Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Christi Himmelfahrt C

$
0
0

Kontext

Mer sinn am leschte Kapitel vum Lk ukomm: d'Zäit vum Jesus heinidde (vu Galiläa op Jerusalem) geet op en Enn a leet iwwer bei d'Zäit vum Opbau vun der chrëschtlecher Gemeinschaft bis un d'Enn vun der Welt ( = d'Apg, wou d'Evangelium vu Jerusalem bis op Roum verkënnegt gëtt; cf. hei d'Vv. 47f). – Zënter dem Virbereedungsdag op de Sabbath ( = freides) un ass de Jesus am Graf; elo si mer den éischten Dag vun der Woch ( = sonndes). – De Jesus schwätzt mat hinnen, mécht e Stéck Wee mat hinnen an ësst mat hinnen (Vv. Lk 24); de Jesus ass aus dem Doud erwächt ginn, hien ass kee Geescht (fir e Judd bedeit Operstéiung, datt Kierper a Séil net am Doud bleiwen).

Dem Jesus seng Jünger, Männer wéi Fraen, waren um Buedem zerstéiert wéi hire Léiermeeschter, an deen si esou vill Hoffnunge gesat haten, esou een tragescht Enn geholl huet. – Si woussten, datt deen, deen um Holz hänkt (also gekräizegt ass) vu Gott verflucht ass (Dtn 21, 22f), also schwéierlech de Messias ka sinn. – Haten si sech éire geiert? Waren si ier gefouert ginn? – An dunn hunn si déi Erfahrung gemeet, déi si da mat ‘de Jesus ass aus dem Doud erwächt ginn' oder ‘ de Jesus ass vun den Doudegen operstanen' ëmschreiwen. Déi Erfahrung hat virun hinnen nach kee gemeet, also hunn si emol misste Wierder fannen, fir se z'ëmschreiwen! Wéi si sech dem Jesus säi Liewen, säi Wierken, seng Rieden nach eng Kéier duerch de Kapp goe gelooss hunn, hunn si villes am Nachhinein verstanen (cf. V. 6), villes am Bléck op hir Schrëft (eist Aalt Testament; hei de V. 44. 46) ugekënnegt gesinn an den déiwe Sënn begraff (cf. e puer Vv. méi wäit ënnerwee op Emmaüs). – De Jesus selwer, wéi hien no de villen Ausenanersetzungen ëmt de Sabbath an ëmt d'Rengheetsvirschrëften (der Trennung tëscht deenen, déi zum auserwielte Vollek gehéieren, an deenen, déi net derzou gehéieren), no den Ausenanersetzungen doduerch mat den Dichtegen, no senger Kritik um Tempel (Symbol vun der nationaler a reliéiser Eenheet a Besatzungszäiten + Bank) gesinn huet, datt hien zëvill Feinden hat, huet mat Hëllef vun der Schrëft versicht senge Leit de Sënn vu sengem Wierken a Stierwen z'erklären. Mee, villes hunn si awer eréischt no Ouschtere verstanen, an hannenoter goufen déi ganz Evangelie geschriwwen, ‘duerch de Brëll vun Ouschteren', esou datt schonn a Galiläa an um Wee erop op Jerusalem de Credo un deen Operstanenen duerchliicht. - D'Erzielungen iwwert dem Jesus säi Leiden an säin Operstoen si wahrscheinlech den eelste Kär, deen iwwerhaapt vun den Evangelien néiergeschriwwe ginn ass; et ass 1. ënnert dem Bléckwénkel vun Ouschteren, duerch dee Brëll, an 2. am ‘Dialog' mat hire Schrëften (eist A.T.) wou déi éischt Chrëschten sech un d'Geheimnis vun deem (historesche) Jesus vun Nazareth erugetaascht hunn. Bei déi Verkënnegung/Katechees koum derbäi, 3. datt d'Chrëschten ëmmer erëm hu misse gesot kréien duerchzehalen an sech Méi ze ginn a 4. datt si sech schonn no baussen hin hu misste verteidegen.

