Kontext
Am allgeménge ginn d'Kapitelen 13-17 vum Joh als e Ganzt ugesinn; se sinn ewéi verschiddefuerweg Krellen, déi uneneegereit sinn: de Jesus schwätzt mat senge Jünger, an duerch si mat all de Jünger, déi nokommen, vun der Zäit, vu wou un hie “verherrlecht” ass, d.h. och vun eiser Zäit; hie mécht hei quasi säin Testament a seet senge Leit mat Nodrock wat säi leschte Wëllen ass, eng litteraresch Gattung, wéi se méi dacks an der Bibel virkënnt (cf. Gen 49; Dtn33, 1ff; Apg 20, 17ff); op déi Manéier erkläert de Jesus beim Joh de Sënn vu sengem Doud. Eigentlech misst ee Joh 13, 1-30 an engem Zock liesen, well verschidden Elementer eent op dat anert verweisen, wat verluer geet, wann een den Text stéckerchersweis liest. Een esou Verwäis/Fuedem, den Haaptfuedem ass z. B. d'Vv. 1/35 an12-15/31-35! (Tëscht den Zeile kann een och d'Probleemer erausliesen, déi déi johannäesch Communautéit zur Zäit vun der Redaktioun vum Joh hat: et war net alles esou roseg an esou ‘Friede, Freude, Eierkuchen', wéi mär dat vläicht gären hätten.)
Text
Wéi de Judas erausgaang war, sot de Jesus: "Elo ass de Mënschejong verherrlecht,... (Vv. 31-32)
Am Joh kënnegt de Jesus ëmmer erëm ‘seng Stonn' un (cf. z. B. nach an 12, 23; 13, 1), an elo ass se do, déi Stonn, wou hie verherrlecht gëtt (an de Vv. 32-33 kënnt dat Wuert 5x vir), d. h. am Joh senger Sprooch, d'Stonn, wou hien erhéicht a verherrlecht gëtt, d. h. d'Passioun. – (Dem Herrgott seng) Herrlechkeet = an der biblescher Sprooch, dat, wat mär Mënsche vu Gott ze gesi kréien, z. B. de Glanz, deen op eppes Helleges hinweist, oder Heelungen, Wonner, wou dem Herrgott seng Muecht a Kraaft duerchschéngen. Beim Joh weist de Jesus an deem, wat hie mécht seng Herrlechkeet (2, 11), a virun allem an senger Passioun (1, 14; 11, 4; 12, 23.28; 14, 13; 17, 2-5 ) an an der Eenheet vun de Jünger (15, 8; 17, 22-23). A seng Herrlechkeet weist automatesch sengem Papp seng; vereinfacht gesot: an deem, wat de Jesus mécht a seet, weist hien eis Gott, doranner schéngt eppes vu Gott duerch fir eis Mënschen. – Den Titel Mënschejong kënnt virun allem am éischten Deel vum Joh vir; wahrscheinlech ass ‘Mënschejong' deen eenzegen Titel, deen de Jesus zu Liefzäiten ugeholl huet: engersäits bedeit en einfach ‘Jong vun engem Mënsch', also ‘Mënsch', an anerersäits ass en eng Uspillung op den endzäitleche Riichter- Mënschejong aus Dan 7.
Kanner, ech sinn nëmmen nach... (V. 33a)
Hei ass en Indiz, datt mer déi litteraresch Gattung hunn, wou een säin Testament mécht. – Anescht wéi bei de Synoptiker kënnegt de Jesus net säi Leiden un (Mk 8, 31-33//; 9, 30-32//; 10, 32-34//), mee, datt hien hannescht geet bei säi Papp (Joh 7, 33; 8, 21) an erhéicht gëtt (3, 14; 8, 28; 12, 32) = am Joh senger Sprooch, um d'Kräiz stierwt.
En neit Gebot ginn ech iech: Dir sollt een deen anere gär hunn! Esou wéi... (Vv. 34-35)
Déi Léift, vun dier hei Rieds ass, ass net eng sentimental, romantesch Léift, mee, d''agapä', d.h. eng Léift, déi de Mënsch sech zu Gonschte vun engem anere beweegen deet. – Wat kann een an dësen zwee Vv. iwwert déi Léift erausliesen? Ma, se geet bis un d'Enn (13, 1), se soll tëscht de Jünger/Chrëschte sinn (well de Jesus si d'éischt gär hat; hie freet net, datt si hie gär hunn, ma sech ënnerteneen!), dës Léift huet hire Grond an hir Wuerzel an der Léift, déi de Jesus fir si hat, déi selwer hire Grond an hir Wuerzel an der Léift vu Gott zum Jesus huet, an et ass un dier Léift, wou d'Leit ‘do bausse' mierke kënnen, ier een e Jünger/Chrëscht ass. Dowéinst ass dat och en neit Gebot, well d'Qualitéit, wann een esou wëlt, eng aner ass wéi bei der Bridderlechkeet, oder dem sech-géigesäiteg-hëllefen wéi et souwuël an der griichesch-réimescher Kultur vu verschidde Stréimunge oder am A.T. (z. B. Lev 19, 18) an am Juddentum gefuedert ginn ass. – Och hei setzt de Joh den Akzent anescht wéi d'Synoptiker: d'Léift soll sech weise vis-à-vis vun den anere Jünger/Chrëschten (hei, 15, 12; 1Joh 3, 11-23); zu Ugangs vum Joh gëtt gesot Gott hätt der ganzer Welt seng Léift gewisen (3, 16), mee, mee, am allgeméngen insistéiert de Joh wierklech op déi géigesäiteg Léift innerhalb vun der chrëschtlecher Gemeinschaft. Zëmools och am 1Joh pocht den Auteur duerop; mer hu schonn emol gesinn, datt wann en Evangelist esou op eppes hält, dann ass dat den Hiwäis, datt dat wichteg war (als Erkennungszeechen a well dës Léift hire Grond am Jesus selwer hat) an datt grad dat a senger Gemeinschaft net geklappt huet. Hei war effektiv d'Gefor, datt d'Gemeinschaft sech op sech selwer konzentréiert, an ëmt sech selwer dréint, am schlëmmste Fall eng Sekt gëtt (d'Gefor, déi a Joh 21, 1-12 duerchschéngt). Oder awer een deem aneren zëvill oppasst. – Op jiddfer Fall schéngen d'Chrëschten aus der joh Gemeinschaft sech net esou gär gehat ze hunn, wéi dat konstitutiv fir eng Chrëschtegemeinschaft de Fall si sollt.