Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

31. Sonndeg am Joereskrees C

$
0
0

Kontext

D'Erzielung vun dësem 31. Sonndeg C ass schonn no bei der Passiounserzielung a si kënnt direkt no der Heelung vun engem Blanne bei Jericho (18, 35-43); mer fanne si just nëmme beim Lk (och wann si momenterweis un d'Beruffung vum Steierandreiwer Levi a Lk 5, 27-32//Mk 2, 13-17; Mt 9, 9-13 erënnert). Mer begéinen dann hei zwéi vun de Lieblingstheme vum Lk: 1. der Fro nom Räichtum an dem ‘chrëschtlechen' Ëmgank dermat, an 2. dem Jesus, deen sech de Leit hirer, déi um Bord vun der deemolger Gesellschaft stinn, unhëlt (opfälleg queesch duerch d'Kapitele 15-19).

Text

De Jesus ass zu Jericho ukomm an ass... (V. 1)
D'Heelung vun deem Blanne war bei Jericho; elo ass de Jesus an der Stad selwer ukomm (enger vun den eelste gréissere Siedlunge vun der Mënschheet, déi schonn zënter dem 8. Jordausend viru Chr bewunnt war; am Buch Jos 2-7- kréie mer verzielt wéi d'Eruewerung vu Jericho zu Ugangs vum Anzuch a Kanaan soll vir sech gaange sinn; Jericho = Mound, lune).

Do gouf et e Mann, deen Zachäus geheescht huet;... (V. 2)
Zachäus = Gott denkt u mech. Wuertwiertlech: ‘hie war ieweschte Steierandreiwer'. D'Steierandreiwer ware meeschtens räich, well si fir Roum e bestëmmte Steiersaz hu missten andreiwen; fir ze liewen, hunn si de Leit méi gefrot, wéivill war hinnen iwwerlooss; als Collaborateure mat der kultesch onrénger réimescher Besatzungsmuecht an als Erpresser waren si verhaasst. Esou ass den Zachäus dann och räich, awer eléng, wéi een aus der Erzielung beim Lk eraus ze liesen ass.

Hien huet probéiert de Jesus ze gesinn,... (Vv. 3-4)
Den Zachäus ass virwëtzeg – a kleng. Firwat kréie mer vun deem Detail verzielt? Déi Äntwert, déi am Nootste läit ass, well dee Mann hei ebe kleng war; doranner gouf awer och den Opruff gesinn, sech wéi den Zachäus ze beméie fir (hannert den Institutiounen, hannert dem Hën an hir vun der Geschicht, den Traditiounen,...) eng fräi Siicht op de Jesus ze kréien (V. 4). – Fir sech iwwerhaapt esou ongeschützt ënnert d'Leit ze mëschen, muss den Zachäus schonn eng gehéireg Portioun Courage gehat hunn, well dat war fir ee wéi hien net ongeféierlech.

Wéi de Jesus op déi Plaz komm ass,... (Vv. 5-7)
Den Zachäus wollt nëmme virwëtzen, an elo hëlt de Jesus d'Initiativ sech bei hien Heem z'invitéieren. D'Reaktioun vun deenen anere Leit léisst net op sech waarden, an ass, éierlech gesot, verständlech (V. 7). Domadder mécht de Jesus sech an de Leit hiren Aen selwer mat kultesch onreng, d.h. hie setzt sech selwer mat un de Bord vun der reliéis-ziviler Geselllschaft (cf. 5, 30; 7, 34; 15, 2). Et fällt op, datt de Jesus ‘haut muss' bei hien Heem kommen, well hie bei déi Ausgestousse geschéckt ass (cf. z. B. dem Jesus säi Programm a Lk 4, 16ff).

Den Zachäus awer ass dohigetratt a... (V. 8)
‘Dohigetratt' = ganz feierlech. Den ‘Här' = d'Uried fir deen Operstanen (V. 8a); d'Uried am Zachäus sengem Mond ass wahrscheinlech awer nëmmen eng Héiflechkeetsform. – Hien ass op eemol ganz generéis: hie gëtt fräiwëlleg den Aarmen d'Halschecht; dat Véierfacht, dat hien erëm gëtt ass méi, wéi d'juddescht Gesetz allgeméng am Fall vu klauen, verontreie vu Suen oder Saachen (net vun Erpressung) virgesinn huet (cf. Ex 22, 3.6; Lev 5, 21ff; Num 5, 7; mee, cf. och Ex 21, 37; 2Sam 12, 6; Spr 6, 31) an et entsprécht der Strof, déi d'réimescht Recht fir klaue virgesinn huet.

De Jesus sot zu him:... (Vv. 9-10)
‘E Jong vum Abraham', vu Gebuert? Aus Iwwerzeegung? Duerch dat, wat hie wëlles huet ze maachen? D''Rettung' = well den Zachäus direkt ugefaangen huet ëmzedenken; well hie verstanen huet, datt hien d'Chance kritt huet, net op dat Béist hin, dat hie bis dohinner gemaach hat, jugéiert ze ginn, mee, d'Chance, d'Vertraue krut ze weisen, datt hien (trotzdeem) kapabel ass, Gutts ze maachen (an eiser Liturgie si mer net méi vun Allerhellgen/Allerséilen!). – De leschte Vers schléit duerch d'Motiv ‘retten, wat verluer war' eng Bréck zu de Gläichnesser, déi mer a Lk 15 geliesen hunn.


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411