Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

33. Sonndeg C

$
0
0

5 Wéi der en etlech iwwer den Tempel rieds haten, datt e mat schéine Steng a mat Votivgeschenker gerëscht wär, sot de Jesus:

6 “Et kommen Deeg, wou vun all deem, wat dir hei gesitt, net ee Steen op deem anere gelooss gëtt, an et ass kee Steen do, deen net och nach a Stécker geha géif!”

7 Dunn hunn si hie gefrot: “Meeschter, wéini soll dat da geschéien, an u wat fir engem Zeeche gesäit een, datt et ufänkt?”

8 Hie sot: "Dot uecht, datt dir net verféiert gitt! Et kommen der nämlech vill a mengem Numm, déi soen: 'Ech sinn et!' an: 'D'Zäit ass komm!' Laaft hinnen net no!

9 A wann dir vu Kricher an Opstänn héiert, dann erféiert net! Well dat alles muss fir d'éischt geschéien, ma d'Enn kënnt nach net direkt.“10 Du sot hien zu hinnen:”Si ginn all géinteneen: Vollek géint Vollek a Kinnekräich géint Kinnekräich;

11 et komme schwéier Äerdbiewen, an op ville Plaze gëtt et Hongersnéit an Epidemien; et geschéie fierchterlech Saachen, a vum Himmel komme grouss Zeechen.

12 Virun all deem awer leeën si Hand un iech a verfollegen iech, si liwweren iech un d'Synagogen aus a geheien iech an de Prisong, si schleefen iech viru Kinneken a Gouverneuren, an alles wéinst mengem Numm.

13 Deen Ament hutt dir Geleeënheet, Zeegnes ze ginn.

14 Verhaalt iech, datt dir iech am Viraus keng Gedanke fir är Verdeedegung ze maache braucht.

15 Ech selwer ginn iech nämlech Wierder a Weisheet, deene kee vun äre Géigner widderstoen oder widdersprieche kann.

16 Esouguer vun Elteren a Gesëschter, vu Famill a Frënn gitt dir ausgeliwwert; si maachen der eng Rei vun iech dout,

17 an dir gitt vun en all gehaasst wéinst mengem Numm.

18 Ma dir kënnt es sécher sinn: Et geet net emol een Hoer vun ärem Kapp verluer.

19 Wann dir duerhaalt, kritt dir d'Liewen."

KONTEXT

De Jesus ass am Tempel zu Jerusalem (Lk 20-21) . A Lk 21, 5-36 liese mer déi sougenannte « Ried iwwert d'Enn vun der Zäit », ier am Kapitel 22 d'Passiounserzielung ufänkt (Lk 22-23). Eng éischte Kéier hat hien esou eng Ried am Kapitel 17 (17, 20-37) gehalen.

De Jesus léiert d'Leit hei eng leschte Kéier ëffentlech a kënnegt ë.a. d'Enn vun der Stad un (Lk 21, 5-6.20-24), eng Zerstéierung, déi am Kontext gesi gëtt vum Enn vun der Zäit. – Den Tempel zu Jerusalem ass wichteg fir de Lk : dat ganzt Ev. ass mat dier Plaz wéi agerummt (cf. Lk 1, 5-2, 52/24, 53/Apg 2, 46), ëmsou méi e Gewiicht muss seng Zerstéierung am Joer 70 duerch d'Réimer gehat hunn.

Den Text vun dësem virleschte Sonndeg vum Kierchejoer C ass deelweis an enger « apokalyptescher » Sprooch geschriwwen (Vv. 9-11 ; 25-28).
Et ass ëmmer wichteg ze versichen erauszefannen, wéini a firwat en Text geschriwwe gouf :

Apokalyptesch Texter sinn a schwéieren Zäite verfaast ginn. Am Alen/1. Testament hu mer z. B. d'Buch Daniel, dat zur Zäit vun der Okkupatioun duerch de Seleukidekinnék Antiochus Epiphane (2. Joerhonnert v. Chr.) geschriwwen ass ginn. Oder am Neien Testament als lescht Buch d'Apokalyps vum Johannes, déi wahrscheinlech a Verfolgungszäiten duerch de réimesche Keeser Domitian (ëmt 96) verfaasst gouf. – Lk 21 (mat, en gros Paralleltexter a Mk 13 an a Mt 24) kéint déi schwiereg Zäit vum Keeser Nero mat den Onrouen, déi no sengem Doud lassgebrach sinn (68/69), als Hannergrond hunn.

Dës Texter schwätzen a Biller a Symboler (z. B. Kricher hot an har - cf. och d'Prophéiten, z. B. Jes 19 -, chaotesch Zoustänn um Himmel an op der Äerd, rätselhaft Wiesen, déi matspillen) ; si sinn dowéinst schwéier ze verstoen an dat sollt och esou sinn, fir datt d'Géigner, d'Feinden näischt matkréie konnten.

Virun allem versichen apokalyptesch Texter Courage an Hoffnung ze maachen (NET Angscht !); hire Message ass, datt et Gott ass, deen d'Geschicht vun der Welt féiert, och wann dat dee Moment selwer net den Uschäin huet. An déi, déi um Herrgott senger Säit stinn, ginn net ënner. Hien ass um Punkt fir definitiv anzegräifen (cf. V.28). Fir et apokalyptesch ze soen, et muss ee kënnen d' « Zeeche vun der Zäit » liesen a verstoen.

