
„Halt an, halt an! Wo läufst du hin? Der Himmel ist in dir. Suchst du Gott anderswo, du fehlst ihn für und für“
Mat dësem Lidd hu mir eisen 3. Begéignungsnomëtteg ugefaangen. Vun no a wäit sinn eenzel Persounen oder Gruppen, déi op iergend eng Manéier an engem Besuchsdéngscht an de Porverbänn engagéiert sinn, an d'Mutterhaus bei d'Franziskanerinnen op de Belair komm. Ziel war et, fir e puer Stonne mat Gläichgesënnten ze verbréngen, e bësschen zur Rou ze kommen, zesummen ze iwwerleeën, mateneen an d'Gespréich ze kommen, de Glawen ze deelen, an sech esou géigesäiteg z'ënnerstëtze, fir gestäerkt de Wee an d'Zukunft ze meeschteren.
Am Virbereedungsgrupp, zu deem d‘Monika Tombers, Annette Kieffer, Pascale Fautsch an d'Marie-France Bemtgen gehéieren, hu mir d‘Thema vun der „Baarmhäerzegkeet“ gewielt. Dëst aus 2 Ursaachen: Mir sti kuerz virum 8. Dezember: deem Datum, wou d‘“Joer vun der Baarmhäerzegkeet“ feierlech eröffnet gëtt. Leit, déi sech an engem Besuchsdéngscht engagéieren, si meeschtens ganz sensibel fir dëst Thema. Si huele wouer, wat ronderëm si geschitt; si loossen sech beréiere vun deem wat si erliewen, an si probéieren dëst an hiert Liewen an an hiert Handele mat opzehuelen.
D'Method vum „Bibliolog“, eng Method, déi fir di meescht friem war, huet eis e neien Zougang zum Text vum baarmhäerzege Samariter opgemaach. D'Teilnehmer konnten sech, duerch eng gekonnt Ënnerstëtzung vum Jutta Förtsch, an deen een oder aner Personnage erafillen, Gedanken a Gefiller zouloossen an zur Sprooch bréngen. Eng echt, intensiv a spannend Erfahrung!
Zu dësem Nomëtteg gehéiert och ëmmer e Moment vu Convivialitéit an heizou dierf eng gutt Taass Kaffi an e Stéck Kuch net feelen. Et ass net fir näischt, datt dëse Nomëtteg bei de Schwësteren um Belair statt fënnt.
An engem meditative Kreesdanz huet de Grupp d'Erfahrung gemaach wéi gutt et deet, wann ee bewosst op senger Plaz am Liewe steet. Wéi et sech ufillt, wann een sech weider beweegt, och wann et alt emol hannerzech geet. Op d'Mëtt zougoen, seng eege Mëtt spieren, stoe bleiwen, aushalen, dat alles bréngt Déifgang!
Als Ofschloss hu mir fest gestallt, datt mir zum Begrëff vun der Baarmhäerzegkeet e neien, liewegen Zougank fonnt hunn.
Mat engem Gebiet vum Poopst Franziskus an engem Seegenslidd, an dat mir och all déi Kolleginnen a Kollegen ageschloss hunn, déi dësen Nomëtteg net konnten derbäi sinn, hu mir dësen Nomëtteg ofgeschloss.
Dankbar fir d'Begéinungen a gestäerkt fir di nächst Zäit hu mir eis all op den Heemwee gemaach.