Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

21. Sonndeg am Joereskrees C

$
0
0

22 De Jesus ass duerch Stied an Dierfer gezunn an huet d'Leit geléiert; esou ass hien säi Wee op Jerusalem zou virugaang.

23 Du sot een zu him: “Här, sinn et der nëmme just e puer, déi gerett ginn?” Hie sot zu hinnen:

24"Gitt iech drun, fir duerch déi schmuel Dier eranzegoen, well ech soen iech: Vill probéieren der, fir eranzegoen, ma si bréngen et net fäerdeg!

25 Soubal den Haushär opgestan ass an d'Dier zougespaart huet, stitt dir dobaussen, klappt un d'Dier a sot: 'Här, maach äis op!', an dann äntwert hien iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt.'

26 Da fänkt dir un ze soen: 'Mir hunn dach bei dir zou giess a gedronk, an op eise Stroossen hues du äis geléiert!'

27 An da seet hien zu iech: 'Ech weess net, wou dir hierkommt. Ewech vu mir, dir alleguer, déi dir soss näischt wéi Ongerechtegkeet opweises hutt! '

28 Dobaussen, do jéimert dir dann a grätscht mat den Zänn, wann dir den Abraham, den Isaak, de Jakob an alleguer d'Prophéiten am Herrgott sengem Räich gesitt, selwer awer erausgehäit gi sidd.

29 Vu Sonnenopgang a Sonnenënnergang, vun Norden a Süde kommen si hier a sëtzen sech am Herrgott sengem Räich un den Dësch.

30 A kuckt, et gëtt Leschter, déi ginn dann déi Éischt, an et gëtt Éischter, déi ginn dann déi Lescht."


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles