Kontext
Am allgeménge ginn d'Kapitelen 13-17 vum Joh als e Ganzt ugesinn; se sinn ewéi verschiddefuerweg Krellen, déi uneneegereit sinn: de Jesus schwätzt mat senge Jünger, an duerch si mat all de Jünger, déi nokommen, vun der Zäit, vu wou un hie “verherrlecht” ass, d.h. och vun eiser Zäit; hie mécht hei quasi säin Testament a seet senge Leit mat Nodrock wat säi leschte Wëllen ass, eng litteraresch Gattung, wéi se méi dacks an der Bibel virkënnt (cf. Gen 49; Dtn33, 1ff; Apg 20, 17ff); op déi Manéier erkläert de Jesus beim Joh de Sënn vu sengem Doud.
Joh 17 gëtt gären ‘dem Jesus säin hohepriisterlecht Gebied' genannt; dësen Titel kënnt awer eréischt aus dem 16. Jhd, vum lutheraneschen Theolog David Chytraeus (1531-1600). – Iwwerhaapt gëtt et erstaunlech vill Erklärungsversich fir Joh 17, wou een awer sielen d'Gefill kritt, datt den Auteur dem Joh gerecht gëtt. Et gëtt sech och gefrot, ier Joh 17 vläicht méi spéit an d'Joh agefléckt ginn ass (ähnlech wéi mer dat och scho bei Joh 8 haten, cf. de 5. Faaschtesonndeg C), well no Joh 16, 33 grad esou gutt 18, 1 (= den Ufank vun der Passioun) komme kéint – den Iwwergank wier net méi abrupt wéi en et elo no 17, 26 ass. – De Joh ass fir eis Mentalitéit deen am schwéiersten zougänglechen, a Joh 17 ass e Musterbeispill dofir: d'Themen an d'Motiver aus Joh 17 gi mat engem ganz begrenzte Vokabular ëm- a beschriwwen; se ginn ugeschnidden, verschwannen an dauchen an enger anerer Konstellatioun erëm op; de Joh schreiwt gären a ‘spiralform', déi et him erlaabt, een Thema vun alle Säiten ze beliichten (wat fir eis ganz ongewinnt, awer am Juddentum ganz normal ass) a jee nom Akzent, deen hie setze wëllt, mam Rhythmus an der Betounung am Saz ze spillen.
Wa Joh 17 da Famill ass mat der litterarescher Gattung vum Testament, da si mer mam Evangelium vun dësem Sonndeg bei der Etapp vum Gebied a vum Seegen fir d'Nofollger (aner Elementer vun dier litterarescher Gattung, wéi mer se a Gen 27, 25ff; am Dtn, a Gen 47-50; Jos 23-24; Tob 14; 1Sam 12; 1Kinn2; 1Makk 2 erëmfannen, sinn de Frënn/der Famill Äddi soen, un d'Vergaangenheet erënneren, d'Frënn/d'Famill ermonteren trei ze bleiwen, iwwert d'Zukunft schwätzen, Nofollger ernennen).
Text
De Jesus huet an den Himmel opgekuckt an huet gebiet:... (Vv. 20-24)
De V. 20 am liturgeschen Text ass zesummegesat aus Joh 17, 1 (woubäi ‘a sot' ‘an huet gebiet' ginn ass) a 17, 20. – Am V. 20 bied de Jesus och fir all déi, déi an Zukunft un hie gleewen; dës Suerg geet duerch d'ganzt Evangelium (cf. 4, 35ff; 10, 16; 11, 52; 12, 20.32; 17, 2). – Doduerch datt Leit un hie gleewen, also d'Léift an der Gemeinschaft liewen (wat fir de Joh ganz wichteg ass), ginn si Zeie fir d'Léift, déi tëscht dem Papp an dem Jong ass (cf. 5, 19f; 10, 15.30; 1Joh 1, 3); si kréien déi selwescht Herrlechkeet vum Jesus, wéi hien se vum Papp kritt huet (cf. V. 3); de Moment vum Jesus senger Passioun ass dee Moment , wou hie verherrlecht gëtt; dës Aart a Weis vum Joh ze schreiwen, ass friem, mee, vläicht hëlleft et, eis drun z'erënneren, datt hien hei ganz no ass beim sougenannte ‘paradoxe chrétien', d.h. datt am Doud (d')Liewen ass. An anere Wierder: fir déi, déi un de Jesus gleewen, ass am Doud Liewen, e Wee, deen hien senge Leit opgemeet huet. – D'Quell an d'Zil sinn, datt si eent sinn (net ‘eens'!), wéi de Papp an de Jong eent sinn; doduerch soll d'Welt (wou jo Leit liewen, déi kënnen d'Kéier kréien) erkennen vu wiem de Jesus geschéckt ass; ‘erkennen' = am biblesche Sproochgebrauch, eng Erfahrung maache mat. – Ee gär hunn = am biblesche Sproochgebrauch, eng aktiv Léift liewen, sech asetzen, sech fir een a Beweegung setzen, sech beréieren loossen = baarmhäerzeg sinn, dat wat gäre mat ‘Näächsteléift' résuméiert gëtt (also net eng romantesch Léift). – Beim Joh huet een ëmmer zwee Feiler: een deen no uewe weist, an och tselwescht erëm erofkënnt (Gott-Jesus-Mënsch an ëmgedréit) an een, deen horizontal geet (Jesus-Mënsch, dee Chrëscht gëtt an dann an der Gemeinschaft vu Chrëscht zu Chrëscht geet an ëmgedréit). An et ass am Jesus senger Persoun, wou déi zwee Feiler sech beréieren.
Gerechte Papp, d'Welt huet dech net erkannt, ma... (Vv. 25-26)
Den hellege Papp (V. 20) ass elo de ‘gerechte Papp' (V. 25); ‘gerecht' op Gott bezunn = am biblesche Sproochgebrauch, de Riichter-Gott geméngt (cf. Dtn 32, 4; Ps 119, 137) an/oder seng Trei a Baarmhäerzegkeet (cf. Ps 7, 18; 9, 5; 96, 13; 116, 5; 129, 4; 145, 17). – Am Zentrum steet, aus der Perspektiv vun de Jünger betruecht, d'Motiv vum ‘Papp/Jong kennen' (Vv. 25de/26ab; kennen/erkennen, cf. supra). Wouranner konkret dat ‘kennen' besteet (wat och schonn zweemol am V. 3 ukléngt), präziséiert de V. 26 als dat definitiivt Resultat vum Jesus senger Offenbarung, senger Missioun. Den Numm = am biblesche Sproochgebrauch, d'Ëmschreiwung vun engem senger Perséinlechkeet oder senger Muëcht. Dem Herrgott säin Numm bekannt maachen = deemno, vu Gott verzielen; fir d'Chrëschten, a fir de Joh nach ganz speziell (cf. déi vill ‘ech sinn'-Aussoen), ass de Jesus d'Bild vu Gott, den authenteschsten Ausdrock vu sengem Wiesen, d.h. duerch säi Liewen, seng Missioun huet de Jesus e bestëmmtend Bild vu Gott gezeechent, an domadder huet hien säin Numm bekannt/offenbar gemeet. Elo ass et un de Jünger, och deenen zukünftegen, d'Relève ze huelen. (De V. 26 ass an der Vergaangenheet an an der Zukunft, d'Géigewaart feelt!) – Elo kann am näächste V. (18, 1) d'Passioun ufänken.