An engem Restaurant sëtzen e puer Frënn zesummen. Si ënnerhale sech, schwätzen, laachen, drénken an iessen ëppes. Nodeems de Kaffi zerwéiert ass, freet ee vun hinnen no der Rechnung. De Garçon wëll wëssen ob hien alles zesummen opschreiwe soll an d'Äntwert iwwerrascht: „Jo, alles zesummen!“ Um Dësch gëtt et op eemol ganz roueg, ee kuckt den aneren un. „Nee, looss dach sinn…“, „Nee, dat kanns du dach net maachen…“ sinn déi éischt Reaktiounen. Deen, deen d'Rechnung gefroot huet, léisst sech awer net ëmstëmmen. (...)
- Spiritualité . Spiritualitéit↧