1. Pällemweih
Kontext
Am V. 28 ass de Jesus zu Jerusalem ukomm (vu Lk 9, 51 bis hei war hien ënnerwee; an der Apg geet d'Verkënnegung vu Jerusalem aus virun; Jerusalem ass also fir de Lk den Zentrum); elo zitt hien ewéi e Kinnek an d'Stad an; d'Begeeschterung ass grouss, awer net laang, well gläich drop geet d'Passioun (Lk 21) un: hie kräischt just nach iwwert Jerusalem, geheit d'Buttiksleit aus dem Tempel eraus a léiert d'Leit e puer Deeg am Tempel (Vv. 41-48).
D'Thema vum Jesus, deen a Jerusalem erageet, kënne mer an deene véier Evangelie liesen (Mk 11, 1-10; Mt 21, 1-9; Lk 19, 28-40, eisen Text a Joh 12, 12-19); de Jesus ass wahrscheinlech feierlech a Jerusalem agezunn, wéi all d'Pilger, déi fir d'Pessach- Fest op Jerusalem geplilgert sinn. Mee, no Ouschteren hunn d'Jünger dee méi déiwe Sënn verstanen an deen an dëser Erzielung erëmginn. Z. B. hunn si sech un Zach 9, 9-10 erënnert, wat fir si genee beschriwwen huet, wéi ee Messias de Jesus war. - Si hunn, amplaz drëschen theologesch Aufsätz ze schreiwen, hir Theologie a Geschichteform ogeschriwwen, an deenen Erliewtenes duerch de Brëll vun Ouschteren beliicht an erkläert gëtt; esou setzt de Lk dann z. B. aner Akzenter wéi seng Virlag, de Mk, ebe well fir dem Lk seng Chrëschtegemeinschaft aner Aspekter wichteg waren. Dat heescht elo net, datt hie Saachen einfach erfonnt hätt: jiddfereent vun deene véier Evangelie beliicht eng Säit vum Jesus sengem Liewen a Wierken; dat ass och gutt esou, well e Bléck aus véier verschidde Wénkelen, ass méi komplett, wéi nëmmen einfach ee Bléck vu vir. (Dofir gouf dann och dem Tatian, 2. Jhd., säin ‘Diatessaron'/'Zusammenschau' wou aus deene véier een Evangelium gemeet gi war, veruerteelt.)
Text
De Jesus ass erop op Jerusalem gaang (V. 28)
(“A wéi hien dëst gesot hat, ass hien...” ass am liturgeschen Text ewechgelooss.) De Jesus schéngt nach ëmmer tselwescht décidéiert ze si wéi a Lk 9, 51 (cf. och 18, 31; 24, 44). Duerch de Brëll vun Ouschtere gekuckt, huet hie missen op Jerusalem goen, nämlech fir datt d'Schrëft (eist Aalt Testament) erfëllt konnt ginn (Cf. 9, 22; 17, 25; 22, 22; 24, 7.26.44).
Wéi hien an d'Géigend vu Bethphagee a vu Bethanie koum, bei de Bierg, deen Olivebierg genannt gëtt... (V. 29)
Bethpage(e) = Haus vun de Figen; Bethanien = Haus vun den Aarmen, wou, no Mt 26, 6; Joh 11 de Jesus Frënn hat. Bethanie läit schonn um Osthank vum Olivebierg., nach eng 3 Km vu Jerusalem ewech (d.h. méi wäit ewech wéi Bethphagee; de Lk huet d'Geographie vu Palästina net esou gutt kannt , cf. z. B. 4, 29). – Wat de Jesus deenen zwéi Jünger mat op de Wee gëtt, weist hien als Prophéit, dee wees wat zu Jerusalem op hie waart (theologesch gesinn; net als een, deen d'Zukunft kennt ewéi eng Kaarteleeësch):
a sot: "Gitt an d'Duerf vis-à-vis! Wann dir erakommt... (Vv. 30-34)
De Lk présentéiert de Jesus net nëmmen als Prophéit, mee och als een deen Autoritéit huet: fir hien (a fir déi éischt Chrëschten) war et selbstverständlech datt déi Leit him hiirt Ieselsfillen (en däitleche Bezuch op Zach 9, 9-10! – hei ass Theologie mat dragestréckt!) iwwerlooss hunn. – Deemools hätt een ‘normale' Kinnek sech ni esou wäit erofgelooss, op engem Ieselsfillen ze reiden! Also gouf de Leit kloer, an nach méi deenen, déi hir Schrëft kannt hunn, datt hei en ‘anere' Kinnek erareit. – Déi zwéi Jünger sollen de Leit äntweren, datt ‘den Här ‘ hiirt Fille brauch; komescherweis brauchen si net méi Präzisiounen ze ginn, wéi wann ‘den Här' nëmmen ee kéint sinn – an effektiv nëmmen ee konnt si fir dem Lk seng Chrëschten. Et ass erstaunlech, wéivill Plaz déi Geschicht mam Ieselchen an dëser Erzielung anhëlt! Dat ass natierlech och de Kierchepäpp opgefall; si hunn an dem Ieselchen eng Metapher gesi fir d'mënschlech Natur (conditio humana) – an déi gëtt hei lassgemaach (3x gëtt dat ernimmt) a bei de Jesus, dee wéi de Kinnek aus Zach 9 a Jerusalem areit, gefouert...
Dunn hunn si et bei de Jesus gefouert. Nodeems si dem Fillen hir Kleeder op de Réck geworf haten... (Vv. 35-36)
Dat wat d'Leit (oder d'Jünger? – am Griichesche steet ‘si'; cf. och Mk 11, 8; Mt 21, 8 ) elo mat hire Kleeder maachen erënnert un e Passage aus 2Kin 9, 6, wou de Jehu als Kinnek vun Israel gesaleft ginn ass (cf. hei V. 38). An deem Sënn léisst de Lk wahrscheinlech och déi ‘Äscht vun de Beem' (Mt21, 8) ewech; esou ass d'Uspillung méi eendäiteg. – Kloer war fir de Lk: am Jesus erfëllt sech d'Schrëft , awer anescht, wéi déi meeschte Leit et deemools erwaart hunn.
A wéi hie bis dohi komm ass, wou et den Olivebierg erofgeet... (Vv. 37-38)
Déi sëllege Jünger, déi sech gefreet hunn erënneren un dem Salomo seng Installatioun als Kinnek (1Kin 1, 33-40); et gesäit ee wierklech, wéi mat bibleschen Uspillungen e Muster an déi Szeen hei gestréckt ass. – Historesch hunn d'Pilger, wa se freedeg a Jerusalem agezu sinn, de Ps 42, 5 gesongen. –‘Geseent sief deen, dee kënnt (...) am Här sengem Numm' ass och en Auszuch aus engem Ps vun de Pliger (Ps 118, 26) – mee, de Lk setzt (anescht wéi seng Mk-Virlag, Mk 11, 10) ‘hie kënnt als Kinnek' derbäi! D.h. do setzt de Lk en Akzent: dëse Kinnek bréngt Jerusalem de Shalom, an eng Gnodenzäit (Vv. 42.44) an ‘Am Himmel Fridden an Herrlechkeet héich do uewen' erënnert un de Gesank vun den Engelen (Lk 2, 14), dee seng Erfëllung elo huet (boucle bouclée): De Fridden, deen d'Engele der Äerd verkënnegt hunn, bezitt sech elo op den Himmel. – An et sinn net einfach d'Leit, mee déi sëllege Jünger, déi sech gefreet an den Herrgott haart geluewt hunn; si ware jo déi ganzen Zäit derbäi an hunn jo all déi Wonner gesinn (cf. Apg 1, 3. 21f), schreiwt de Lk.
En etlecher vun de Pharisäer, déi an der Mënschewull waren, soten zu him... (Vv. 39-40)
D'Pharisäer kennen de Jesus als ‘Meeschter' (Léiermeeschter/Rhabbi) un, méi wäit gesinn si net. Dobäi ass an dëser Erzielung d'Messiasbekenntnis vu Lk 9, 20 präziséiert ginn, dee Credo, deen do een eenzelne gesot hat an deen elo vun de sëllege Jünger ugeholl ginn ass. – Beim Lk geet hei no net méi Rieds vun de Pharisäer, hie gëtt hinne kee schwaarze Péiter am Jesus sengem Prozess (cf. Apg 2, 22-24); et ass och net kloer, ier si de Jünger de Mond verbidde wëllen, oder ier si esouguër vläicht einfach wëlle virsichteg sinn (well d'Deeg virum Pessachfest war Jerusalem e Polverfaas). – No dësem ominéise Saz vum Jesus kënnt d'Ukënnegung vun der Zerstéierung vu Jerusalem – gëtt et do en Zesummenhank, well déi éischt Chrëschten hunn an der Zerstéierung vu Jerusalem am Joer 70 de Judden hir Strof gesinn, well si de Jesus net ugeholl hunn? Dat ass net sécher; e bedeit och just vläicht, datt nodeems déi Freed hei beim Anzuch a Jerusalem eriwwer ass, d'Gewalt d'Soen huet.
2. Mass
Kontext
A jiddferengem vun deene véier Evangelie fanne mer eng Erzielung iwwert dem Jesus säi Leiden (Mk 14-15; Mt 26-27; Lk 22-23; Joh 18-19); d.h. alle véier bekennen si sech zum Kräiz – wat deemools net evident war: den Doud um Kräiz war d'Doudesstrof fir Sklaven an Opstänneger; fir e Judd war vu Gott verflucht, wien um Holz houng (Dtn 21, 22f); e réimesche Bierger ass gekäppt ginn, awer ni gekräizegt. – Et kann een esouguer esou wäit goen a soen, déi véier Evangelien géife richteg op d'Passioun duersteieren. – Och wann all Evangelist senger Passiounserzielung säi perséinleche Stempel opgedréckt huet, mat Elementer, déi him a senger Gemeinschaft extra wichteg waren (wéi och soss queesch duerch d'Evangelien), sou hu mer et mat dësen Erzielunge wahrscheinlech mat dem eelste Kär vun der urchrëschtlecher Iwwerliwwerung ze dinn. – No der Erfahrung vun Ouschtere war alles anescht, an de Jesus gouf an engem anere Liicht gesinn – e Brëll duerch deen erduerch säi ganzt Liewen anescht gesi gouf a munnech Froen sech anescht gestallt hunn. - Am Lk gëtt d'Passioun explizit vun 9, 51 uns virbereed, wou de Jesus sech op de Wee erop op Jerusalem mécht; säi Leidenswee entsprécht deem, wat schonn an der Schrëft (eisem Alen Testament) fir de Messias virgesi war (cf. 9, 22; 13, 33; 17, 25; 22, 21-23, 37) well et schlussentlech ëmt dem Jesus seng Ausernanersetzung mat der Muecht vun der Däischtert geet (22, 3. 31f. 35-38. 53; cf. 4, 13); d'Jünger verstinn dat allerdings eréischt no der Erfahrung vun der Operstéiung (24, 27.44). An esou kënnen si dem Jesus säi Wierke viruféieren (= d'Apg ).
Text
Déi Eelst vum Vollek, d'Hohepriister an d'Schrëftgeléiert hunn de Jesus bei de Pilatus gefouert (V. 1)
Am liturgeschen Text ginn déi Leit, déi de Jesus (dem Lk no, freides mueres fréi) virun de Sanhedrin (waren déi 71 Memberen och all do?) gefouert haten (22, 66), zu Ugangs genannt, nämlech déi Eelst, d'Hohepriister, an d'Schrëftgeléiert, wahrscheinlech e Grupp vun engen 10-12 Leit, déi dem Hohepriister bei sengen Amtsgeschäfter zur Säit stoungen. De Sënn an den Zweck vun dier “Anakrisis” (Vir-Prozess) schéngt ze sinn Uklopunkten ze sammelen, déi en Doudesuerteel fuerderen (de V. 70 ass fir si eng Gotteslästerung, déi mam Doud bestrooft gi muss; fir en Uerteel geet d'Stëmm vun 23 Memberen duer). Esou hiewen déi genannte Leit sech dann a féieren de Jesus bei de Pilatus, de Prokurator (e réimesche Ritter, vu 26-36 Präfekt a Judäa, wunnt meeschtens beim Mier zu Cäsaräa; e gudden Diplomat, awer bekannt als Juddenhaasser) deen zu Jerusalem war, well fir d'Pessachfest immens vill Leit zu Jerusalem waren an d'Situatioun deemno och immmens explosiv war; hien eléng hat d'Recht en Doudesuerteel auszeféieren, resp. ausféieren ze loossen (= Koerzitiounsrecht). – A scho ganz fréi gouf am Credo festgehalen: ‘crucifixus etiam pro nobis sub Pontio Pilato'.
