1 D'Steierandreiwer an d'Sënner sinn alleguer bei de Jesus komm, fir him nozelauschteren.
2
2 Dunn hunn d'Pharisäer an och d'Schrëftgeléiert gegrommelt a soten: “Deen do hëlt sech de Sënner hirer un, an hien ësst esouguer mat hinnen!”
3 Hien awer huet hinnen dëst Gläichnes erzielt:
4
5 4 "Wie vun iech, deen 100 Schof huet an eent dervu verléiert, léisst net déi 99 an der Wüüst zréck a geet deem verluerenen no, bis hien et fënnt?
6
5 A wann hien et fonnt huet, dann hëlt hien et voll Freed op seng Schëlleren.
6 Doheem rifft hien d'Frënn an d'Noperen zesummen a seet zu hinnen: 'Freet iech mat mir, well ech hu mäi Schof, dat ech verluer hat, erëmfonnt!'
7 Ech soen iech: Esou ass och am Himmel méi Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt, wéi iwwer 99 Gerechter, déi et net néideg hunn, ëmzedenken.
8 Oder wat fir eng Fra, déi zéng Sëlwermënzen huet an eng dervu verléiert, fänkt net eng Luucht un, kiert d'Haus a sicht grëndlech, bis si se fënnt?
9 A wann si se fonnt huet, da rifft si d'Frëndinnen an d'Nopeschen zesummen a seet: 'Freet iech mat mir, well ech hunn déi Sëlwermënz, déi ech verluer hat, erëmfonnt!'
10 Esou, soen ech iech, ass och beim Herrgott sengen Engele Freed iwwer ee Sënner, deen ëmdenkt."
KONTEXT
(Wien d'Evangelium a voller Längt wëlt gebrauchen, cf. hei + d'Evangelium vum 4. Faaschtesonndeg C, Lk 15, 1-3.11-32.)
Lk 15 besteet aus enger Rei vu Gläichnësser, déi no enger kuerzer, awer wichteger Remarque iwwert d'Pharisäer an d'Schrëftgeléiert, uneneegereit si wéi d'Krelle vun enger Ketten (de Refrain vun de Vv. 6.9.32, resp. um Ufank vun de Vv. 3.8. an de Vv. 7.10. weist, datt mer hei erëm e Beispill hu vun der ‘technique du mot-crochet' vun den ur-chrëschtleche Missionaren hunn – Gott mécht sech op d'Sich nom eenzelne Sënner). – Dat, wat verluer geet, gëtt ëmmer méi wäertvoll : e Schof, eng Sëlwermënz, e Jong (wou mer den Emfang vum Sënner, deen d'Kéier kritt gewise kréien). Nëmmen dat iwwert d'Schof (Vv. 3-7) liese mer och nach beim Mt (Mt 18, 12-14, wou de Sënn awer anescht ass), de Rescht nëmme beim Lk. - E véiert Gläichnes (Lk 16, 1ff) kënnt hannendrun. D'Aféierung vu Lk 15, 1-2 gëlt awer besonnesch fir déi dräi Eischt .
An den Evangelie liese mer vill Gläichnesser, déi de Jesus verzielt. Ma, et gëtt kee Gläichnes, dat ee vun den Apostele soll verzielt hunn ! – Et war also kloer fir déi éischt Chrëschten, datt « Gläichnesser-verzielen » eng Charakteristik war vum Jesus senger Verkënnegung. (Och aner juddesch Léiermeeschteren, griichesch a réimesch Schrëftsteller hu Gläichnesser gebraucht, awer keen an deem Mooss wéi de Rabbi vun Nazareth.) Et ass och ni vun iergend engem kontestéiert ginn, datt de Jesus d'Leit a Gläichnesser geléiert huet ; an anere Wieder : mat de Gläichnesser ass, historesch gesinn, d'Chance grouss ganz no bis un dem Jesus seng Verkënnegung erunzekommen.
TEXT
D'Steierandreiwer an d'Sënner sinn alleguer bei hien/de Jesus (am liturgeschen Text) komm, fir him nozelauschteren (V. 1) :
D'selwescht wéi schonn a Lk 5, 30 ; 7, 34 ginn d'Steierandreiwer an d'Sënner an engem Otemzuch genannt. Doduerch datt d'Steierandreiwer Collaborateure waren, also Kontakt hate mat onrénge Leit an onrénge Suen, waren si de facto « Sënner », also ausgeschloss aus dem reliéisen, d.h. och automatesch aus dem zivile Liewen an der juddescher Gesellschaft. – De Lk insistéiert hei, datt allméiglech Zorte Sënner sech déplacéiert an sech getraut hunn, bei de Jesus ze kommen, an net nëmmen e puer, mee, alleguer sinn se komm, net fir ze afen, mee, fir himnozelauschteren. – Mer spieren, datt de Lk hei wëlt « en Nol aklappen », fir et emol esou ze soen.
