
- (Foto by Christophe Hubert [cc by-nc-nd] via phototheque.cathol.lu)
D'Equipe vu cathol.lu wënscht Iech ganz schéin a besënnlech Chrëschtdeeg an e gudde Start an dat neit Joer.
Mir hoffen, Iech och 2016 gutt iwwer d'Liewe vun der Kierch zu Lëtzebuerg z'informéieren. Eis Newsletter Comnews-Aktuell mécht eng kleng Paus bis de 6. Januar 2016. De Site gëtt awer och iwwer d'Feierdeeg regelméisseg aktualiséiert. Kuckt bis eran!
Wann Dir Wënsch oder Virschléi un eis respektiv un d'Homepage fir dat neit Joer hutt, dann zéckt net a schreift eis op comcathol.lu. Merci fir all Propos a Feedback!
Christophe, Dominique, Gilberte, Jim, Raphaël a Roger