Si hunn ugefaang hien unzekloen, a soten... (V. 2)
An de Vv. 67-71 gëtt de Jesus ausgefrot, ier hien éiren de Messias wier. Dat interesséiert de Pilatus awer séier wéineg, an esou sinn d'Uklopunkten, déi si him opdëschen anerer, resp. anescht ausgedréckt: bei der Fro no de Steieren hat de Lk schonn duerchblécke gelooss, datt dat e Problem géif ginn (cf. Lk 20, 20-26), an si präsentéieren de Jesus elo als politesche Messias, also Kinnek, op deen effektiv vill Leit deemools gewaart hu fir d'Réimer erauszegeheien an dem David säi Räich erëm opzeriichten. Duerop, dat wëssen si, muss de Pilatus reagéieren (cf. Apg 17, 7), an et ass och heiwéinst wou de Jesus veruerteelt gëtt (Lk 23, 30; cf. Mk 15, 9.12.18) och wann de Fuuss vu Pilatus “vun de Judden” hannert “Kinnek” setze léisst. Datt d'Delegatioun vum Sanhedrin (an deem jo och Collaborateuren = Sadduzäer waren) bewosst den Akzent op de politeschen Aspekt vum Messias-Kinnek leet, ass offensichtlech; mee, et ass awer guer net kloer, ier si dat aus Béisegt maachen, oder, ier et hinne wierklech drëms geet e politesch geféierleche Mënsch aus dem Wee ze schaaffen, well si keng politesch Revolt gebrauche kënnen. Leider gouf an deene vergaangene Jorhonnerte vill ze wéineg no der deemoleger verwurrelter politesch-reliéiser Situatioun gefrot, an d' “Judden” vill ze séier einfach als déi Béis dohigestallt.
(An de Vv. 2-25 gëtt de Lk par rapport zum Mk an zum Mt eng eege Versioun vum Jesus sengem Prozess erëm; hien huet an der Passiounserzielung de Mk 15, 1-20b sécherlech iwwerschafft, mee och Material aus senger eegener Quell (‘Sondergut') mat verschafft. An et ass ëmmer interessant, wann een Evangelist vun deenen aneren ofwäicht.)
De Pilatus huet hie gefrot:... (Vv. 3-5)
De Lk respektéiert (tselwescht wéi de Joh, anescht wéi de Mk an de Mt) d'Prozedur virun engem réimesche Geriicht: d'Uklo a Präsenz vum Ugekloten, duerno Verhéier vun dem Ugekloten, wou deen och äntwere kann. De Lk entlaascht de Pilatus: dräimol erkläert hien de Jesus net schëlleg (Vv. 4.14.22); d.h. d'Réimer hunn de Jesus net als Staatsfeind veruerteelt, also sinn och d'Chrëschten an deem Jesus senger Nofolleg keng Staatsfeinden. Hei stécht dem Lk säin Uleies fir d'Heedechrëschten ervir. (Anerersäits läit zur Zäit vun der Néierschrëft vum Lk d'Kromm tëscht de Pharisäer an den urchrëschtleche Judde-chrëschtleche Gemeinschaften schonn zimlech an der Heck – wat sech dann och hei an dëse Versen a massiv an der Apg, cf. 2, 23.36; 3, 13-15; 4, 10; 5, 30; 13, 27, 28, 23-28, erëmspiggelt. – Och Leit wéi d'Evangeliste waren nëmme Mënschen....) (Dem Jesus seng Äntwert ‘Du sees et' am V. 3 kann heeschen ‘jo', oder awer och ‘du sees dat, net ech' (cf. Mk 15, 2b//; Joh 18, 37ff wou hien den Titel richteg verstane wësse wëllt). Dat Zweet ass wuël éischter de Fall, well wann de Jesus einfach ‘jo' gesot hätt, dann hätt hien deen Titel tel quel ugeholl, hien dee mat Titelen esou virsichteg ëmgaangen ass.)
Wéi de Pilatus dat héieren huet, huet hie gefrot... (vv. 6-12)
Den Herodes Antipas (cf. 3, 1.19f; 8, 3; 9, 7-9; 23, 6-12.15; Apg 4, 26-28; 13, 1) war Tetrarch vu Galiläa a Peräa vu 4 v.Chr.-39 n. Chr.; säin Optrëtt an der Passiounserzielung hat de Lk schonn a 9, 9 virbereed! Hien huet laang misse waarde bis hien de Jesus entlech vun no gesäit; esou freet hien dann och vill, wourop hien awer keng Äntwert vum Jesus kritt (V. 9); d'Delegatioun vum Sanhedrin schwätzt ëmsou méi (V. 10). – Enttäuscht gëtt den Herodes dem Jesus zesumme mat sengen Zaldoten seng Veruechtung ze spieren (V. 11; cf. Mk 15, 16-20); verkleed gëtt de Jesus hannescht bei de Pilatus geschéckt (Vv. 11-12): déi “Witzfigur” do ass vläicht e reliéise Fanatiker, awer op kee Fall e politesche Rebell, dee Roum fäerte misst! Dëse Geste vum Herodes schéngt dem Pilatus gefall ze hunn (V. 12).