Text

De Jesus sot zu senge Jünger:... (Vv. 46-48)
An dësen dräi Vv. sinn all d'Themen opgezielt, déi an der Apostelgeschicht als den Apostelen hir Verkënnegung duergestallt ginn: de Verwäis op d'Schrëft/eist A.T. (Apg 2, 23ff; 4, 10f; 13, 28ff; 266, 22f), d'Verkënnegung vum Emdenken an dem Noloosse vun de Sënnen (Apg 2, 38; 3, 19; 5, 31; 10, 43; 13, 38f; 26, 18), d'Roll vun deenen 12 als Zeien (well Zeien ass, wien deen Operstanene gesinn huet; Apg 1, 8; 2, 32; 3, 15; 5, 32; 10, 41; 13, 31). Dës Vv. erënneren un den Ufank vum Buch Dtn, wou de Moses säin Testament mat esou engem Rappel ufänkt (Dtn 1, 1ff), eng Erzielung, déi de Leit deemools wuël bekannt war. –“All d'Vëlleker”, d.h. och d'Net-Judden, d' Heeden; “d'Ëmdenken” = d'Kéier kréien am Liewen, wat bedingt ass duerch d'Vertrauen drop, datt Gott et gutt méngt mat de Mënschen, mat deem Eenzelnen (= am biblesche Sënn, de Glawen). – Hei hu mer erëm den typesche Mouvement aus der Bibel: d'éischt kënnt Gott op d'Mënschen duer, a wann de Mënsch sech duerop aléisst, dann erginn sech doraus praktesch Konsequenze fir dem Mënsch säi Liewen (ëmdenken,...).

Kuckt, ech schécken dat, wat mäi Papp versprach huet... (V. 49)
Hei gëtt ‘Päischten' ugekënnegt (Apg 1, 8; 2, 33); wat ‘Päischte' geschitt ass, ka just a symbolescher Sprooch ëmschriwwe ginn, well mer do nees eng Kéier an deem Beräich sinn, wou sech déi zwou Welten, déi zwou Realitéite beréieren. – Dem Lk säin Evangelium fänkt quasi zu Jerusalem un (cf. Lk 1, 5ff), Jerusalem ass dat geograaphescht Zil vum Jesus sengem Liewen als Wanderpriedeger (cf. Lk 9, 51), a Jerusalem gëtt den Zentrum vu wou aus d'Verkënnegung en neien Elan kritt (cf. Apg 1, 8).

Dunn huet hien si erausgefouert op Bethanien zou; hien huet... (Vv. 50-53)
Dës Vv. sinn d'Conclusioun vum Lk-Evangelium, a si soen a méi kuerze Wierder dat selwescht wéi Apg 1, 1-11. Am V. 53 si mer erëm am Tempel zu Jerusalem, wou déi ganz Erzielung ugefaangen hat (Lk 1, 8). – A verschiddenen alen Handschrëfte feelt d'Himmelfahrt (V. 51), vläicht well an Apg 1, 3ff “Christi Himmelfahrt” op 40 Deeg méi spéit gesat ass. – Fir de Lk ass et wichteg ze weisen, datt d'Passioun-d'Operstéiung an d'Eropgefouertginn an den Himmel (= Ëmschreiwung fir ‘bei Gott') ontrennbar eent sinn. – Et gëtt der déi soen, datt de Participe vum V. 51 (hei iwwersat mat “iwwerdeems hien si geseent huet...”) drop hiweist, 1. datt ‘Christi Himmelfahrt' e Seegen ass, deen ni ophält an 2., datt Trennung net einfach net-méi-do-si bedeit, mee, do-sinn-ënnert-enger-anerer-Form (cf. V. 49). – An dëse Vv. hält eng Etapp op, a gläichzäiteg leet se iwwer an eppes Neits, dat elo ufänke kann, d'Zäit vun der Kierch fir de Lk. Wann een dëst Evangelium liest kéint een sech froen, ier et net och richteg wier amplaz vun ‘et geet weider' ze soen ‘hie geet weider' souwuël geograaphesch wéi zäitlech. – Verschidde Manuskripter hänken ‘amen' hannert de V. 53.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411