Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

3. Faaschtesonndeg C

$
0
0

Kontext

D'Evangelium vun dësem 3. Faaschtesonndeg C gehéiert zum Lk sengem “Sondergut”, d.h. zu den Texter, déi mer just beim Lk fannen an net an deenen aneren Evangelien.

Zënter Lk 9, 51 si mer ënnerwee erop op Jerusalem, wou d'Passioun waart; dat wat de Jesus zu de Judde seet, seng Wierder stinn op deem Wee méi am Mëttelpunkt wéi z. B. Heelungen a bereeden seng Jünger vir op d'Zäit, wann hie selwer net méi heinidde bei hinnen ass.

A Lk 13, 1-9 sinn zwou verschidde Saache matenee verbonnen: an de Vv. 1-5 hu mer en “Apophtegma” (= eng kuerz prägnant Ausso) vum Jesus (dat widderholl gëtt, Vv. 3.5) mat sengem Kontext, an an de Vv. 6-9 ass e Gläichnes drugestréckt.

Text

Déi Zäit koumen en etlech Leit bei de Jesus an hunn him vun de Galiläer erzielt... A wann dir net ëmdenkt, kommt dir alleguer ëm ewéi si!" (Vv. 1-5)
Déi zwéin Onglécker, vun deene mer hei verzielt kréien, sinn net weider bekannt. Et schéngt es awer, wéi wann déi zwéin Evenementer zu Jerusalem geschitt wieren, well Déieren just am Tempel zu Jerusalem geaffert si ginn (V. 1) a well de Schiloacher Tuerm (V. 4) am Süddeel vu Jerusalem war.
U sech awer ginn d'Vv. 1-4 d'Méiglechkeet, sech vis-à-vis vum “Tun- und Ergehensprinzip” ze positionéieren; d'Iwwerzeegung - déi haut och nach verbreet ass a biblesch wäit zréckgeet (cf. z. B. Ex 9, 1ff; Ez 18, 20; Weisheetspsalmen, Joh 8, 2-3) - vun deene Leit aus dem V. 1 ass, datt esou wuël déi Galiläer wéi déi 18 zu Schiloach hu misse grouss Sënner sinn, soss hätt Gott net zougelooss, datt hinnen esou en Ongléck geschitt. – An automatesch gesinn déi, déi d'Geschicht zielen sech als manner grouss Sënner, well esou eppes hinne jo bis ewell erspuert bliwwen ass. – De Jesus schléisst sech dëser Meenung net un (Vv. 2-3a. 4-5a): déi Onglécklech, déi do ëmkomm sinn, erënneren drun, datt der Doud zu all Moment jiddfer Mënsch kann treffen, ob Sënner oder net (Vv. 3b.5b). Deemno ass et wichteg unzefänken ëmzedenken (Vv. 3c.5c), éier et ze spéit ass; et ass elo de Moment an héich Zäit fir domadder unzefänken (wat och den Tenor ass vun de Vv. ronderëm dës Perikop) – well et wees een net, wéini engem selwer en Tuerm op de Kapp fällt. – Et muss een awer och soen, datt de Jesus sech net op d'Diskussioun iwwert de Firwat vun esou scheinbar sënnlousen Onglécker aléisst; hie gebraucht se villméi als Ophänkert fir op d'Drénglechkeet vum Ëmdenken z'insistéieren. Well, och wann d'Ëmdenken de Mënsch net immun mécht virun der Prekaritéit vum Liewen (och de Jesus huet misste stierwen – mer sinn ënnerwee op Jerusalem!), sou ass et dach net eendunn, wéi de Mënsch am Alldag Gott géintiwwer do steet. Am V. 2 freet de Jesus déi “en etlech Leit” ier si ménge géifen, déi onglécklech Galiläer aus dem V. 1, wiere “méi grouss Sënner” wéi déi aner Galiläer der wieren (et ass dat wuël eng rhetoresch Fro vum Jesus, wéi een aus der Suite erausliest); am V. 4 freet hien si awer, ier si ménge géifen déi 18 Leit zu Schiloach, wiere “méi schëlleg gewierscht” wéi de Rescht vun de Jerusalemer Leit: dat “schëlleg sinn” ass aus dierselweschter Famill, wéi a Lk 11, 4//, d.h. wéi am “Eise Papp am Himmel”: Gott mécht den éischte Schratt op d'Mënschen zou (cf. och d' “Gnod” beim Paulus) a waart drop, datt de Mënsch äntwert; dacks waart Gott laang.