De Pilatus huet d'Hohepriister, déi Iewescht an d'Vollek zesummegeruff a sot zu hinnen:... (Vv. 15-25)
Den Herodes huet dem Pilatus keng Décisioun ofgeholl, mee hien de Pilatus awer a senger Meenung bestäerkt; elo versicht de Pilatus dann och den Hohepriister, den Ieweschten an esouguer dem Vollek (wat sécherlech iwwerdriwwen ass) kloer ze maachen, datt hien hinnen entgéint kënnt an de Jesus gäissele léisst, fir datt hien sech an Zukunft roueg verhält. Mee, seng Rechnung geet net op. Géint dat ëmmer méi haart Gejäiz kënnt och de réimesche Präfekt net un (Vv. 18.21.23), an d'Stëmmung ass souwisou schonn explosiv. – An elo, verzielt äis de Lk, kënnen ‘si all matenee' wielen, ier si léiwer de Jesus, dem Herrgott säi Jong (cf. V. 22, 70) oder de Raiber Jesus Barabbas, (op aramäesch) ‘dem Papp säi Jong' fräi hätten – déi véier Evangelie verzielen, datt de Pilatus op dës Manéier versicht huet de Jesus fräi ze kréien (Mk 15, 6-15//; Joh 18, 39f). (De juddesch-réimesche Geschichtsschreiwer Josephus gebraucht dat Wuert ‘Raiber' (lästäs) fir gewalttäteg Zeloten, cf. Bell II 13.2.3.). (Et ass komesch déi zwéin Nimm niewteneen ze gesinn, well de Jesus Gott mat ‘Abba' uried, hien also op Aramäesch selwer dem ‘Papp säi Jong', de ‘Bar-Abbas' ass.) D.h.: de Pilatus huet gemierkt, datt hien an enger Zwéckmillchen ass a gräift, als lescht Mëttel fir net d'Gesiicht ze verléieren op eng, bei de Réimer méiglech, Kuerzform vun engem Referendum zréck; d'Vollek soll entscheeden. Mee, d'Vollek wielt net nëmmen de Barabbas, neen, d'Vollek décidéiert esouguer, wéi de Jesus stierwe soll (Vv. 21.23)! (Spéiderhin ass d'Vollek net méi enger Meenung, cf. Vv. 27.35; 24, 19f.) An de Pilatus deet hinnen de Wëllen (Vv. 24f). – Déi ganz Szeen iwwer huet de Jesus scheinbar nëmmen eng Statisteroll: hie seet näischt, hie mécht näischt, hie reagéiert net op déi ellen Doudesstrof: wann een d' Kapitele 22-23 eenzock liest, kann ee verstoen, datt zënter dem Gebied um Olivebierg (22, 39ff) fir de Jesus alles décidéiert ass; de Lk weist hien als Beispill vun engem Mënsch, deem säi Vertrauen op Gott = Glawen och an dëser Situatioun duerhält. Bis zulescht (V. 46). (De V. 17, deen, wéi a Mk 15, 6// seet, datt de Pilatus d'Gewunnegt hat, hinnen bei Geleenheet vum Fest e Prisonnéier fräi ze loossen, feelt a villen alen Manuskripter.) – No réimeschem Recht gëtt d'Uerteel direkt ausgefouert:
Wéi d'Zaldoten de Jesus fortgefouert hunn, hunn si e gewësse Simon vun Zyrene... (V. 26)
Wann een den Enchaînement beim Lk liest, kéint ee méngen, d'Gäisselung wier ewechgelooss ginn (anescht wéi beim Mk, Mt, Joh). Deemno dréit de Jesus beim Lk och keng Därekroun. D.h. datt hien op aner Saachen insistéiere wëllt: de Simon vun Zyrene - eng griichesch Kolonie un der Nordafrikanescher Küüst, wou vill Judden an der Diaspora gelieft hunn -, dee grad vum Feld koum (// Mk 15, 21; Mt 27, 32 dee präziséiert, vu wou de Simon senge Leit bekannt ass) kritt dem Jesus säi Kräiz (de Querballek, de ‘patibulum') opgelueden ‘fir datt hien dem Jesus et nodroe sollt'! Doduerch datt de Lk sech bewosst esou ausdréckt (vergläicht emol dem Mk an dem Mt hir Formulatioun!) mécht hien aus dem Simon d'Virbild fir d'Jünger, déi dem Jesus d'Kräiz nodroe sollen! Woubäi d'Kräiz nodroen, wann een duerch d'Evangelium kuckt, net heesche soll, datt de Jünger muss als Märtyrer stierwen, mee, d'Kräiz nodroen heescht (cf. 9, 23ff; 14, 27ff), sech net am Mëttelpunkt gesinn an zrécktrieden, wann et ëmt méi Héiges geet; an an deem Sënn als Virbild gëtt de Jesus vum Lk gewisen, wéi hien bis zulescht Leit heelt (cf. Lk 22, 51), verzeit (23, 43) an op Gott vertraut (23, 46). – Et muss een awer och soen, datt de Lk dem Simon seng Reaktioun net beschreiwt, mee hien als Symbolesche Jünger dohistellt; de Simon war dee Moment sécherlech net begeeschtert... (Wuertwiertlech verstanen hunn déi Pilger dat Kräiz-nodroen, déi zënter dem 4. Jorhonnert zu Jerusalem dem Jesus säi leschte Wee noginn; natierlech ass dat o.k., keng Fro, mee, de Sënn, deen d''Kräiz op sech huelen' an ‘dem Jesus et nodroen' duerch d'Evangelium erduerch huet, däerf dobäi net vergiess ginn.)
