
Zu Paräis fängt an dësen Deeg d'Weltkonferenz iwwer de Klimawandel un. Op der ganzer Welt ruffen Organisatiounen a Mouvementer op, fir sech zesumme fir de Schutz vum Klima a fir Klimagerechtegkeet anzesetzen. Och d'Kierchen maache mat. Als Member vun der Plattform ‘VotumKlima', déi dës Marche organiséiert, si mir als Kathoulesch Kierch dobäi!
Sidd den 30. November bei eis um Knuedeler dobäi! um 18.00 Auer um Knuedeler an der Stad
vun do aus geet et zu Fouss bei d'Rotonden op der Gare. Hei ass dann nach e kulturelle Programm fir all déi, déi den Owend nach wëlle verlängeren.
Weider Informatioune ginn et op: http://globalclimatemarch.org/de/
Matgedeelt vum Ëmweltbeoptragten vun der Erzdiözes
Feier der Sonntagsmesse am 29. November den Anliegen des Weltklimagipfels widmen
Appel aux négociateurs de la COP21