Quantcast
Channel: Service Kommunikatioun a Press - Bistum Lëtzebuerg
Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Eng Picasaweb Fotogalerie op ärer Websäit

$
0
0

Loggt Iech mat ärem Google-Account op http://picasaweb.google.com an.

Klickt op [Transférer] fir nei Fotoen bei Picasa eropzelueden.

JPEG - 13.7 kB

Gidd dem neien Album e Numm a wielt d'Fotoen vun ärem Computer aus. Dir kënnt se an déi gro Rumm rutschen oder op [Sélectionnez des photos...] klicken.

JPEG - 21.6 kB

Wann d'Fotoen eropgeluede sinn, klickt op [OK]. Den Album gëtt gespäichert an dann ugewisen.
Fir d'Beschreiwung vun de Fotoen ze änneren, klickt op [Actions > Légendes].

JPEG - 51.4 kB

Tippt déi nei Beschreiwung bei är Fotoen. All Ännerung gëtt automatesch gespäichert. Wann der fäerdeg sidd, da klickt uewen op [OK].

JPEG - 30.3 kB

Bis elo sidd dir deen Eenzegen deen d'Fotoe ka gesinn. D'Sécherheets-Astellung vum Album muss also geännert ginn wann op ärer Websäit soll eppes siichtbar ginn. Klickt riets op [modifier] a stellt d'Sécherheet op [Réservé aux utilisateurs disposant du lien]. Duerno klickt op [Enregistrer les modifications].

JPEG - 25.2 kB

Maacht am SPIP e neien Artikel, gitt him en Titel a schreift an den Text wat dir wëllt.
Do wou den Album soll gewise ginn, kopéiert dëse Code:


Chargement...


An ärem Album um Picasaweb, klickt riets op [RSS] a kopéiert de Link.

JPEG - 3.1 kB

Ersetzt am Code an ärem Artikel „RSS-Link“ mat dem Link. Déi Zeil gëtt dann eppes ewéi dat hei:

var feed = "https://picasaweb.google.com/data/feed/base/user/10496387...etc.";

Klickt op [Enregistrer] fir den Artikel ze späicheren a kuckt Iech en un. D'Diashow leeft automatesch un. Wann een d'Maus iwwert enger Foto beweegt, erschéngt ënnen eng Zeil wou een d'Diashow ka stoppen a manuell no vir oder no hanne ka bliederen.

JPEG - 61 kB

Wann een op eng Foto klickt geet eng nei Fënster op mam Album direkt vum Google-Server geliwwert. Do kënnen är Visiteuren d'Original-Bild eroflueden.

JPEG - 23.7 kB

Wichteg, wann dir äre Säite NËT op onsem web.cathol.lu Server hutt

Dëst ass just fir déi déi hieren eegene Server hun. Op onsem web.cathol.lu ass dat schons esou fir jiddfereen ageriicht.

Am vun ärer Säit mussen 2 Libraries vu Google geluede ginn:


Ausserdeem musst dir am d'Gréisst vun ärer Diashow uginn, z.B. esou:

.picasaweb { width:590px; height:495px; display:block; margin:0px auto 0px auto; }

Wéi vill Plaz hunn ech bei Google?

Bei Google hutt dir 1 Gigabyte Plaz fir är Fotoen (z.B. 400 Fotoen à 2,5 Megabyte). Wann dir méi Plaz braucht, da kënnt dir déi bei Google kafen, oder einfach déi Albume läschen déi net méi gebraucht ginn. Fir 2,49 $ pro Mount (23,10 € pro Joer, November 2012) kritt dir 25 Gigabyte (fir 10.000 Fotoen à 2,5 Megabyte).

Fanne kënnt dir dëst andeem dir uewe riets op d'Zännrad klickt, dann op [Paramètres], an dann op [Stockage] an dann op [Augmentez votre espace de stockage]. Bezuelt gëtt mat ärer Kreditkaart direkt bei Google.

JPEG - 67.3 kB

Viewing all articles
Browse latest Browse all 10411

Latest Images

Trending Articles