9 Verschiddene Leit, déi iwwerzeegt waren, datt si gerecht wären, an déi déi aner veruecht hunn, huet de Jesus dëst Gläichnes erzielt:
10 "Zwéi Männer sinn erop an den Tempel gaang fir ze bieden; deen ee war e Pharisäer, deen aneren e Steierandreiwer.
11 De Pharisäer huet sech dohi gestallt an huet fir sech gebiet: 'Herrgott, ech soen dir merci, datt ech net esou si wéi déi aner, wéi Raiber oder wéi Leit, déi ongerecht sinn oder déi friemginn, oder och wéi dee Steierandreiwer do.
12 Ech faaschten zweemol d'Woch, an ech gi vun allem, wat ech erakréien, den zéngten Deel of.'
13 De Steierandreiwer awer war méi wäit ewech stoe bliwwen. Hie war net emol esou kéng, an den Himmel opzekucken, ma huet sech un d'Broscht geschloen a sot: 'Herrgott, schenk mir Sënner deng Gonscht!'
14 Ech soen iech: Hien ass als Gerechten heemgaang, deen aneren awer net. Well jiddereen, deen sech selwer erhéicht, gëtt erofgesat; deen awer, deen sech selwer erofsetzt, gëtt erhéicht."
KONTEXT
Och d'Gläichnes vun dësem 30. Sonndeg C liese mer just beim Lk. Wéi am Evangelium vum leschte Sonndeg geet et ëmt d'Gebied (Vv. 1.10.11) an ëmt ‘gerecht/ongerecht sinn/Recht verschafen' (Vv. 3.4.6.7.8.9.11.14), an domadder gräift och dësen Text Themen op, déi mer queesch duerch d'Lk begéinen (cf. Kontext, Ev. vum 29. Sonndeg C). – Et sief nach gesot, datt et an dier heiten Zort vu Gläichnësser net ëmt e Verglach tëscht x an y geet, mee, ëmt eng Beispill-Erzielung an dier eng Haltung beschriwwe gëtt, déi ee soit soll imitéieren, soit soll évitéieren (cf. och 7, 40-43 ; 12, 16-21 ; 14, 16-32 ; 15, 3ff ; 16, 1-8).
TEXT
Verschiddene Leit, déi iwwerzeegt waren, datt si gerecht wären, an ... (V. 9) :
Gerecht = säi Liewen dem Herrgott sengem Wëllen no ausriichten. E puermol schonn huet de Jesus misste Partei ergräife géint Leit, déi geméngt hunn, si wiere gerecht an déi dowéinst anerer ausschléisse wollten (cf. 5, 32 ; 10, 29 ; 15, 7 ; 16, 15). – Am Géigesaz zu Lk 18, 1-8 riicht d'Gläichnes vun haut sech awer méi oder wéinger un d'Leit all, an net nëmmen un d'Chrëschten (cf. Vv.1.7 am Vergl. mam V. 9.14).
Zwéi Männer sinn erop an den Tempel gaang fir ze bieden ; ... (V. 10) :
Hei ginn déi zwéi géigesätzlech Beispiller présentéiert, e Pharisäer an e Steierandreiwer, also quasi Feier a Waasser. – Si ginn an den Tempel, also sinn si zu Jerusalem, well anerwäerts stounge just Synagogen. – Déi nolauschteren identifizéieren sech wahrscheinlech scho mat deem engen oder deem aneren...
De Pharisäer huet sech dohigestallt an huet fir sech gebied : ... (Vv. 11-12) :
Esou wéi de Pharisäer beschriwwe gëtt, ass hien sech senger Saach virum Herrgott zimlech sécher ; hien hält sech effektiv un déi Virschrëften un déi e fromme Pharisäer sech gehalen huet (cf. och Lk 5, 33 ; 11, 42) : hie wees wourop et ukënnt a wat den Herrgott vun engem frommen a gerechte Mënsch erwaart. (D'Pharisäer waren awer am allgeménge fromm Leit, deenen et Eecht war mat hirem Glaf ; dat negatiivt Bild aus den Evangelien kënnt zu engem gudden Deel dohir, datten si, wéi am Joer 70 Jerusalem an den Tempel zerstéiert waren, d'Féierung iwwerholl hunn a versicht hu vum Juddentum ze retten, wat ze rette war : esou hunn si déi Leit aus der Synagog, also aus der juddescher, reliéiser Gemeinschaft erauskomplimentéiert, déi iergendwéi net ganz ‘orthodox' waren, also och d'Chrëschten.) – Et fällt op, datt de Pharisäer sech viru Gott an e gutt Liicht réckelt, mat allem wat hie mécht an sech dobäi net schummt, anerer viru Gott schlecht ze maachen !
De Steierandreiwer awer war méi wäit ewech stoe bliwwen. ... (V. 13) :
(D'Steierandreiwer ware meeschtens räich, well si fir Roum e bestëmmte Steiersaz hu missten andreiwen ; fir ze liewen, hunn si de Leit méi gefrot, wéivill war hinnen iwwerlooss ; als Collaborateure mat der kultesch onrénger réimescher Besatzungsmuecht an als Erpresser waren si verhaasst.) Am Géigesaz zum Beispill Pharisäer kënnt d'Beispill Steierandreiwer sech ganz kleng vir an hie wees, datt hien, ouni dem Herrgott seng Gonscht, als sënnege Mënsch verluer ass ; hien ass souzesoen op fir dat, wat vu Gott kënnt, wa Gott him da seng Gonscht wëlt schénken. – De Pharisäer huet nëmmen esou gespruddelt, de Steierandreiwer seet nëmmen ee kuerze Saz.
Ech soen iech : Hien ass als Gerechten heemgaang, ... (V. 14) :
Wéi och anerwäerts am Lk gëtt deen Eischten als Leschte genannt (V. 14a) ; de Pharisäer hat net verstanen, datt dem Herrgott seng Gonscht vun him zougestane gëtt, an net duerch ‘gerecht Wierker' quasi kaaft gi kann. Esou huet och dat verluerent Schof oder de Jong, deen alles drop gemeet hat oder de Steierandreiwer dach nach eng Chance ze gutt. – D'Schlusswuert vum V.14, datt jiddfereen, deen sech selwer erhéicht erniddregt gëtt, begéine mer och nach a Lk 14, 11, wéi en Opruff damiddeg ze sinn ; en Opruff, deen nees un d'Leit all (och un de Pharisäer, an domadder un all déi, déi méngen, si wiere gerecht) geriicht ass, an de Bléckwénkel iwwert de Pharisäer an de Steierandreiwer als Beispiller eraus op mécht.