Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

3. Ouschtersonndeg C

$
0
0

1 De Jesus huet sech de Jünger beim Séi vun Tiberias op en Neis gewisen, an zwar huet hien sech esou gewisen:

2 De Simon Péitrus, den Thomas, deen Zwilling genannt gouf, den Nathanael vu Kana a Galiläa, dem Zebedäus seng Jongen an nach zwéin anerer vum Jesus senge Jünger ware beieneen.

3 De Simon Péitrus sot zu hinnen: “Ech gi fëschen.” Du soten si zu him: “Mir komme mat dir.” Si sinn erausgaang a sinn an den Naache geklomm. Ma an där Nuecht hunn si näischt gefaang.

4 Wéi et du scho Muerge ginn ass, stoung de Jesus um Uwänner [vum Séi]; d'Jünger woussten awer net, datt et de Jesus war.

5 Du sot de Jesus zu hinnen: “Kanner, hutt dir näischt fir z'iessen?” Si hunn him geäntwert: “Neen.”

6 Hie sot zu hinnen: “Geheit d'Netz op där rietser Säit vum Naachen aus, da fänkt dir eppes!” Dueropshin hunn si d'Netz ausgehäit, an si hunn et net méi gepackt, fir et eranzezéien, esou vill Fësch waren dran.

7 Du sot dee Jünger, mat deem de Jesus frou war, zum Péitrus: “Et ass den Här!” Wéi de Simon Péitrus héieren huet, datt et den Här war, huet hien sech d'Hiem ëmgebonnen – hie war nämlech plakeg – an huet sech an de Séi gehäit.

8 Déi aner Jünger si mam Naache komm – si sinn net wäit vum Land ewech gewiescht, ongeféier 200 Ielen –, an si hunn d'Netz mat de Fësch nogezunn.

9 Wéi si aus dem Naache geklomm an u Land gaang waren, hunn si um Buedem d'Glous vun engem Holzkuelefeier gesinn, an och Fësch, deen droplouch, a Brout.

10 De Jesus sot zu hinnen: “Bréngt e puer vun deene Fësch, déi dir elo grad gefaang hutt, heihinner!”

11 De Simon Péitrus ass higaang an huet d'Netz u Land gezunn. Et war voller grousser Fësch, 153 Stéck, an obschonns et der esou vill waren, ass d'Netz net gerass.

12 De Jesus sot zu hinnen: “Kommt iessen!” Et war kee vun de Jünger esou kéng fir nozefroen: “Wie bass du?”– si wousste jo, datt et den Här war.

13 Dunn ass de Jesus higaang, huet d'Brout geholl an huet hinnen es ginn, a gradesou de Fësch.

14 Dat hei war schonn déi drëtte Kéier, datt de Jesus sech de Jünger gewisen huet, zënter datt hien aus dem Doud erwächt gi war.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411