Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

11. Sonndeg am Joereskrees C

$
0
0

Kontext

D'Erzielung vun dësem Sonndeg spillt sech of tëscht dem Jesus, der ‘Fra, déi als Sënnerin bekannt war' an engem Pharisäer. Si steet am Kontext vun engem Verglach tëscht dem Johannes dem Deefer an dem Jesus: och wann de Johannes (Lk 7, 18ff) sech Froe stellt iwwert de Jesus an dësen dann iwwert de Johannes schwätzt (Vv. 24ff), sou gëtt dat d'Geleeënheet fir si zwee géigeniwwer ze stellen, wat d'Leit vun sech aus souwisou scho gemeet hunn (Vv. 33-35) – a wéi fir dës Meenung, déi d'Leit iwwert de Jesus hunn z'illustréieren, kréie mer den Evangelien-Text vun haut verzielt.

- Esou ähnlech Texter wéi Lk 7, 36-50 liese mer och anerwäerts an den Evangelien (Mt 26, 6ff; Mk 14, 3ff; Joh 12, 1ff) wou se am Zesummenhank mat der Passioun ze liese sinn; de Lk geet hei en anere Wee: him ass et nees wicheg ze weisen datt Gott an de Jesus op si fir d'Sënner (cf. dem Jesus säi Program a Lk 4, 16ff; cf. och z. B. Lk 15; 19, 1ff; 23, 40ff).

Text

Ee vun de Pharisäer huet de Jesus gefrot, ob hie mat... (V. 36)
Et ass just am Lk wou Pharisäer de Jesus alt emol fir z'iessen invitéieren (cf. 11, 37; 14, 1); säi Bild vun de Pharisäer, déi effektiv éierlech beméit waren d'Gesetz mat all Komma a Iota anzehalen, ass manner negativ wéi deenen aneren Evangelien hiirt (a vläicht och méi no bei der historescher Wourecht). – De Jesus huet sech (wuertwiertlech) bei Dësch geluecht, wéi dat Brauch war, mam Kapp beim Dësch an de Féiss no hannen ewech gestreckt, zëmools bei méi festlechen Iessen (Cf. 11, 37; 12, 37; 13, 29; 14, 7ff; 17, 7; 20, 46;...).

An där Stad gouf et eng Fra, déi als Sënnerin bekannt war. Wéi... (Vv. 37-38)
Wéi eng Stad? Wéi huet déi Fra geheescht? Firwat ass si eng Sënnerin? Wéi ee Parfum war et? Ma, de Pharisäer huet ‘Simon' geheescht (V. 40). - Dat eent gi mer gewuer, dat anert net, d'Szeen ass ganz skizzenhaft duergestallt, woubäi de Lk normalerweis deen ass, deen seng Biller, Szeenen am meeschten ausmoolt. – Anscheinend war en Haus an deem en Iesse mat Gäscht war, en oppend Haus, wou d'Leit kommen a goe konnten. – Wat ass hei méi ustéisseg: dat, wat d'Fra bei alle Leit (cf. V. 49) zou mécht oder, datt si eng stadbekannte Sënnerin ass, oder éiren déi zwee? – Wann een dem Pharisäer seng Reaktioun (V. 39) liest, da schéngt dat Zweet dat Ustéissechst ze sinn. (Et gouf och de Brauch Gäscht hir Féiss ze wäschen, cf. Gen 18, 4; 19, 2;...; cf. och V. 44.)

Wéi de Pharisäer , deen de Jesus op d'Iesse geruff hat, dat gesinn huet, sot hien sech... (Vv. 39-40)
Mer kréien hei en diskrete Pharisäer gewisen, deen sech Säint denkt, ouni et hoart ze soen oder déi kultesch onréng Fra erausgeheien ze loossen. De Punkt hei ass awer, datt hie méngt ze wëssen, wéi e Prophéit ze sinn huet (cf. den Ufank vum Kapitel, wou de Johannes den Deefer an de Jesus matenee verglach ginn). Hien, e Pharisäer, ee viru Gott Gerechte wees vu wiem een sech kann upake loossen a vu wiem net, hie wees, wéi een, dee vu Gott geschéckt ass, wéi e Prophéit ze sinn huet a wéi net; an hei gëtt et geféierlech: soubal Mënsche méngen, wien och ëmmer si sinn, ze wëssen, datt si gottgefälleg liewen an ze wëssen, wat Gott wëllt a wat net... – De Jesus reagéiert op dat net Ausgeschwatend an de Simon ried säi Gaascht u mat ‘Meeschter'/Rhabbi/Léiermeeschter.

“Zwee Leit stounge bei engem an der Schold,...?” (Vv 41-43)
500 Sëlwermënzen = 500 Dagesléin vun engem Doléiner (cf. z. B. och Mt 20, 2). – De Jesus schéngt hei zu ugangs dem Simon Recht ze gi wann hien sech als méi gerecht gesäit wéi d'Sënnerin, well et wier komesch, wann an der Angab vun deem kuerze Verglach de Simon dee wier, dee 500 Sëlwermënze schëlleg ass an d'Fra déi mat der nëmme 50. – Mee, da gëtt am V. 42 d'Situatioun op d'Kopp gestallt an d'Fro vum schëlleg-sinn, vum Sënner-sinn rutscht eriwwer bei d'Fro no der Léift.

Hien huet sech bei d'Fra gedréit a... (Vv. 44-47)
Hei fänkt et un, datt net nëmmen iwwert d'Fra (net méi d'Sënnerin!) geschwat a geduecht gëtt, mee, datt si mat erageholl gëtt: d'éischt dréit de Jesus sech zu hir an da schwätzt hie mat hir (V. 48). A fir den Nol ganz anzeklappen, widderhëlt hien am V. 47 d'Lektioun aus dier klenger Geschicht iwwert déi zwéin, déi Schold haten (Vv. 41f). – Dem Simon seng Reaktioun kréie mer net verzielt...

Zu der Fra awer sot hien... (Vv. 48-49)
Hei gëtt deen näächste Sprong gemeet: d'éischt vu schëlleg-sinn zu der Léift, an elo vun der Léift zu Sënnen noloossen, woubäi d'Léift (ni eng romantesch Léift, mee ëmmer eng aktiv, déi zu gelieftener Näächsteléift, zu Baarmhäerzegkeet, d.h. Matgefill an sech engagéiere, féiert, also ewech vun sech selwer – wat de Simon a sengem Äifer fir d'Gesetz-anhalen bis ewell net fäerdeg bruecht hat) d'Konsequenz an dat sichtbaart Zeeche vun de nogeloossener Schold/Sënne ass.

An de Jesus sot zu der Fra... (V. 50)
Glawen = Vertrauen hunn an/vertrauen op; an datt d'Fra Vertrauen huet an de Jesus, an dat, wat hie verkënnegt, huet si gewisen duerch dat, wat si gemeet huet; esou krut si Undeel um ‘Shalom', um Fridden hunn, dee méi ass, wéi just kee Sträit, mee e Liewen am Einklang mat Gott, de Mënschen an der Welt; dëse Shalom ass en Zeechen vun dem Messias senger Zäit. D'Fra konnt en neit Liewen ufänken an de Simon a seng Gäscht hu grouss gekuckt. – An d'Leit, déi de Lk liesen/nolauschteren hunn een Element méi am Verglach tëscht dem Jesus an dem Johannes dem Deefer, een Element méi, dat hinne weist wéi a wien de Jesus ass, an a wéi engem Gott sengem Opdrag hie steet.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411