Du bass bereet, fir Dech op en Abenteuer anzeloossen?
Dat Onbekannt mécht Dir keng Angscht, mee ass eng Erausfuerderung?
Du wëlls d‘Spure vu Gott an Dengem Liewen entdecken?
Bereet Dech zu Christus ze bekéieren?
Eng pastoral Rees mam Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich:
Ënnert der Leedung vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich fiert am Summer 2014 e Grupp vun ongeféier 100 Jonker an Thailand.
Du hues Dech un eng Vakanz am ****-Hotel gewinnt a kanns Dir et anescht net virstellen? Wanns Du zwee Deeg laang net an den Internet kënns, bass Du scho kee Mënsch méi?
Da maach Dech prett fir eng grouss Erausfuerderung: Am Norde vun Thailand deele mir d‘Liewe vun de Leit. Mir wunnen, iessen a schaffe mat hinnen. Keng Rees am klimatiséierte Bus mat Wellness-Feeling, dofir eng Zäit, déi Dir ganz nei Erfahrunge schenkt.
Op eiser Rees geet et drëms, fir sech op dat einfacht Liewen anzeloossen. Dobäi kann ee ganz direkt spieren, wat am eegene Liewe wierklech wichteg ass, wat een dréit a wat ee vläit dovun oflenkt. Wien sech dobäi op d‘Sich mécht, kann entdecken, wou Gott sech a sengem Liewe weise wëll. Keng Rees fir Leit, déi wëllen, datt alles sou bleift wéi et schonn ëmmer war!
Programm:
De Programm vun der Rees ass ofwiesslungsräich:
- Mir huelen äis Zäit, fir d‘Liewe vun de Leit an Thailand kennenzeléieren a mat hinnen ze deelen. Duerzou gehéiert en Openthalt vun e puer Deeg ënnert einfache Bedingungen an engem Duerf vun de Karen.
- Wat huet dat mat mengem Glawen ze dinn? An der perséinlecher Relecture an an der regelméisseger Feier vun der Mass versiche mir op de Ruff vu Gott ze lauschteren.
- Donieft hëllefe mer eng Kierch fäerdeg bauen, déi eisen Äerzbëschof, den 31. August op den Hl. Willibrord consacréiert.
- Tëschenduerch gëtt et ëmmer nees Momenter, wou mir äis erhuelen an déi eng oder aner touristesch Attraktioun erliewe wäerten.
Stéchwuert: Karen
D‘Karen sinn eng Minoritéit, déi am Grenzgebitt tëscht Thailand a Myanmar lieft. Dëse Volleksgrupp huet eegen Traditiounen a Sproochen. Nodeems si am Myanmar verfollegt goufen, liewe vill vun hinnen a Flüchtlingslageren am Norde vun Thailand.
Praktesch Informatiounen:
Alter: Dës Rees ass fir Jonker a jonk Erwuessen vu 16 Joer un. Wie méi jonk ass an awer deelhuele wëll, soll sech w.e.g. beim Uwe Franzen mellen.
Datum: Mir fléien den 19. August vum Findel aus fort a kommen de 5. September nees um Findel un. Fir Jonker, déi den 2. September nees an der Schoul si mussen, gëtt méi e fréien Départ ugebueden.
Politesch Situatioun: Mir komme mam Fliger zu Bangkok un a fueren da mat Bussen direkt weider an de Norden vun Thailand. Dës Géigend ass bis elo vun de politeschen Onrouen, déi sech op Bangkok konzentréieren, verschount bliwwen.
Präis:
D‘Participatioun un der Rees kascht 1.250 Euro. Déi réell Käschte leie bei 2.200 Euro. Jiddereen dee kann, ass dofir häerzlech invitéiert nieft den 1.250 Euro och en Don op d‘Fondatioun Ste Irmine fir den Projet Thailand ze maachen. De „Service de la Pastorale“ organiséiert bis de Summer eng Rei vun Aktivitéite fir Suen ze sammelen, z.B. e Spendelaf, eng Auto-Wäsch-Aktioun, de Verkaf vun Iessen a Gedrénks virun engem Supermarché. Duerch säi perséinlechen Asaz huet hei jiddereen d‘Geleeënheet, fir esou en Deel zum Gesamtpräis vun der Rees bäizedroen.
Preparatioun:
Wien un dëser Rees deelhuele wëllt, engagéiert sech och, fir un der Preparatioun deelzehuelen.
Zur Preparatioun gehéieren:
- eng Journée, de 25. Mee mat Participatioun un der Schlussprëssessioun vun der Oktav
- e weidere Weekend vum 20. - 21. Juni 2014
Umeldung:
Bis den 1. Mee 2014 mam Formulaire op der Récksäit vun dësem Flyer an dem Iwwerweise vun 800 € op de Kont:
CCPLLULL IBAN LU49 1111 0036 5061 0000
Weider Informatioune kommen reegelméisseg op thailand2014.cathol.lu