1. Lesung: Jesaja 2,1-5
An enger hoffnungsvoller Visioun gesäit de Prophéit eppes Neies wat geschéie wäert (ähnlech bei Micha 4,1-3): Op de Bierg Zion, wou Gott wunnt (Psalm 43,3), pilgere vill Natiounen. Si si bereet, sech op d'Weisung vu Gott anzeloossen an hir Weeër duerch säi Wuert beliichten ze loossen. Déi Völker, déi op d'Weisunge vu Gott gelauschtert hu, wäerten op d'Feindschaft verzichten an e konstruktive Wee aschloen. Virun allem un d‘“Haus Jakob“ - dat Vollek, dat dem Herrgott gehéiert - geet den Opruff, sech vun Him a vu sengem Liicht féieren ze loossen.
2. Lesung: Réimerbréif 13,11-14a
Den Apostel Paulus rëselt d'Chrëschten op; hie wëllt si waakreg maachen: d'Stonn ass do, d'Zäit (kairos) vum Heel. Fir de Paulus ass d‘Enn vun der Zäit no; e radikaalt Ëmdenken ass ugesoot. Et geet drëm, sech mat senger ganzer Kraaft op d'Liicht auszeriichten, an d'Wierker vun der Däischtert konsequent hannert sech ze loossen. D'Chrëschte solle - wéi bei der Daf - en neit Kleed undoen: d'Kleed mat de „Waffe vum Liicht“ d'Kleed vu Jesus Christus, deen d'Liicht an d'Heel selwer ass. D'Basis vun de Wierker vum Liicht ass d'Gebot vun der Léift, op dat den Apostel higewisen huet (Röm 11,8-10).
Pastoralreferentin
Bibliographie:
Beuken Willem A. M., Jesaja 1-12 (Herders Theologischer Kommentar zum Alten Testament), Freiburg 2003.
Kilian Rudolf, Jesaja 1-12 (Die Neue Echter Bibel Altes Testament), Würzburg 1986.
Schlier Heinrich, Der Römerbrief (Herders Theologischer Kommentar zum Neuen TestamentVI), Freiburg 1977.
Fürbitten
P: Voll Vertrauen biede mir op dësem 1. Adventssonndeg zu Gott eisem Papp am Himmel, deen äis a Jesus Christus zesummeféiert:
- Fir d'Kierch, déi zu allen Zäiten een Instrument vun der Eenheet soll sinn, datt si d‘Mënschen ëmmer nees an der Léift zesumme féiert an e Message vun Hoffnung a Fridden an d'Welt eran dréit. Herrgott, héier ons.
- Pour toutes les victimes de la guerre, de la violence et des catastrophes naturelles, qu'elles soient soutenues par notre prière et par notre solidarité. Seigneur, écoute-nous.
- Fir all Chrëschten, déi grad am Advent méi intensiv op d‘Wuert vun der Helleger Schrëft lauschtere wëllen, datt si nei Kraaft fir hire Liewenswee geschenkt kréien. Herrgott, héier ons.
- Fir déi Mënschen, déi an dëse Wochen ee Wee vun der Emkéier a vun der Versöhnung goe wëllen, datt si de néidegen Courage geschenkt kréien, fir den éischte Schrëtt ze maachen. Herrgott, héier ons.
- Pour nous tous ici rassemblés qui sommes invités à veiller et à renouer dans la prière avec le Christ, que nous osions prendre chaque jour un temps privilégié pour écouter la voix du maître. Seigneur, écoute-nous.
P: Dieu, notre Père, par Jésus Christ ton Fils bien-aimé, éveille en nous la foi, soutiens notre espérance, ravive notre charité et nous annoncerons la venue de ton règne d'amour, de justice et de paix, dès aujourd'hui et pour les siècles des siècles. Amen.