Kontext
A jiddferengem vun deene véier Evangelie fanne mer eng Erzielung iwwert dem Jesus säi Leiden (Mk 14-15; Mt 26-27; Lk 22-23; Joh 18-19); d.h. alle véier bekennen si sech zum Kräiz – wat deemools net evident war: den Doud um Kräiz war d'Doudesstrof fir Sklaven an Opstänneger; fir e Judd war vu Gott verflucht, wien um Holz houng (Dtn 21, 22f); e réimesche Bierger ass gekäppt ginn, awer ni gekräizegt. – Et kann een esouguer esou wäit goen a soen, déi véier Evangelien géife richteg op d'Passioun duersteieren. – Och wann all Evangelist senger Passiounserzielung säi perséinleche Stempel opgedréckt huet, mat Elementer, déi him a senger Gemeinschaft extra wichteg waren (wéi och soss queesch duerch d'Evangelien), sou hu mer et mat dësen Erzielunge wahrscheinlech mat dem eelste Kär vun der urchrëschtlecher Iwwerliwwerung ze dinn. – No der Erfahrung vun Ouschtere war alles anescht, an de Jesus gouf an engem anere Liicht gesinn – e Brëll duerch deen erduerch säi ganzt Liewen anescht gesi gouf a munnech Froen sech anescht gestallt hunn. - Am Lk gëtt d'Passioun explizit vun 9, 51 uns virbereed, wou de Jesus sech op de Wee erop op Jerusalem mécht; säi Leidenswee entsprécht deem, wat schonn an der Schrëft (eisem Alen Testament) fir de Messias virgesi war (cf. 9, 22; 13, 33; 17, 25; 22, 21-23, 37) well et schlussentlech ëmt dem Jesus seng Ausernanersetzung mat der Muecht vun der Däischtert geet (22, 3. 31f. 35-38. 53; cf. 4, 13); d'Jünger verstinn dat allerdings eréischt no der Erfahrung vun der Operstéiung (24, 27.44). An esou kënnen si dem Jesus säi Wierke viruféieren (= d'Apg ).
Text
... Anerer huet hie gerett, da soll... (V. 35)
Hei ass nach eng Kéier déi drëtt Versuchung aus der Wüüst, déi ukléngt (cf. Lk 4, 9ff) an d'Stëmm aus der Wollek (cf. Lk 9, 35 = eng Uspillung u Jes 49, 7, de leidende Gotteskniecht). – Mär dinn eis méi schwéier mat dëse Referenzen un d'Aalt Testament; wéi d'Evangelien néiergeschriwwe goufen, waren der vill vun deenen Interesséierte Leit (Judden oder Proselyten, also Leit, déi mat dem juddesche Glawe sympatiséiert hunn) deenen dës Aart a Weis vu Léier, dës Aart a Weis vu Katechees gewinnt waren. Dowéinst war fir si villes op den éischte Bléck/op d'éischt Héieren hi verständlech, wou mär eis dru stoussen, well mär dat eben net méi gewinnt sinn.
D'Zaldoten, déi komm sinn, fir him Esseg ze bréngen,... (Vv. 36-37)
An de Vv. 37.38.42 weist de Lk wéi dem Jesus säi Kinnek-si falsch verstane gëtt.
(Engem um Kräiz Esseg, gemëscht mat Waaser, ze drénken ze gi konnt anscheinend direkt déidlech sinn. Anerer awer méngen, deem um Kräiz säin Duuscht ze läsche wier grausam, well et d'Qual verlängert.)
Iwwer him houng e Schëld:... (V. 38)
Vun dësem Schëld verzielen déi véier Evangelien. An et entsprécht dem Brauch deemools, souwuël bei de Judde wéi bei de Réimer, engem Veruerteelte säi Verbriechen de Leit matzedeelen; an de Jesus ass effektiv vum Pilatus als politesche Kinneksprätendant higeriicht ginn. Beim Lk steet just ‘dat hei ass de Kinnek vun de Judden' (wéi beim Mk), wat dem réimesche Brauch entsprach huet; wien dee Veruerteelte war, oder vu wou war hinnen eegal, eléng d'Verbriechen huet si interesséiert.
Ee vun de Verbriecher, déi mat him gekräizegt gi waren,... (V. 39)
Als leschte lästert deen ee Matgekräizegten de Jesus (no den Ieweschte vum Vollek an no den Zaldoten).
Deen aneren awer huet dësem Virwërf gemaach a geäntwert... (Vv. 40-43)
Deen zweete Verbriecher gleewt un dem Jesus seng Onschold (wéi am V. 47 och den Centurio, deen esouguer fënnt de Jesus wier ‘gerecht' gewierscht; de Jesus ass dee Gerechten, dee leide muss , cf. och Apg 3, 14; 7, 52; 22, 14), an, opschonns hien e Verbriecher ass, versicht hien a leschter Minutt d'Kéier ze kréien. – De ‘Kaddisch' ass dat juddescht Gebied, dat och am Kontext vum Doud gebied gëtt; den Tenor an deem Gebied ass, datt dem Herrgott säi Räich entstoe soll (cf. den ‘Eise Papp'!); deem zweete Verbriecher seng Wierder erënneren un de Kaddisch; de Lk bezitt déi Wierder awer op de Jesus, well fir hien de Jesus vum Papp geschéckt ass fir dem Herrgott säi Räich opzebauen. D.h. datt dee Verbriecher hei en immense Credo seet. - Den Doud um Kräiz ass e qualvollen Doud duerch Erstécken: do hält ee wuël kaum nach esou grouss Rieden; also läit dem Lk säi Message entzouch anescht: fir hien ass et wichteg ze weisen, datt de Jesus sech bis zum Schluss deenen Ausgestoussenen hirer unhëlt an et ni ze spéit ass d'Kéier ze kréien.– Dem Jesus seng Äntwert fällt deemno gutt aus: haut nach (de Lk huet ëmmer erëm am Evangelium op den ‘haut' vun der Rettung, vun dem Emdénke gepocht) ass de Verbriecher mat him bei Gott.