnen z'erkafen !) léisst hien da senge Matmënschen d'Schold no ; Gottes – an Näächsteléift gräifen eng an déi aner. Deemools konnt ee wéinst (materieller) Schold seng Fräiheet verléieren a mat senger Famill versklavt ginn ; dëst Gebiet geet also wäit a funktionéiert no deem Prinzip, deem mer och anerwäerts queesch duerch d'Evangelie begéinen : Gott kënnt op de Mënsch duer, reecht him eng Hand ; wann de Mënsch sech beréiere léisst, dann engagéiert hien sech selwer d'Kéier am Liewen ze huelen an dat weiderzeginn, wat hie selwer geschénkt kritt huet. – A Gott soll net zouloossen, datt mer a Versuchung gefouert ginn, d.h. et ass net Gott, deen a Versuchung féiert, mee, well (biblesch a juddesch) näischt geschéie kann, wat net iergendwéi ënnert dem Herrgott senger Souveränitéit wier, kann hien och en Afloss hunn op d'Versuchung ; hei soll Gott net zouloossen, datt et dem Mënsch z. B. geet, wéi dem Jesus an der Wüüst, d.h. d'Mënsche bieden drëms net an eng Situatioun ze geroden, wou si a Gefor wieren der Versuchung ënnerleeën ze sinn, wou si op d'Prouw gwstallt wieren. – An da woart een op e Schluss, a sief et ‘Amen', mee, dee Schluss kënnt net. Amplaz dovunner gi Gläichnësser drugehaangen, déi d'Haltung beschreiwen an dier ee biede soll :

An hie sot zu hinnen : « Huelt emol un, ee vun iech hätt e Frënd ... (Vv. 5-8) :

De Lk verzielt an de Vv. 5-7 e Gläichnes, dat duerch d'Vv. 8 (zëmools duerch ‘ech soen iech') -13 an d'Léier iwwert d'Gebied abezu gëtt. Dëst Gläichnes erënnert awer och un d'Witfra, déi sech net gëtt (Lk 18, 1-5). – Esou wéi dat Gläichnes hei ufänkt, ass den Nolauschterer/Lieser vun Ufank u mat dran a kann net ouni Meenung bleiwen ; dat ass jo en ‘Trick' vun de Gläichnësser (cf. z. B. Lk 14, 28.31 ; 15, 4.8. ; 17, 7). – D'Haiser deemools haten nëmmen een Zëmmer, wou dann och owes déi ganz Famill louch fir ze schlofen ; dowéinst kann de Frënd net gutt opstoen ouni ze fäerten déi aner z'erwächen. – A wann hien nogëtt an awer opsteet, dann ass dat net aus Frëndschaft, mee fir seng Rou ze hunn (wéi de Riichter a Lk 18) ; dëst Behuelen ënnersträicht de Kontrast tëscht dem Frënd a Gott, dee gëtt, well hie gefrot kritt, an opmécht, well ugeklappt gëtt (Vv. 9-10). – D'Formulatioun ‘da gëtt iech ginn', ‘da gëtt iech opgemaach' ass e passif divin, deen undeit, datt et Gott ass, dee gëtt, resp. deen opmécht. – Mee, ier de Mënsch vu Gott kritt, muss hien sech selwer a Beweegung setzen a froen, sichen, uklappen !

Wie vun iech géif als Papp ... (Vv. 11-13) :

Hei hu mer nees de Kontrast tëscht de Mënschen, d.h. de Pappen heinidden an dem Papp am Himmel an et geet net d'éischt drëms ze soen, datt ‘där' béis sidd, mee ze soen, datt Gott gutt ass ; wann een d'Vv. 11f liest, da kritt de Jong dat, wat hie freet (e Fësch, en Ee), wann een dann awer de V. 13 liest, da kënnt deen hellege Geescht do e bëssen onverhofft mat dran ; dat ka sinn, well fir de Lk den hellege Geescht d'Gow ‘par excellence' fir e Chrëscht ass (an der Apg, dem Tome 2 vu sengem Wierk, gëtt deen hellege Geescht als Summum ëmmer erëm Leit ginn, wann drëms gebied, wann derfir gefrot ass ginn).


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411