(Lk 5,1-11) An der Weltausstellung zu Hannover stoung am Pavillon vum Vatikan mat grousse wäisse Buschtawen op enger schwaarzer Wand: „Durch die Begegnung mit Christus entdeckt der Mensch das Geheimnis seines eigenen Lebens.“
D‘Evangelium vun haut ass d'Illustratioun vun dësem Wuert. Et kënnt zu enger Entscheedung, zu engem neie Liewensofschnëtt fir de Péitrus. Fir d'éischt freet Christus hien einfach: „Dierf ech an däi Boot klammen?“ E fiert mat him eraus, fir datt e besser zu de Leit ka schwätzen. (...)
↧
Christus begéinen
↧