Niewent endzäitleche Motiver liese mer awer och eng ‘Paränes' (= exhortation, mise en garde) fir d'Verhale vun de Chrëschten ‘elo' (cf. V. 9), well, wéi déi éischt Chrëschten et gemierkt haten, d'Enn war nach net fir direkt.

TEXT

Wéi der entlech iwwer den Tempel rieds haten, ... (Vv. 5-6) :

Déi ‘en etlech', déi hei schwätze si bannen am Tempel (net wéi an dier d'Szen am Mk) ; de Jesus fänkt wéi e Prophéit (cf. Mi 3, 12 ; Jer 7, 1ff ; 26, 1ff ; Ez 8-11) u mat ‘et kommen Deeg'. – Wéi de Lk geschriwwen huet, waren déi hei ugekënnegt Deeg awer schonn zënter enge 15-20 Jor Geschicht ! D'Zerstéierung vu Jerusalem (cf. och scho Lk 19, 27.44) a vum Tempel mussen also och ënnert de Chrëschten (vun deenen der vill aus dem Ëmfeld vum Juddentum koumen) laang nogewierkt hunn an d'Fro no dem Enn vun der Zäit ëmmer erëm opliewe gelooss hunn.

Dunn hunn si hie gefrot : « Meeschter, wéini ... (Vv. 7-9) :

Hei froen déi ‘en etlech' de Jesus (deen si anescht wéi d'Jünger mat ‘Meeschter' urieden ; d'Leit, d'Steierandreiwer, d'Pharisäer, asw. rieden de Jesus am Lk esou un, cf. z. B. 3, 12 ; 7, 40 ; 9, 38 ; ...) dann och prompt no dem ‘wéini' (Vv. 7.9. ; cf. och Vv. 20.30.31) an no den ‘Ukënnegungszeeche' vum Enn vun der Zäit. – De Jesus äntwert hinnen net direkt a kloer an däitlech op hir Fro (V. 8) ; hie fuerdert si och op uecht ze doen, deenen engen net nozelafen, an net z'erféieren. –Well dat alles muss geschéien : hannert allem wat geschitt, gesäit de Lk Gott um Wierk, deen d'Geschicht féiert (och eben no dem Keeser Nero sengem Doud, cf. Kontext) ; esou ware fir hien d'Prophéiten eng Etapp vun der ‘Heelsgeschicht', d'Zäit vum Jesus eng aner, an déi lescht Etapp ass amgaang, nämlech déi vun der chrëschtlecher Gemeinschaft. D.h. d'Endzäit huet ugefaangen, an dauert un. Well genee wees kee ‘wéini' - just déi, déi d'Leit verféieren, méngen et ze wëssen (V. 8).

Du sot hien zu hinnen : « Si ginn all géinteneen : Vollek ... (Vv. 10-19) :

De Lk hëlt en neien Ulaf mat ‘du sot hien'; d'Perspektiv geet elo iwwer Jerusalem eraus (Vollek géint Vollek, Kinnekräich ...) ; dobäi kommen och nach aner typesch endzäitlech/apokalyptesch ‘Symptomer' wéi ‘schwéier Äerdbiewen, Hongersnéit, Epidemien, fierchterlech Saachen, grouss Zeechen um Himmel'. Am V. 12 gëtt dann eréischt opgezielt, wat just virun dësen apokalypteschen Symptomer geschitt (amplaz dat virdrun opzezielen – si haten eben deelweis eng aner Logik wéi mär) ; mee, déi Verfollgungen betreffen deen eenzelne Chrëscht perséinlech. Et ass wéi wann de Krees vu schreckleche Saachen, déi geschéien sech ëmmer méi zougezunn hätt bis de Bléck sech op deen eenzelne riicht. – Deen eenzelnen, dee dann d'Geleenheet huet Zeegnes ze ginn (Vv.12-14), wat schonn de Johannes den Deefer zu Ugangs vum Evangelium gemeet hat a wat an der Apg e grousst Uleies vum Lk ass (an deemno och eng wichteg Saach fir d'Chrëschten aus senger Gemeinschaft war ; cf. Apg 22, 15.18.20 ; 23, 11 ; 26, 16 ; 28, 23). – Bei d'Verfollgunge vu Säite vun den Autoritéite kënnt nach Sträit an der Famill an am Frëndeskrees (Vv. 16-17) als Zeechen nach virun de Symptomer vum Enn. – Hei kënnt d'Hëllef vum Jesus selwer (V. 15), anerwäerts kënnt se duerch de Geescht (cf. Lk 12, 11f//). (Wéinst mengem Numm = wéinst mär an deem, wat ech bedeiten.) – Bei aller Gefor an alle fierchterleche Saachen, déi da geschéien, kënnen d'Chrëschten es sécher sinn, datt net emol een Hoer (cf. 12, 7) vun hirem Kapp verluer geet, d.h., datt Gott Hand iwwert se hält – an da kënt erëm een Aspekt vum ‘chrëschtleche Paradox', nämlech, datt am Doud, datt da wann alles verluer ze si schéngt, datt do (d') Liewen ass. Mee, si mussen duerhalen (cf. d'Fuerderungen an de Vv. 8-9).


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles