An de Liesungen vun der Liturgie op Pällemsonndeg gi mir mat der ganzer Komplexitéit vum Jesus senger „Carrière“ konfrontéiert. An de Stroosse vu Jerusalem gëtt hie vum Vollek wéi en Held gefeiert: „Gesegnet sei der König, der kommt im Namen des Herrn.“ E puer Deeg méi spéit ruffen déi selwecht, déi hie kuerz virdrun nach bis an den Himmel gelueft hunn: „Weg mit ihm; kreuzige ihn!“. Esouguer seng enkste Frënn loossen hien am Stach. „Ich kenne ihn nicht!“ seet de Pétrus aus Angscht ëm säin eegent Liewen. (...)
- Spiritualité . Spiritualitéit↧