Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Evangelium vum Héichfest vun den Apostele Péitrus a Paulus [29. Juni] (Joer A - B - C)

$
0
0

13 Wéi de Jesus an d'Géigend vun Cäsarea Philippi koum,
huet hien seng Jünger gefrot:
„Fir wien halen d'Leit de Mënschejong?“

14 Si soten: "Déi eng fir de Johannes den Deefer,
anerer fir den Elias,
nees anerer fir de Jeremias oder soss ee vun de Prophéiten."

15 Hie sot zu hinnen: "An dir,
fir wien haalt dir mech?"

16 De Simon Péitrus huet geäntwert:
"Du bass de Christus,
de Jong vum liewege Gott!"

17 Dueropshi sot de Jesus zu him:
"Glécklech bass du, Simon, Jong vum Jonas,
well net Fleesch a Blutt hunn dir dëst geoffenbaart,
ma mäi Papp am Himmel.

18 An ech soen dir:
Du bass de Péitrus,
an op dëse Fiels bauen ech meng Kierch,
an d'Paarte vun der Ënnerwelt ginn se net Meeschter!

19 Ech ginn dir d'Schlëssele vum Himmelräich;
dat, wat s du op der Äerd matenee verbënns,
ass och am Himmel matenee verbonnen,
an dat, wat s du op der Äerd vunenee lassléis,
ass och am Himmel vunenee lassgeléist."


Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images

Trending Articles