Dunn huet hien dëst Gläichnes erzielt: "Et hat een e Figebam an säi Wéngert gesat... (V. 6)
Et géif ee wuël éischter unhuelen, an e Wéngert géif een eng Rief planzen; mee, heiandsdo gouf effektiv eng “Mëschplanz”, wéi e Figebam een ass, tëscht d'Riewe geplanzt. – Bei de Prophéiten ass de Wéngert gären e Bild fir Israel (Israel = dem Herrgott säi Wéngert – Is 3, 14; 27, 2-5; Jer 2, 21; 12, 10; Ez 17, 6; Hos 10, 1; Ps 80, 9ff); droen d'Riewen an d'Figebeem Friichten, ass Fridden, an d'Leit si glécklech (1K 5, 5; Mi 4, 4; Zach 3, 10 do och gebraucht fir d'Zäit vum Messias z'ëmschreiwen); Riewen a Figebeem, déi keng Friichten droen, ginn dowéinst a Geriichtsrieden iwwer Israel gebraucht (Jer 8, 13; Hos 9, 16f; Jl 1, 7; Mi 7, 1). – D'Bild, dat de Jesus hei gebraucht, war also deenen, déi nogelauschtert hunn, am Fong bekannt; et ass den Nolauschterer kloer, datt deen “een”, deem säi Wéngert et war, Gott ass. Wéi de Jesus dat Bild elo gebraucht, ass dann nach eng aner Saach: hie verbënnt dat bekanntent Bild vum Wéngert/Figebam mat der Drohung géint e Bam, dee keng Friichten dréit (V. 7; cf. Lk 3, 8f; 6, 43), mee, erweidert den Tableau mat enger allerleschter Chance, déi de Figebam kritt, doduerch datt de Wënzer e gutt Wuert fir en aleed (Vv. 8f). An hei ass et fir dem Lk seng Lieser/Nolauschterer kloer, datt de Wënzer, dee fir de Figebam biedelt, de Jesus ass, deen a sengem Papp sengem Wéngert schafft (cf. Mt, 21, 28ff; 21, 33-41//; cf. och Joh 15, 1ff). Am Fong geholl sinn d'Vv. 6-9 näischt anescht wéi d'Illustratioun vun de Vv. 1-5: et ass héich Zäit ëmzedenken, d'Zäit leeft. (Verschiddener gesinn am Figebam e Bild fir d'Heedechrëschten, déi jo zu Ugangs ugesi si gi wéi Aussesäiter am Wéngert Israel; esou wéi wann de Lk soe wéilt: gitt den Heedechrëschten eng Chance; kommt mer kucken ier se en anert Joer Friichten droen; cf. V.9.)

... a wéi hie komm ass, fir um Bam no Friichten ze sichen, huet hie keng fonnt (V. 6)
De Proprietär gëtt sech nach d'Méi fir ze sichen; mee, hie fënnt emol net eng Fig.

...elo kommen ech ewell dräi Joer hier, fir... (V. 7)
Firwat dräi Joer? – Vläicht well “dräi” d'Zuël vun der Komplettheet ass, och d'Zuël vum göttlechen.

... Ha en dach nëmmen ëm! (V. 7)
Hei kréie mer e strenge Gott beschriwwen, deen es sat ass fir näischt ze waarden (um Hannergrond vun de Vv. 3.5). – Queesch duerch d'Bibel erduerch kréie mer Gott vun alle Säiten hir beschriwwen, ëmschriwwen; dat ass o.k., esou laang mer eis bewosst bleiwen, datt all dës Beschreiwunge just Biller, Symboler sinn an datt Gott ëmmer nach anescht ass, wéi dat, wat mer a Biller oder Symboler faasse kënnen.

... Firwat soll en nach weider dem Buedem seng Kraaft huelen? (V. 7)
D.h.: huet esou ee Bam (an déi, déi e symboliséiert: Israel, evtl. d'Heedechrëschten, duerch de Kontext mat de Vv. 1-5 och jiddfer Mënsch) iwwerhaapt e Rescht ze liewen?

De Wënzer awer huet him geäntwert: ‘Här, looss en nach... fir datt ech ronderëm en opkappen a Mëscht spreeë kann; vläicht dréit en da Friichten. (Vv. 8-9a)
De Wënzer (= a chrëschtlechen Oueren, de Jesus) hëlt d'Roll vum Vermëttler, vum Médiateur; hie scheit keng Méi fir datt de Bam (an déi, déi e symboliséiert) dach nach Friichten dréit. Grad dee Bam, wou een sech freet, ier en iwwerhaapt nach eppes wäert ass, gëtt vum Wënzer extra verwinnt.

Wann net, dann ha en dat anert Joer ëm! (V. 9b)
Ma, och dem Wënzer seng Gedold huet eng Grenz. – Allerdings gëtt net gesot, wéi d'Geschicht ausgeet (an ech schreiwe bewosst net “wéi d'Geschicht ausgaangen ass”)!


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles