Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

D'Sonndesmass gëtt vu Mertert iwwerdroen

$
0
0

Um 4. Advent, den 20. Dezember, gëtt d'Sonndesmass um 9.00 Auer aus der Kierch vu Mertert iwwerdroen. D'Chorale Mixte Sainte Cécile Mertert séngt ënnert der Leedung vum Albena Petrovic, op der Uergel begleet den Emile Hau.

Den 20. Dezember gëtt d'Sonndesmass um 9.00 Auer aus der Kierch vu Mertert iwwerdroen. D'Chorale Mixte Sainte Cécile Mertert séngt ënnert der Leedung vum Albena Petrovic, op der Uergel begleet den Emile Hau.


D'Chorale Mixte Sainte Cécile Mertert besteet säit 1970, deemools aus enger Fusioun vum Gesangveräin Cäcilia an dem Kierchechouer. Vun deem Dag u sange mer kierchlech a weltlech, mat vill Spaass an Engagement.

Och bei onsem Gesangveräin mécht sech den demographesche Wandel bemierkbar. Mir kënnen dofir an der Chorale Mixte Mäertert nei Sängerinnen a Sänger mat Spaass um Gesank gutt gebrauchen. Noutekenntnisser sinn net onbedéngt erfuerdert.

Sangen…
…mécht Freed a Frënn, entspaant, inspiréiert, verbënnt, beweegt, mécht fräi…
…ass emotional, lëschteg, groussaarteg, schéin…

D'Sängerinnen an d'Sänger an der Chorale Mertert sinn zwësche 25 a 85 Joer jonk a freeë sech ëmmer iwwer nei Memberen. Kuckt emol einfach bei ons eran a sangt mat! Mëttwochs vun 20.00 bis 22.00 Auer prouwe mir an onsem Sall am Centre Culturel zu Mertert nieft der Kierch.

Suivéiert d'Mass hei am AUDIO-Live-Stream an am Replay.

De musikalische Programm vun der Mass

Uergel: EntréeRorate coeli superEmile Hau
AgangsliddPeuples qui marchezJ. Akepsimas
KyrieKyrie eleisonarr. A. Petrovic
ZwëschegesankRorate coeli de superJohn Wies
Credogëtt gebiet
GoweliddAve Maria, si j'avais du clocherarr. J.-P. Schmit
SanctusSaint, saint, le Seigneurarr. A. Petrovic
AnamnèseGeheimnis vum GlawenR. Ponchelet
Vater unserEise Papp am HimmelMarcel Weis
Agnus DeiLa Paixarr. A. Petrovic
KommiounsliddÀ l'image de ton amourJ.-P. Lecot
SchlussliddJoy to the worldG.F. Haendel, arr. L. Mason
Uergel: SortieEhre sei Gott – ChoralfantaisieL. Schippers

Chouer: Chorale Mixte Sainte Cécile Mertert
Dirigentin: Albena Petrovic
Organist: Emile Hau
Solistin (Ave Maria): Conny Gillen


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Trending Articles