Dunn hunn d'Pharisäer an och d'Schrëftgeléiert gegrommelt a soten ... (Vv. 2-3) :
D'Schrëftgeléiert ware meeschtens Pharisäer (awer net all Pharisäer war och Schrëftgeléiert). – Schonn aus dem V. 1 wësse mer, datt de Lk hei op eppes insistéiere wëlt, wat him ganz wichteg ass : datt de Jesus sech grad de Sënner, den Ausgestoussenen hirer ugeholl huet. Doduerch léisst de Lk d'Pharisäer an d'Schrëftgeléiert dann och nach de Combel feststellen, nämlech, datt de Jesus esouguer mat hinnen ësst (cf. Lk 5, 29f). – D'Fronte sinn opgestallt, an si kréien elo, wéi de V. 3 eis seet, dëstGläichnes verzielt (aus deem der da méi ginn, cf. Vv. 8.11 ; 16, 1).
« Wie vun iech, deen 100 Schof huet an eent dervu verléiert ... (Vv. 4-7) :
Den Hiirt a seng Schof ass fir d'Nolauschterer/Lieser deemools e wuel bekanntend Bild vu Gott an dem Vollek Israel (cf. z. B. Gen 48, 15 ; Hos 4, 16 ; 13, 4-6 ; Mi 2, 12f ; 4, 6f ; 7, 14 ; Jer 23, 1-4 ; 31, 10 ; 50, 19 ; Ez 34 ; jes 40, 11 ; 49, 9f ; ...). – D'Schof goufen effektiv och an der Wüüst gehitt (‘an de Bierger' a Mt 18, 12). – D'Behuele vum Hiirt ass scho verwonnerlech : hien huet missten opkomme fir e Schof, dat hie verluer huet, oder dat gerass ginn ass – mee, muss hien net vill méi bezuelen, wann deenen 99 eppes geschéi géif ? – Den Opruff sech mat him ze freeën ass e Refrain vun dëse Gläichnësser (cf. och Vv. 9.23f.32) a bereed dem Jesus seng Äntwert un d'Pharisäer an d'Schrëftgeléiert vir (Vv. 7.10.32). –Am Himmel = bei Gott. – Sinn déi 99 Gerecht wierklech Gerechter, déi versichen hiirt Liewen no dem Herrgott sengem Wëllen auszeriichten, oder Leit, déi iwwerzeegt sinn, si wiere gerecht, ouni et awer wierklech ze sinn (cf. d'Vv. 1-2) ?
Oder, wat fir eng Fra, déi zéng Sëlwermënzen huet an eng dervu verléiert ... (Vv. 8-10) :
Sëlwermënz = (griichesch) Drachme = (réimeschen) Denar = den Dagesloun vun engem Doléiner. D.h. de Verloscht fir d'Fra, déi der nëmmen 10 huet, ass relativ grouss. – Déi Kéier ass d'Freed beimHerrgott sengen Engele grouss, cf. Lk 9, 26 ; 12, 8), op déi Manéier gëtt Gott implizit genannt (id. wéi fir ‘am Himmel') fir eben net brauche Gott ze nennen. – Wann d'Bild vu Gott als dem Hiirt vun Israel bekannt war, sou ass d'Bild vu Gott als eng Fra, déi engLuucht ufänkt, d'Haus kiert, a grëndlech sicht friem an ongewinnt.
Iergendwéi awer passt de Refrain net ganz zu de Gläichnesser : den Hiirt, d'Fra maachen sech op d'Sich, an am Refrain gëtt gesot, d'Freed iwwert ee Sënner, deen ëmdenkt wier méi grouss, wéi iwwert déi vill Gerecht, déi (op d'mannst mengen) et net néideg (ze) hunn ëmzedenken. Mee, d'Schof war einfach verluer gaangen an d'Sëlwermënz och, an si hu ‘gewaart' erëmfonnt ze ginn (wéi kéint eng Sëlwermënz dann och soss eppes maachen ? Wéi kéinten si och ëmdenken ?). Oder ass dat éiren eng (verstoppte) Pointe, nämlech datt d'Schof/d'Mënz sech ‘fanne loossen', am Géigeaz zu de vermeintleche Gerechten, déi sech dergéint wieren – well si sécher si scho fonnt ginn ze sinn, resp. scho fonnt ze hunn ? (– Et ass komesch, wéi een de Sënn vun dëse Gläichnesser spontan versteet, wéi bekannt se sinn an datt een eréischt, wann een se méi genee liest, mierkt, datt d'Bild eigentlech net ganz klappt.)