Kontext
D'selwescht wéi an den Evangelie vun deene leschte Sonndeger sinn d'Jünger an der Léier; hei elo kréien si eng mat engem Beispill illustréiert Lektioun driwwer, wat am Gesetz am Wichtegsten ass a wéi et ze liesen/ze verstoen ass.
Am Mk an am Mt (Mk 12, 28-31) gëtt de Jesus zu senge leschten Deeg zu Jerusalem vun engem Schrëftgeléierte gefrot, wat dat éischt/dat gréisst Gebot am Gesetz wier, wourop de Jesus mat Zitater aus eben deem Gesetz, der Torah äntwert an dës Gesetzer méi oder wéinger an de fir hien a seng Nolauschterer aktuelle Kontext setzt. – Hei an eisem Text, ass d'Ausgangsfro eng aner (V. 25, cf. och Lk 18, 18 wou dës Fro och gestallt gëtt) wourop de Jesus och mat dem Verwäis op d'Gesetz äntwert, awer an zwou Etappen: d'1. mat den Zitater aus dem Gesetz aus dem Mond vum Schrëftgeléierten, an 2. méi déiw drop ageet andeems hie selwer eng Äntwert gëtt op den zweeten Deel vu senger Géigefro, nämlech wéi dat Gesetz ze liesen/ze verstoen ass.
Hei stousse mer op eng vun de Schwieregkeete vun der Nofolleg: et gëtt net einfach e Gesetz, deem ‘einfach esou' texto ze follege wier, mee, et geet drëms ëmmer erëm op en Neits ze décidéieren, wéi eng Haltung een an dëser oder dier bestëmmter Situatioun anhuele wëlt oder net.
Text
Een, deen sech am Gesetz auskannt huet, ass opgestan. Hie wollt de Jesus... (V. 25)
‘Een, deen sech am Gesetz auskannt huet', domadder ass wahrscheinlech e Schrëftgeléierte geméngt; de Lk gebraucht dës Tournure nawell gären (cf. z. B. 7, 30; 11, 45f.52; 14, 3). – D'selwescht wéi a Mt 22, 35 stellt de Schrëftgeléierten de Jesus hei op d'Prouw, d.h. datt hien him eng Fal stelle wëlt (anescht Mk 12, 34); méi ënnen am Text gesi mer awer, datt de Jesus an deen, deen sech am Gesetz auskannt huet gutt matenee schwätze kënnen (cf. Vv. 27f. 37). – Wann een net grad e Sadduzäer war (déi net un e Liewen nom Doud gegleewt hunn), da kënnt d'Fro no dem éischte/gréisste Gesetz (wéi am Mk/Mt) am Fong geholl op dat selwescht eraus, wéi hei d'Fro (oder a Lk 18, 18) nom Deelhuelen um éiwege Liewen.
De Jesus sot... (V. 26)
De Jesus stellt zwou Géigefroen – an évitéiert esou sech op d'Prouf stellen ze loossen; deen, deen op d'Prouf stelle wollt, ass elo dee Gepréiften.
De Mann huet geäntwert:... (Vv. 27-28)
De Mann (an net wéi a Mk 12, 29// de Jesus) äntwert mat deem, wat hie geléiert huet, mat den Zitater aus der Torah vun deenen zwéi gréisste Geboter (Dtn 6, 5; Lev 19, 18). – Woumadder hien eigentlech d'Prüfung bestanen huet. – De Lk zitéiert eng griichesch Versioun vum Gebot vun Dtn 6, 5 wou gesot gëtt, de Mënsch sollt Gott gären hu mat sengem ganzen ‘Denken', wou am Hebräesche vum ‘Häerz' Rieds ass – well d'Häerz hirer Iwwerzeegung no déi Plaz war, wou iwwerluecht a geduecht ass ginn.
De Mann awer wollt sech rechtfertegen a sot... (V. 29)
De Mann wëlt wahrscheinlech weisen, wéi Eecht et him mat senger Fro ass. – Eigentlech wier déi Fro fir e Judd deemools iwwerflësseg, resp. d'Äntwert esou evident, wéi d'Äntwert mat den Zitater aus der Torah: dem Schrëftgeléierten säin Näächste ass all Judd, deen net grad aus dësem oder deem Grond kultesch onréng ass (cf. Ex 20, 16f; 21, 14.18.35; Lev 19, 11.13.15ff;...). – Vläicht wëlt de Lk hei de Jesus op déi Fro agoe loossen, well et eng Fro war, déi sech a senger gemëschte Gemeinschaft (Judden- an Heedechrëschten) ganz aktuell a konfliktuell gestallt huet.
Dueropshi sot de Jesus: " E Mann ass vu Jerusalem... (V. 30)
Elo kréie mer gesot, ‘wéi' mer am Gesetz liese mussen. De Mann, ëmt deen et an der Erzielung geet, kréie mer net weider bechriwwen; vläicht spillt d'Erzielung tëscht Jerusalem a Jericho (eng 25 Km), well do d'juddäesch Wüüst dertëscht läit, wou sech vill Banditen opgehalen hunn.
Zoufälleg ass e Priister dee Wee erofkomm. Wéi hien... (Vv. 31-32)
Dëse Priister, d'nämmelecht wéi de Levit (V. 32) hate Chance, datt si net selwer de Raiber an d'Gräpp gefall sinn. – Firwat grad e Priister – de Lk seet et net, vläicht fir datt de Géigesaz am Behuelen tëscht de Vertrieder vum juddesche Vollek (Priister a Levit) an dem Samariter méi ervirstécht. – A wéi dacks a Gläichnesser ginn dräi Persoune mateneen a Verbindung bruecht.
E Samariter awer, deen och ënnerwee war, ass bis bei de Mann komm, a... (Vv. 33-34)
Aus geschichtleche Grënn hunn d'Judden sech net mat de Samariter opgehalen an hunn op si erofgekuckt (cf. Sir 50, 25f; Joh 4, 9). Dem Samariter hei aus der Geschicht ass et awer eegal, ier dee Blesséierten e Judd ass oder net (et gëtt jo och an dem Gläichnes net gesot!); am Géigesaz zu de Vertrieder vum Schrëftgeléierte sengem Vollek, léisst hien sech bis a seng Träipen beréieren (wuertwiertlech fir ‘et huet am Häerz wéi gedoen'); d.h. hie këmmert sech ëmt dee Mann, net well dat an engem Gesetz geschriwwe steet, mee, well et him un d'Träipe geet, hien do leien ze gesinn. (Ueleg gouf op Wonne geschott fir d'Péng ze huelen a Wäin fir ze désinfizéieren.)
Deen Dag drop huet hien zwou Sëlwermënzen... (V. 35)
De Samariter huet kee ‘Bernhardiner-Komplex', mee bezillt de Wiert fir datt deen sech elo weider ëmt de Mann këmmert. – Géigesäitegt Vertraue gëtt gefrot: vum Samariter an de Wiert an ëmgedréit.
Wie vun dësen dräi ass dann elo denger Meenung no... (V. 36)
Et ass net de Mann, deen deenen dräi hiren Näächste war, mee, de Samariter (V. 37) ass, doduerch datt et him un d'Träipe gaangen ass an hien du gehandelt huet ouni ëmzekuken (=baarmhäerzeg war!) dem Mann säin Näächste ginn! – D'Perspektiv vum Ufank vum Gläichnes ass geréckelt! – Et geet hei net ëmt Theorie: dräimol gëtt d'Verbe ‘maache' gebraucht (Vv. 25.28.37)! Näächsteléift ass jo an den Evangelien net eng romantesch Léift, mee, ëmmer erëm (‘wien ass deen Näächst ginn) en Sech-asetzen an en Sech-beréiere loossen (=agapä); dowéinst ass déi ëmgedréinte Fro vum V. 36 esou wichteg. An dat eent Gläichnes gëtt ee Beispill fir dat duebelt Gesetz vun der Gottes- an Näächsteléift, déi net vueneen ze trenne sinn (V. 27).