Vill Leit aus dem Vollek sinn dem Jesus nogaang. Och Frae waren derbäi, déi sech un d'Broscht geschloen an... (Vv. 27-31)
Déi Szeen hei fanne mer just beim Lk. De Jesus gëtt duergestallt als deen, dee bis zulescht sech als Prophéit weist a vun sech ofgesäit; et gi Motiver opgegraff (Vv. 28-31), déi scho virdrun am Evangelium ugeklonge sinn (cf. 11, 50f; 13, 34f; 19, 41ff; 21, 20ff; d'Zerstéierung vu Jerusalem am Joer 70 zeechent sech of) an déi och un altestamentlech Texter erënneren (cf. Zach 12, 10-14; Hos 10, 8; Jes 3, 16); an d'Vollek ass guer net esou géint de Jesus, wéi een dat no de Vv. 13ff hätt kënne méngen.
Et sinn och zwéi Verbriecher dohi gefouert ginn, fir mat dem Jesus higeriicht ze ginn (V. 32)
De Lk verzielt als Eenzegen, datt och zwéi Verbriecher mat erausgefouert ginn; eréischt bei der Szeen um Kräiz schwätzen déi véier Evangeliste vun deenen zwéi Matgekräizegten. Beim Lk allerdings sinn si einfach ‘Verbriecher', bei deenen anere ‘Banditen' (lästäs, wéi de Barabbas), also graff gesot, Partisanen, gewalttäteg Zeloten; fir de Lk ass et awer wichteg ze weisen, datt de Jesus, entgéint deem, wat d'Delegatioun vum Sanhedrin dem Pilatus verzielt huet an deem, wat op der Tafel uewen um Kräiz steet (V. 38), kee Staatsfeind vu Roum war (cf. och wéi de Pilatus duergestallt gëtt) an ze weisen, datt sech d'Schrëft erfëllt (cf. Jes 53, 12).
Wéi si op déi Plaz koumen, déi Doudekapp genannt gëtt,... (V. 33)
Dësen Hiwel virun den Diere vu Jerusalem hat wahrscheinlech d'Form vun engem Doudekapp; e louch e puer honnert Meter ewech vum Prätorium; et war en ale Steebroch, deen als den Dréckstipp fir Potterie genotzt gouf, déi vill befuere Strooss op Jafo an Cäsaräa geet do un, an déi aus alle Richtunge koumen, sinn hei laanscht gaangen. – D'Kräizegung selwer gëtt an deene véier Evangelien nëmme ganz knapps ernimmt: d'Leit deemools, wéi d'Evangelien néiergeschriwwe goufen, hunn nëmmen ze gutt gewosst, wéi déi grausam Prozedur war.
De Jesus awer sot: “Papp, verzei hinnen,...!” (v. 34)
A verschiddenen alen Handschrëfte feelt dëse Saz, mee, en entsprécht awer dem Lk senger Iwwerzeegung: esou widderhëlt de Stephanus dëst Gebied (Apg 7, 60, cf. 3, 17; Lk 12, 10).
