Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

19. Sonndeg C

$
0
0

35 De Jesus sot zu senge Jünger:"Kuckt, datt dir fäerdeg ugedoe sidd an datt är Luuchte brennen!
36 Dir sollt sinn ewéi Leit, déi op hiren Här waarden, dee vun enger Hochzäit zréckkomme soll, fir datt si him gläich opmaache kënnen, wann hie kënnt a klappt.

37 Glécklech sinn déi Dénger, déi den Här waakreg fënnt, wann hien heemkënnt! Amen, ech soen iech: Hien deet e Schiertech un a léisst si um Dësch Plaz huelen; da geet hien hin a bedéngt si.

38 A wann hien an där zweeter oder an där drëtter Nuetswuecht kënnt an si esou fënnt – glécklech sinn si!

39 Verhaalt iech dat hei: Wann den Haushär wéisst, a wat fir enger Stonn den Déif kënnt, da géif hien net zouloossen, datt an säin Haus agebrach gëtt.

40 Haalt och dir iech prett, well de Mënschejong kënnt zu enger Stonn, wou dir net drop gefaasst sidd!"

KONTEXT

Nodeems d'Jünger/d'Chrëschte gesot kritt hunn, wou hir Suerg si soll, wourëms si sech Gedanke maache sollen a wéi si vertraue sollen (Lk 12, 1ff), kréien si elo gesot, si solle waachen, resp. waakreg bleiwen (Vv. 35-48) ; hir Ausbildung geet also weider, well esouwuël sech ëmt dat richteg Suerge maachen, wéi waakreg bleiwe gehéiert zum Liewen an der Nofolleg. An d'Leit sinn opgeruff z'erkennen, a wéi enger Zäit si liewen, a wann si dat erkannt hunn, sinn si opgeruff, d'Kéier am Liewen ze huelen, well d'Geriicht steet virun der Dier (Vv. 12, 54-13, 9). – Effektiv huet déi éischt Chrëschtegeneratioun drop gewaart, datt Christus erëmkomme sollt (‘Parousie') ; si waren iwwerzeegt, datt d'Enn vun der Zäit virun der Dier géif stoen. Hei hunn si sech wahrscheinlech op Aussoe vum Jesus beruff. – Esou ass och hiren Äifer z'erklären, mat deem déi éischt Missionare virgaange sinn : si wollten eppes opweises hunn, wann hiren Här erëmkéim. Mat der Zäit hunn si awer missten agesinn, datt Christus wuël awer net esou séier erëmkéim, wéi si sech dat erhofft haten. – An een, deen sech mat deem Problem a senge Gemeinschaften huet missten ausenanersetzen, war de Lukas, well, wann ee laang waarde muss, léisst den Äifer no.

TEXT

De Jesus sot zu senge Jünger (V. 35) :

Dës Aleedungsformel ass am liturgeschen Text derbäigesat, well am Lk fiert de Jesus einfach weider mat si léieren, nodeems hien hinne gesot huet, wourop et ukënnt.

« Kuckt, datt dir fäerdeg ugedoe sidd, ... (V. 35) :

Wuertwiertlech : ‘Kuckt, datt dir de Rimm ëm d'Hëffen hutt' : de Sam vum Kleed gouf an de Rimm gestach, fir datt dat laangt Gezei beim Schaffen net gehënnert huet ; d.h. 1. sidd ëmmer, och nuets (d'Luuchten, déi brenne sollen) prett fir ze schaffen (cf. och Lk 12, 37 ; 17, 8) an 2. erënnert dat un den Exodus aus der Sklaverei aus Ägypten (cf. Ex 12, 11) - eng Tenue, déi déi fromm Judden demools ugedoen hunn, wann si fir d'Pessach-Fest (dat jo un den Auszuch aus Ägypten erënnert an an engems d'Hoffnung op en neien Exodus mat dem Messias waakreg gehalen huet) op Jerusalem gepilgert sinn.

Dir sollt sinn ewéi Leit, déi ... (V. 36) :

Hei kréie mer de Grond gesot, firwat si fäerdeg ugedoe si sollen. – dacks gëtt d'Bild vun der Hochzäit gebraucht, fir vun der Endzäit ze schwätzen, wou Gott (‘den Här') op eng Hochzäit invitéiert ; vläicht steet dat och hei am Hannergrond, vläicht soll awer och just gesot ginn, datt den Här spéit an der Nuecht Heem kënnt.

Glécklech sinn déi Dénger, déi den Här waakreg fënnt ... (V. 37-38) :

‘Glécklech'-Aussoe fanne mer méi heefeg an der biblescher Sprooch (cf. d'Evangelium vum 6. Sonndeg C, Lk 6, 17-18a.20-26, do de V. 20) ; ähnlech ‘Glécklech'-Aussoe fanne mer och an ähnlechem Kontext am Mt (cf. Mt 24, 24, 46f, wat e Parallel ass vun hei de Vv. 43f). D'Vv. 37f sinn dermat agerummt. – De Jesus schwätzt hei mat Nodrock, cf. ‘amen, ech soen iech' : wann si et fäerdeg bruecht hu waakreg a prett ze bleiwen, opschonns et gedauert huet, bis den Här Heem komm ass (an datt hien eng Kéier erëm kënnt steet ausser Zweifel !), dann ass hir Belounung grouss, da ginn déi normal Verhältnisser op d'Kopp gedréint.

Verhaalt iech dat hei ... (Vv. 39-40) :

Wuertwiertlech : ‘... da géif hien net zouloossen, datt säin Haus duerchbrach gëtt', vläicht als Uspillung un déi relativ dënn Mauere vun den Haiser deemools a Palestina, wou ee séier duerch eng Mauer war. – Hei fanne mer och e Parallel a Mt 24, 43f, d.h. mer hunn hei eng Ausso, déi wahrscheinlech aus der ‘Logienquelle' (‘Q') kënnt, enger ganz aler Sammlung vun Aussoen, déi grouss Chancen hunn op de Jesus selwer zréckzegoen. – Zu Ugangs vun de Vv. 35-40 war den Här op enger Hochzäit (V. 36), et konnt also dauere bis hien Heem kënnt, duerno gëtt gesot (V. 38) et wier méiglech, datt et wierklech dauert , well hie vläicht eréischt an der zweeter, vläicht och eréischt an der drëtter Nuetswuecht kënnt (an eiser Auerzäit am Summer : ±19.30 - ± 21.45 Auer ; ±21.45 – 24.00 Auer; 24.00 –± 2.15 Auer) an elo gëtt den Nol ageklappt : et dauert sécherlech, mee trotzdeem muss den Haushär (net méi den Dénger !) zu all Moment prett sinn. – Firwat ginn d'éischt d'Dénger opgeruff ze waachen, an elo hei den Haushär ? – Vläicht well de Lk hei d'Technik vum ‘mot/thème-crochet' gebraucht huet, d.h. datt hien Aussoen, déi ëmt déi nämmelecht Wierder oder eng nämmelecht Thematik gekreest hunn, regruppéiert huet oder regruppéiert gelooss huet (well déi éischt Missionare mat esou Sammlungen ‘hir Lektioun' besser verhalen hunn), vläicht awer och well hien sech zu Ugangs un d'Leit/d'Chrëschten all adresséiert huet an hei sech da méi un déi Verantwortlech aus der Gemeinschaft riicht. – Op jiddfer Fall däerf fir de Lk e Chrëscht net midd ginn ze waarden an dobäi ëmmer, Dag an Nuecht, prett ze sinn.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles