Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Ouschtersonndeg C

$
0
0

1 Den éischten Dag vun der Woch ass d'Maria vu Magdala an aller Fréi, wéi et nach däischter war, bei d'Graf komm an huet gesinn, datt de Stee vum Graf ewechgeholl gi war.

2 Dunn ass si bei de Simon Péitrus gelaf a bei deen anere Jünger, mat deem de Jesus frou war, an si sot zu hinnen: “Et hunn der den Här aus dem Graf ewechgeholl, a mir wëssen net, wuer si hien higeluecht hunn!”

3 Dueropshi sinn de Péitrus an deen anere Jünger erausgaang a bei d'Graf komm.

4 Déi béid si mateneen dohi gelaf, ma deen anere Jünger ass méi séier gelaf wéi de Péitrus an ass als Éischte bei d'Graf komm.

5 Wéi hien sech eragebéckt huet, huet hien d'léngen Dicher do leie gesinn; hien ass awer net eragaang.

6 Du koum och de Simon Péitrus, deen him nokomm war, a goung an d'Graf eran. Hien huet d'léngen Dicher do leie gesinn

7 an d'Schweessduch, dat op dem Jesus sengem Kapp geleeën hat. Et louch awer net bei de léngen Dicher, ma zesummegerullt op enger anerer Plaz.

8 Elo ass och deen anere Jünger, deen als Éischte bei d'Graf komm war, eragaang; hien huet gesinn an huet gegleeft.

9 Si haten nämlech d'Schrëft nach net verstan, no där de Jesus huet misse vun den Doudegen operstoen.

Kontext

Mer sinn am leschte Kapitel vum Lk ukomm: d'Zäit vum Jesus heinidde (vu Galiläa op Jerusalem) geet op en Enn a leet iwwer bei d'Zäit vum Opbau vun der chrëschtlecher Gemeinschaft bis un d'Enn vun der Welt ( = d'Apg, wou d'Evangelium vu Jerusalem bis op Roum verkënnegt gëtt). – Zënter dem Virbereedungsdag op de Sabbath ( = freides) un ass de Jesus am Graf; elo si mer den éischten Dag vun der Woch ( = sonndes).
Dem Jesus seng Jünger, Männer wéi Fraen, waren um Buedem zerstéiert wéi hire Léiermeeschter, an deen si esou vill Hoffnunge gesat haten, esou een tragescht Enn geholl huet. – Si woussten, datt deen, deen um Holz hänkt (also gekräizegt ass) vu Gott verflucht ass (Dtn 21, 22f), also schwéierlech de Messias ka sinn. – Haten si sech éire geiert? Waren si ier gefouert ginn? – An dunn hunn si déi Erfahrung gemeet, déi si da mat ‘de Jesus ass aus dem Doud erwächt ginn' oder ‘ de Jesus ass vun den Doudegen operstanen' ëmschreiwen. Déi Erfahrung hat virun hinnen nach kee gemeet, also hunn si emol misste Wierder fannen, fir se z'ëmschreiwen! Wéi si sech dem Jesus säi Liewen, säi Wierken, seng Rieden nach eng Kéier duerch de Kapp goe gelooss hunn, hunn si villes am Nachhinein verstanen (cf. V. 6), villes am Bléck op hir Schrëft (eist Aalt Testament) ugekënnegt gesinn an den déiwe Sënn begraff (cf. e puer Vv. méi wäit ënnerwee op Emmaüs). – De Jesus selwer, wéi hien no de villen Ausenanersetzungen ëmt de Sabbath a mat den Dichtegen, no senger Kritik um Tempel (Symbol vun der nationaler a reliéiser Eenheet a Besatzungszäiten + Bank) gesinn huet, datt hien zëvill Feinden hat, huet mat Hëllef vun der Schrëft versicht senge Leit de Sënn vu sengem Wierken a Stierwen z'erklären. Mee, villes hunn si awer eréischt no Ouschtere verstanen, an hannenoter goufen déi ganz Evangelie geschriwwen, ‘duerch de Brëll vun Ouschteren', esou datt schonn a Galiläa an um Wee erop op Jerusalem de Credo un deen Operstanenen duerchliicht. - D'Erzielungen iwwert dem Jesus säi Leiden an säin Operstoen si wahrscheinlech den eelste Kär, deen iwwerhaapt vun den Evangelien néiergeschriwwe ginn ass; et ass 1. ënnert dem Bléckwénkel vun Ouschteren, duerch dee Brëll, an 2. am ‘Dialog' mat hire Schrëften (eist A.T.) wou déi éischt Chrëschten sech un d'Geheimnis vun deem (historesche) Jesus vun Nazareth erugetaascht hunn. Bei déi Verkënnegung/Katechees koum derbäi, 3. datt d'Chrëschten ëmmer erëm hu misse gesot kréien duerchzehalen an sech Méi ze ginn a 4. datt si sech schonn no baussen hin hu misste verteidegen.

Text

Deen éischten Dag vun der Woch, an aller Herrgottsfréi, sinn d'Frae... (V. 1)
D.h. sonndes mueres enger Auer 6. D'Essenzen haten si nach just virum Sabbath virbereed (c. 23, 56); elo maachen si dat fäerdeg, woufir d'Zäit freides net méi duer gaange war. – Dës Frae si quasi vun Ufank u mat dem Jesus matgaangen, zënter den Deeg a Galiläa (23, 55).

Si hu gesinn, datt de Stee vum Graf ewechgerullt gi war,... (V. 2)
Vläicht deit de Passiv un, datt hei Gott um Wierk war/ass (passif divin)? – Op jiddfer Fall sinn d'Frae bestëmmt erféiert.

a wéi si eragaang sinn, hunn si dem Jesus, dem Här,... (V. 3)
Nach éier si gewuër ginn, datt de Jesus operstanen ass, kritt hien am Text den Titel ‘Här', ‘de Jesus, den Här': dësen Titel kënnt nëmmen hei am Lk vir, awer dacks an der Apg (1, 21; 8, 16; 11, 20;...): mer stinn um Iwwergank an en neit Kapitel vun der Geschicht tëscht Gott an de Mënschen an de Jesus ass den Här, den Operstanenen, an net méi deen, wéi si hien um Wee duerch Galiläa kannt hunn.

Wéi si do stoungen an hirer Hänn kee Rot... (V. 4):
De Lk ka gutt verzielen; hie mécht et richteg spannend (cf. wéi de Mk, Mt an de Joh dës Episod verzielen). – Déi zwee Männer a glënnerege Kleeder, déi och nach op si duerkommen, erënneren un dem Jesus senge Kleeder hir Fuerw bei der sougenannter ‘Verklärung' (Lk 9, 29); dës Fuerw deit eppes Göttleches un.

Si hunn et mat der Angscht ze doe kritt an hunn... (V. 5)
An instinktiv behuelen d'Fraen sech, wéi a Präsenz vu Göttlechem – de Lk gëtt eis eng Parti Hiwäis, wien hei de Motor vun deem Ganzen ass; am V. 23 gëtt gesot, si hätten an deenen zwee Männer a glënnerege Kleeder ‘Engelen' (= Ofgesandter vum Herrgott, dem Herrgott seng ‘Bréifdréier' fir et platt ze soen) erkannt. - De Jesus ass ‘dee Liewegen', d.h. net einfach, dee lieweg ass am Géigesaz zu deem, deen doud ass, mee, deen, dee lieft (participe); vun do uns a fir ëmmer ass de Jesus deen, dee lieft. – Am A.T. ass dat iwwregens eng Ëmschreiwung, en Titel fir Gott (cf. Jos 3, 10; Ri 8, 19; 1Sam 14, 39;...).

Hien ass net hei, hien ass aus dem Doud erwächt ginn! Erënnert iech... (Vv. 6-8)
Hei hu mer erëm e ‘passif divin': hien ass aus dem Doud erwächt ginn – vu Gott. Dëse kuerze Saz widderhëlt eigentlech dat, wat schonn am V. virdru steet, kuerz a bündeg. Mee, bis déi éischt Chrëschten dës Iwwerzeegung - datt Gott de Jesus net am Doud gelooss huet, mee, datt hien him, sengem Liewen seng Ënnerschrëft ginn huet – an dëse Wierder ausdrécke konnten, hunn si vill gesicht a gefrot (cf. ‘Kontext'). Si hu selwer missten nach eng Kéier a Gedanken de Wee vu Galiläa op Jerusalem goen, duerch d'Schrëfte vum Alen Testament erduerch, goen, bis si dëse Credo soe konnten.

Wéi si vum Graf zréckkomm sinn, hunn si... (Vv. 9-11)
Elo, no de Frae, ginn d'Apostelen och ageweit, mee, si méngen d'Frae géifen domm schwätzen. An dobäi sinn si, d'Apostelen et, déi elo Zeie solle sinn (cf. 24, 48). – Et fänkt gutt un... – An deene véier Evangelien sinn et d'Fraen oder d'Maria magdalena, déi als Eischt gesot kréien, de Jesus wier aus dem Doud erwächt ginn, a fir dat z'ënnersträichen, gëtt de Lk hir Nimm un.

De Péitrus awer ass opgestan an ass bei d'Graf gelaf;... (V. 12)
Dëse Vers, deen a verschidde Manuskripter feelt, erënnert u Joh 20, wou de Jünger, deen de Jesus gären hat an de Péitrus zesumme bei d'Graf lafen; d'Noriicht vun Ouschtere bréngt d'Leit a Bewegung, och déi, déi d'éischt er net gleewen, wéi de Péitrus. – Hien huet sech gewonnert - wat en éischte Schratt ass Richtung gleewen -, hien deen eng vun de Saile gëtt vun der Urkierch, wéi d'Apg eis duerno verzielt.

Kommentar: Françoise Biver-Pettinger


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411