Elo gëtt e puermol e Psalm zitéiert; fir de Lk weist dat, datt sech an dem Jesus sengem Doud d'Schrëft (eist Aalt Testament) erfëllt huet, cf. 23, 34 = Ps 22, 19 (wéi beim Mk a beim Mt), V. 35 = Ps 22, 8, V. 36 = Ps 69, 22, V. 46 = Ps 31, 6, V. 49 = Ps 38, 12 (idem fir d'Zitater aus dem Alen Testament um Wee op den Doudekapp). Weider erkennt een am V. 44 = Ex 10, 22; Am 8, 9f an am V. 48 = Zach 12, 10. Explizit gëtt de Jesus/de Lukas dësen altestamentleche Schlëssel un um Wee op Emmaus (24, 25-27. 44-46). Spéitstens elo ass kloer: et geet dem Lk, wéi sengen Evangeliste-Kolleegen, net an éischter Linn ëmt en historesche Rapport iwwert dat, wat do freides, de 14. Nisan, also de 7.4., vum Joer 30 eiser Zäitrechnung zu Jerusalem geschitt ass, mee, ëmt Theologie, well a senger Passioun weist de Jesus mat groussem Nodrock, wien hien ass. – Datt de Jesus um Kräiz gestuerwen ass, steet ausser Fro: esou eppes Schlëmmes, wat jo fir e Judd gewisen huet, datt de Jesus net de Messias si konnt, a fir e Réimer, fir dee seng Götter Helde waren, ongeheierlech war, hunn déi éischt Chrëschten net erfonnt. Mee, dës Tatsaach mat deenen historeschen Elementer, déi si iwwerliwwert kritt haten (d'Evangelie sinn néiergeschriwwe gi wéi déi lescht Aenzeien lues awer sécher ausgestuerwe sinn!) goufe vun den Evangeliste quasi mat Theologie gefierwt – et brauch een nëmmen d'Szeen vun der Kräizegung vun deene véier Evangelien a Synopse ze liesen, oder, méi kuerz, ze vergläiche wat de Jesus bei wéi engem Evangelist um Kräiz seet, fir dat ze gesinn. – Dat heescht net, datt d'Evangelisten eppes einfach erfonnt hätten! Neen, mee net d'Fro no dem “wéi war et?” war fir si interessant, mee, de Sënn, d'Bedeitung, déi iwwert déi brutal Realitéit erausgewisen huet!
... Anerer huet hie gerett, da soll... (V. 35)
Hei ass nach eng Kéier déi drëtt Versuchung aus der Wüüst, déi ukléngt (cf. Lk 4, 9ff) an d'Stëmm aus der Wollek (cf. Lk 9, 35 = eng Uspillung u Jes 49, 7, de leidende Gotteskniecht). – Mär dinn eis méi schwéier mat dëse Referenzen un d'Aalt Testament; wéi d'Evangelien néiergeschriwwe goufen, waren d'Leit, entweder Judden oder Proselyten, also Leit, déi mat dem juddesche Glawe sympatiséiert hunn, dës Aart a Weis vu Léier, dës Aart a Weis vu Katechees gewinnt. Dowéinst war fir si villes op den éischte Bléck/op d'éischt Héieren hi verständlech, wou mär eis dru stoussen, well mär dat eben net méi gewinnt sinn.
D'Zaldoten, déi komm sinn, fir him Esseg ze bréngen,... (Vv. 36-37)
An de Vv. 37.38.42 weist de Lk wéi dem Jesus säi Kinnek-si falsch verstane gëtt. (Engem um Kräiz Esseg, gemëscht mat Waaser, ze drénken ze gi konnt anscheinend direkt déidlech sinn. Anerer awer méngen, deem um Kräiz säin Duuscht ze läsche wier grausam, well et d'Qual verlängert.)
Iwwer him houng e Schëld:... (V. 38)
Vun dësem Schëld verzielen déi véier Evangelien. An et entsprécht dem Brauch deemools, souwuël bei de Judde wéi bei de Réimer, engem Veruerteelte säi Verbriechen de Leit matzedeelen; an de Jesus ass effektiv vum Pilatus als politesche Kinneksprätendant higeriicht ginn. Beim Lk steet just ‘dat hei ass de Kinnek vun de Judden' (wéi beim Mk), wat dem réimesche Brauch entsprach huet; wien dee Veruerteelte war, oder vu wou war hinnen eegal, eléng d'Verbriechen huet si interesséiert.
Ee vun de Verbriecher, déi mat him gekräizegt gi waren,... (V. 39)
Als leschte lästert deen ee Matgekräizegten de Jesus (no den Ieweschte vum Vollek an no den Zaldoten).
Deen aneren awer huet dësem Virwërf gemaach a geäntwert... (Vv. 40-42)
Deen zweete Verbriecher gleewt un dem Jesus seng Onschold (wéi am V. 47 och den Centurio, deen esouguer fënnt de Jesus wier ‘gerecht' gewierscht; de Jesus ass dee Gerechten, dee leide muss , cf. och Apg 3, 14; 7, 52; 22, 14), an, opschonns hien e Verbriecher ass, versicht hien a leschter Minutt d'Kéier ze kréien. – De ‘Kaddisch' ass dat juddescht Gebied, dat och am Kontext vum Doud gebied gëtt; den Tenor an deem Gebied ass, datt dem Herrgott säi Räich entstoe soll (cf. den ‘Eise Papp'!); deem zweete Verbriecher seng Wierder erënneren un de Kaddisch; de Lk bezitt déi Wierder awer op de Jesus, well fir hien de Jesus vum Papp geschéckt ass fir dem Herrgott säi Räich opzebauen. D.h. datt dee Verbriecher hei en immense Credo seet. - Den Doud um Kräiz ass e qualvollen Doud duerch Erstécken: do hält ee wuël kaum nach esou grouss Rieden; also läit dem Lk säi Message entzouch anescht: fir hien ass et wichteg ze weisen, datt de Jesus sech bis zum Schluss deenen Ausgestoussenen hirer unhëlt an et ni ze spéit ass d'Kéier ze kréien.– Dem Jesus seng Äntwert fällt deemno gutt aus: haut nach (de Lk huet ëmmer erëm am Evangelium op den ‘haut' vun der Rettung, vun dem Emdénke gepocht) ass de Verbriecher mat him bei Gott.
Et war schonn ëmt déi sechst Stonn, dunn... (Vv. 44-45)
Déi sechst Stonn = fir ganz genee ze sinn, tëscht 10.45 bis 12 Auer (am Summer huet den Dag am Réimesche Räich 5.45 Auer muëres ugefaangen; 5.45 - 7 Auer = déi éischt Stonn; déi néngt Stonn = vu 14.30 - 15.45 Auer).
Bei de Synoptiker gëtt dem Jesus säi Stierwe begleet vun apokalypteschen/endzäitlechen Zeechen (beim Lk ‘dräi Stonnen Däischtert am ganze Land' déi un Ex 10, 22 an un Am 8, 9-10 erënneren); domadder wëllen si weisen, datt dem Jesus säin Doud vu weltwäiter a weltbeweegender Bedeitung ass; dee Moment huet d'Endzäit ugefaangen.
De Riddo vum Tempel ass an der Mëtt duerchgerass (V. 45)
Hannert dësem Riddo war dat Allerhellegst, wou den Hohepriister nëmmen 1x/Joer eragaangen ass (cf. Ex 26, 33): dee Riddo ass an der Mëtt duerchgerass (cf. och Mk Mt 27, 51//), d.h. datt vun elo u jiddfer Mënsch fräien Zougank huet zum Allerhellegsten, zu Gott. Jiddfer Mënsch, d.h. Judde grad wéi Net-Judden, wat jo dem Lk e spezielt Uleies war.
De Jesus huet haart geruff:... (V. 46)
Beim Mk deet de Jesus en haarde Kreesch an haucht dann aus. Historesch gesinn, ass dat wuël dat, wat dem Doud um Kräiz entsprieche kann; de Lk vergësst net, nach eng leschte Kéier drop hinzeweisen, wéi de Jesus säin Doud verstanen huet: als e Vertraue bis zum batteren Enn, an doriwwer eraus (cf. d'Gebied um Olivebierg), och wann hie selwer vläicht net verstanen huet firwat de Wee dohi gefouert huet.
Wéi den Centurio gesinn huet, wat geschitt ass,... (V. 47)
En Heed bescheinegt dem Jesus, datt hien ee Gerechte war, d.h. datt hien dem Herrgott sengem Wëllen no geliewt huet (cf. den zweete Verbriecher). – Den Témoignage vum Centurio um Schluss vun der Passioun ass wichteg fir de Lk, dee jo haaptsächlech fir Heedechrëschte geschriwwen huet.
An all déi Leit, déi fir dëse Spektakel dohi komm waren... (V. 48)
Zu allen Zäite sinn d'Leit Hiriichtunge kucke gaangen, fir si war et net méi wéi e Spektakel; mee, elo schloen si sech als Zeeche vun Trauer a Bereien un d'Broscht. – Dem Jesus säi Wierke geet viru, kéint ee bal soen.
Méi wäit ewech stoungen all seng Bekannten an och d'Fraen,... (V. 49)
Si hunn sech net ze wäit verdréckt, dem Jesus seng ‘Bekannten', wou bestëmmt och der vun de Jünger drënner waren. – Wichteg ass, datt si do waren, an alles gesinn hunn; si sinn d'Zeien.